Radio 100,7: Staarke Wand, iwwerduerchschnëttlech Temperaturen & eng Superzell

Et war emol rëm eng interessant Wiederwoch mat där mir et ze dinn haten. Elo am Reen a Bou gëtt et héich Zäit, sech dat ganzt nach eng Kéier unzekucke – gär Blécke mir och kuerz op de Weekend.

Di momentan Wiederwoch huet an haat e bëssen eppes ze bidden. Vu Wand, opfalenden Temperature bis zu Donnerwieder war alles dobäi.

Et ass tatsächlech eng interessant Woch, op déi mir zréckblécke kënnen. Se war variabel, mir haten eng Rëtsch sonneg Momenter an tëschenduerch awer och mol där méi naass Phasen. Den éischte Parameter op dee mir kucken, deen dës Woch erausgestach huet, sinn d’Temperaturen. Ufanks der Woch ware se nach net grad esou héich, um Méinde si Maximalwäerter vun tëscht 10 a knapp 16 Grad gemooss ginn. Duerch d’Zoufuer vu waarme Loftmassen, erëm eng Kéier aus dem Mëttelmierraum, ass et um Dënschde schonn e bësse méi waarm ginn. 13 bis 16 Grad konnte gemooss ginn. An du koum de Mëttwoch, deen de wäermsten Dag vun der Woch war. Den Thermometer ass op Wäerter vun tëscht 18 an 23 Grad geklomm, déi héchst Temperatur gouf un der Kachelmann-Statioun zu Waasserbëlleg mat 22,8 Grad festgestallt. Gëschter um Donneschde war et mat 17 bis 22 Grad nach eng Kéier mëll, mee net méi grad esou waarm. Duerno kucke mir, wéi sech d’Temperaturen an de nächste Stonnen an och de Weekend iwwer entwéckle wäerten.

Vun den Temperature gi mir eriwwer bei de Wand, deen dës Woch och eng Roll gespillt huet. Mir louchen de Mëttwoch ënner enger staarker südwestlecher Stréimung. Dës huet eis net nëmmen déi waarm Temperature bruecht, mee och de méi spierbare Wand. Zu Ëlwe gouf e maximale Wandstouss vu 75,9 km/h gemooss, also e Stuermstouss.

Turbulent war et och um Donneschdenowend: et ass zwar mat der Warscheinlechkeet vun Donnerwieder gerechent ginn, mee dass dunn awer eng Superzell iwwert de Norde vum Land gezunn ass, koum e bëssen iwwerraschend. Am Beräich vun dëser Zell koum et zu Staarkreen a Knëppelsteng, punktuell war de Wand och erëm méi séier ënnerwee. Eng Superzell ass en Donnerwieder mat engem Opwandberäich dee rotéiert. Am Beräich vun engem Superzellendonnerwieder ass d’Warscheinlechkeet vun der Entstéiung vun engem Tornado erhéicht – mee: nach laang net all Superzell produzéiert och wierklech en Tornado. Fir Enn Oktober ass et schonn aussergewéinlech, dës Aart vun Donnerwieder ze gesinn.

Mir hunn de Moment den Hurrikan EPSILON iwwert dem Atlantik. Kéint dësen eist Wieder an iergendenger Aart a Weis beaflossen?

Den Hurrikan EPSILON läit de Moment iwwert dem oppenen Atlantik, net all ze wäit ëstlech vun de Bermudainselen. Duerch en Déif, wat vum nordamerikanesche Kontinent aus a Richtung Island ënnerwee ass & den Afloss vum Azorenhéich gëtt den Hurrikan EPSILON nach am Laf vum Weekend och a Richtung Island – quasi katapultéiert. Zesumme mat dem aneren Déif, sou berechnen et de Moment d’Modeller ECMWF a GFS, soll sech doraus e groussen a stabilen Déifdrockkomplex am Raum Island forméieren – méiglecherweis en Islanddéif. Dëst Déif u sech hätt keen direkten Afloss op Mëtteleuropa oder Lëtzebuerg. Geet et awer dem amerikanesche GFS no, da kéinte sech um Rand vun der Haaptzirkulatioun vun dësem groussen Déifdrockkomplex weider kleng Déifdrockgebitter, sougenannt Randdéifer entwécklen, duerch déi mir am Laf vun der nächster Woch ënner eng méi turbulent Westwiederlag gerode kéinten. Ob dëst wierklech esou kënnt, wees elo nach keen esou richteg. Well et awer interessant ausgesäit, wollt ech dat kuerz an dëser Emissioun uschwätzen. Sollt sech den Trend awer esou ongeféier duerchsetzen, da géif d’Warscheinlechkeet vun den éischten Hierschtstierm heiheem an d’Luucht goen.

Ier dëse méi spannenden Zäitofschnëtt kënnt soll et de Weekend awer zimmlech roueg bleiwen, oder?

De Weekend iwwer leie mir zwar gréisstendeels ënner Déifdrockafloss, mee de Reen ass kee sou e grousst Thema. Op mannst net méi vun haut den Owend un bis an de Sonndenomëtten eran. Haut de Moien huet et flächendeckend gereent, am Nomëtte geet dëse flächendeckende Reen a schaueraartege Reen iwwer – heescht also, dass et just nach punktuell naass gëtt. Deemno wéi ass och mol e sonnege Moment dobäi, dat bei 13 bis 16 Grad. De Samsde starte mir méiglecherweis mat méi décke Niwwelfelder an den Dag eran, ier et méi dréche gëtt. Déi vill Wolleke solle bei maximalen 12 bis 15 Grad awer bei eis bleiwen. Duerch déi gréisser Déifdrockaktivitéit iwwert dem Atlantik soll et de Sonnden erëm bësse méi waarm ginn. Et ginn erëm méi mëll Loftmasse vum Mëttelmierraum hier bei eis eropgeblosen, wouduerch d’Temperaturen op 13 bis 18 Grad klamme kënnen. Et ass, nodeems de Niwwel fort ass, laang frëndlech duerch sonneg Momenter. Vum Owend u gëtt et erëm méi gro well eis lues awer sécher eng Kalfront aus Westen areecht, déi eis an der Nuecht op de Méinden erëm groussflächege Reen brénge kann.