Radio 100,7: Thema Hëtzt & realistesch Temperatur-Aschätzung aus aktueller Siicht

Duerch de Reenmangel gëtt et ëmmer méi dréchen. Elo deiten d’Modeller zousätzlech un, dass immens héich Temperaturen oder esouguer eng Hëtztwell soll op eis duerkommen.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 12.07.2022:

Engem dem et an de leschten Deeg net waarm genuch war, deen däerf sech op déi nächst Zäit freeën – déi, déi anescht denken, awer éischter net sou. Ëmt d’Wiederwelt ginn et de Moment e puer hëtzeg Diskussiounen, mee awer och iwwert de Reenmangel. De Philippe Ernzer erzielt eis elo méi dozou, gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Déi lescht Woch hate mir et schonn kuerz ugeschnidden: wat maachen eis Temperaturen do a nächster Zäit?

Et stellt sech eng immens spannend Situatioun an. Dës ganz Situatioun ënnerdeelt sech awer an zwee Kapitelen: dat engt, méi kloert Kapitel, spillt sech vun haut bis de Samsden of. Dat zweet Kapitel, wat dann vum Sonnden un ugoe soll, gëtt en immens spannend. Kréie mir einfach just immens héich Temperaturen oder kann et esouguer fir rekordverdächteg Wäerter duergoen? An de nächste Minutte kucke mir eis d’Kaarte mol méi genee un.

Da fänke mir un: wéi verleeft dann dat éischt Kapitel?

Wärend dem éischte Kapitel hu mir eng quasi-Héichdrockbréck, déi sech vum Atlantik hier laanscht England bis iwwer Mëtteleuropa erstreckt. Zur selwechter Zäit läit déiwe Loftdrock iwwert dem Südweste vun Europa. Dës Konstellatioun suergt an enger éischter Phas dofir, dass héichsummerlech Temperaturen net nëmmen op Lëtzebuerg, mee och an d’Nopeschlänner transportéiert ginn. Dat bedeit, dass mir haut um Dënschden schonn tëscht 27 an 31 Grad ze erwaarden hunn a muer um Mëttwoch 28 bis lokal 34 Grad. Dëst sinn Wäerter, déi awer nach ganz normal fir e Summer zu Lëtzebuerg sinn.

Dat soll dann awer nach net all ze laang unhalen?

Nee, well sech vum Donneschdenomëtten un en Déifdrockgebitt iwwert dem skandinavesche Raum breetmécht. Dëst Déifdrockgebitt schéckt eng Kalfront mat méi kille Loftmassen a Richtung Süden. Dës kill Loftmassen drécken den héichsummerleche Loftmassen entgéint, wouduerch d’Temperaturen zu Lëtzebuerg e klengen Dämpfer erliewe wäerten. Am Kloertext heescht dat, dass et tëscht dem Donneschden an dem Samsden e Stéckche manner waarm gëtt. Fir den Donneschde wiere nach tëscht 25 an 30 Grad dobäi, just am äusserste Südoste fläit mol nach knapp driwwer. Um Freide wier et mat 22 bis 28 Grad nach e Stéck méi kill, ier et um Samsde mat 25 bis 30 Grad erëm e bësse méi waarm géif ginn.

An dann kënnt jo dat zweet Kapitel.

Dëst kënnt dann direkt hannendrun – an ech wëll direkt betounen, dass et ëmmer nach gewëss Onsécherheete ginn – wat jo och normal ass, well et nach esou laang bis dohin ass.

Dem aktuelle Stand no soll sech vum Sonnden un eng immens Waarmloftblos vu Spuenien & Frankräich aus a Richtung BeNeLux beweegen. Et gëtt also erëm abrupt méi waarm. Fir de Méinden an den Dënschde sollen iwwert dem Kontinent breet verdeelt tëscht 30 a 40 Grad optrieden, punktuell och mol driwwer. Den amerikanesche Modell GFS rechent déi héchst Temperaturen zu Lëtzebuerg fir Dënschdes, den europäeschen ECMWF entweder och fir Dënschdes oder méi fir Mëttwochs.

D’Onsécherheete maache sech also kloer bemierkbar. Vu wéi enge Wäerter géife mir dann schwätzen, wa sech déi ganz Situatioun géif konkretiséieren?

Falls d’Modeller op dësem méi markante Stand géife bleiwen, da wieren dem amerikanesche GFS no um Méinden tëscht 38 an 41 Grad ze erwaarden. Dëst wiere rekordverdächteg Wäerter – an op alle Fall vill ze waarm fir d’Joreszäit a fir lëtzebuergesch Verhältnisser net normal. Den europäeschen ECMWF gesäit et net grad esou wëll, mee ëmmer nach immens waarm: um Mëttwoch, also an enger Woch, wieren tëscht 34 an 38 Grad realistesch.

D’Fro déi sech stellt ass also net déi, ob et waarm gëtt. Et ass méi déi, ob sech déi méi extrem a rekordverdächteg Situatioun duerchsetzt, oder ob et einfach nëmmen immens waarm gëtt, ouni awer dass Allzäitrekorder géife geknackt ginn.

Aus perséinlecher Siicht/Aschätzung hier ass de Beräich vun tëscht 34 an 38 Grad aus aktueller Siicht gesinn als am realisteschsten unzegesinn.

Zu dësen héijen Temperature kënnt ëmmer méi och d’Thema Dréchent op.

Dat kënnt leider och nach mat dobäi. Duerch dat villt héichdrockdominant Wieder kënnt et just heiansdo mol zu e puer Drëppsen op de waarme Steen, mat deenen d’Natur awer net all ze vill ufänke kann. Dem europäeschen ECMWF no reent et bis den 21. Juli héchstens tëscht näischt an lokal mol engem Liter. Den amerikanesche GFS rechent bis de 19. Juli inclus mat genee guer näischt, réischt tëscht dem 20. an dem 22. Juli kéint e klenge Risk fir Schauere mat Donnerwieder bestoen. Sollten dës net optrieden, da kann et sinn, dass et am Land Plaze gëtt, op deenen et quasi de ganze Juli iwwer guer net gereent huet.

Eng Dréchent gëtt also definitiv en Thema, an domat och d’Gefor vu Bësch- a Flächebränn. Gitt dowéinst w.e.g. gutt mat eiser Natur ëm, well se huet et schonn net liicht. Eng ewechgehäiten Zigrett kann duergoen, fir dass e gréissere Brand entsteet.


Eng Jackett oder e Prabbeli kann een also a nächster Zäit Doheem loossen. Merci Philippe Ernzer fir d’Explikatiounen a bis déi nächst Woch.