Radio 100,7: Tornadoen an eise Géigenden, an den USA a soss duerch d’Welt – 2ten Deel

Extrem Wiederevenementer ginn et iwwerall op der Welt, och bei eis. Just vergiesse vill Leit dat ëmmer erëm a fille sech an eisem klenge Lëtzebuerg virun de Gefore sécher. Esouguer Tornadoe sinn hei am Land méiglech.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen


Keng Zäit ze lauschteren? Hei den Text:

Ier mir eis ukucken, wéi een Tornado iwwerhaapt entsteet, musse mir tëschen zwou Zorten ënnerscheeden. Bei engem Typ 1 Tornado entsteet de Loftwirbel un enger Superzell, der stärkster Zort vun Donnerwieder op der Welt. En Typ 2 Tornado huet keen Zesummenhang mat enger Superzell a ka souguer u Schauerzellen entstoen. Dës Tornadoen hunn awer meeschtens eng geréng Intensitéit an zerfalen an Zäit vu wéinege Sekonnen bis Minutten.

Déi leschte Kéier hu mir ënner anerem gesinn, wéi en Tornado entsteet. Dëskéier gi mir op verschidde markant Evenementer aus der Vergaangenheet an, déi nachemol ënnersträiche, wéi beandrockend a geféierlech dës Naturgewalt ass.

Mir fänke mam sougenannten Tri-State Tornado un. Et handelt sech dobäi ëm en Tornado, deen den 18. Mäerz 1925 duerch dräi US- Bundesstaate gezunn ass – Missouri, Illinois an Indiana. De Stuerm huet eng Streck vun 352 Kilometer zréckgeluecht a gouf op der Fujita Skala als F5 Tornado agestuuft. Dëst entsprécht Wandvitesse vu 419 bis 512 km/h. En huet sech mat enger Vitesse vun duerchschnëttlechen 100 km/h virubeweegt. D’Evenement huet ongeféier 5 Stonne gedauert an huet an där Zäit 747 Doudesaffer gefuerdert. 2.298 Persoune goufe blesséiert. De Schued an den dräi Bundesstaate beleeft sech op ëmgerechent 1,5 Milliarden Euro.

E weidert Extrem-Beispill huet sech den 31. Mee 2013 am Bundesstaat Oklahoma ofgespillt. Géint 6 Auer owes hirer Zäit huet sech 13,4 Kilometer west-südwestlech vun der Stad El Reno en Tornado forméiert, deen an Zäit vu wéinege Minutten de breetsten an der ganzer Geschicht sollt ginn. Normalerweis ass en Tornado just e puer wéineg Meter, heiansdo och e puer 100 Meter breet – dësen huet awer alles, wat bis ewell do war, getoppt. Zur Zäit vun der héchster Intensitéit konnt eng maximal Breet vu 4,2 Kilometer festgestallt ginn. Vir e bëssen eng Virstellung vun der Gréisst ze kréien, hei e Beispill. Wier den Tornado mat sengem Kär iwwert den Zentrum vun eiser Haaptstad gezunn, da wier dëse sou breet gewiescht, dass souguer ënnert anerem Beggen, de Findel, Hamm, den Houwald, Gaasperech, Zéisseng a souguer Stroossen nach an der Haaptzirkulatioun vum Tornado gewiescht wieren.

Dat selwecht Beispill mat Ettelbréck: souguer Feelen, de Colmar Bierg an Deeler vun Dikrech wieren ëmmer nach matten dran gewiescht.

Den also breetsten Tornado, deen et bis ewell op der Äerd gouf, huet an Zäit vu 40 Minutten eng Streck vu 26,1 Kilometer zréckgeluecht. Déi héchst gemoosse Wandvitesse louch bei 486 km/h – déi zweethéchst jeemools gemoosse Wandvitesse op der Welt.

De Stuerm ass glécklecherweis gréisstendeels iwwer Felder ewechgezunn, soudass et zu vergläichsweis wéinegen Affer koum. 8 Leit sinn ëmkomm, 151 Persoune goufe blesséiert. Den ugeriichte Schued louch bei 35 Milliounen Euro. Hätt de Stuerm sech réicht méi spéit opgeléist, wier e méiglecherweis op gréisser Stied duergezunn.

Vum wäiten Amerika komme mir elo zréck an eis Géigenden. Den 20. September 1982 huet e staarken Tornado d’Uertschaft Léglise an der Belge, nëmme 15 Kilometer Loftlinn vun eiser Grenz ewech, getraff. Et ass de stäerkste bekannten Tornado, deen an eiser direkter Ëmgéigend entstanen ass. Engem Zeitungsartikel vum Grenz-Echo no huet de Stuerm an Zäit vun 2 Minutten 80% vun der Uertschaft komplett zerstéiert. Aenzeie no huet et nom Tornado sou ausgesinn, wéi wann eng Bomm ageschloe wier. Ganz Diecher goufen ofgedeckt, Haiser sinn deelweis wéi Kaartenhaisercher ëmgeblose ginn. Autoe louche queesch duerch d’Landschaft verdeelt an de Kierchtuerm gouf an dausende Stécker zerfatzt. Duerch Steng an Daachzillen, déi rondremgeflu sinn, goufen 3 Persoune blesséiert. De Schued ass deemools an d’Millioune gaangen. Den Tornado hat an der Moyenne eng Intensitéit vun F3 op der Fujita Skala, also Wandvitesse vun 254 bis 332 km/h. Verschidde Recherche no misst de Stuerm och kuerzzäiteg d’Stäerkt vun engem F4 Tornado gehat hunn, wat Vitesse vun 333 bis 418 km/h entsprécht.

Mir bleiwen a Mëtteleuropa. Am Mäerz vun dësem Joer, also virun e puer Woche réicht, ass e méisseg staarken Tornado iwwer d’Uertschaft Roetgen an der Äifel ewechgezunn. Diecher goufen ofgedeckt an 30 Haiser goufe beschiedegt. Enger éischter Estimatioun no gouf de Stuerm als F2 Tornado agestuft. No weiderer an intensiver Recherche konnt déi korrekt Intensitéit op F3 ofgeschat ginn. Mat Wandvitesse vun iwwer 260 km/h goufen also Steng, Holzplaquen, Isolatiounsmaterial an aner Géigestänn duerch d’Loft gewirbelt. E puer Deeg nom Evenement hunn ech d’Schneis vum Tornado zu Roetgen besicht a réicht wann een dat Ganzt mat den eegenen Aen gesäit, gëtt engem bewosst, wat vir eng Kraaft hannert souenger Naturgewalt stécht. Holzsplitteren stouchen an de Fassaden vun den Haiser, e puer Mauere goufen einfach wechgerass. Och d’Beem hunn e beandrockend Bild hannerlooss: D’Äscht ware gréisstendeels rondremt de Bamstamm gewéckelt, aner Beem goufen einfach wéi näischt ëmgeknéckt an aus dem Buedem gehuewen. Dësen Tornado war just 52 Kilometer Loftlinn vun eiser Grenz fort.

E weidere méi staarke Fall gouf et de 5. Mee 2015 am Nordoste vun Däitschland zu Bützow am Landkrees Rostock. Tëschen 18:45 an 18:50 Auer huet sech un enger Superzell e sougenannte Multi-Vortex Tornado forméiert, also en Tornado mat e puer Wierbelen déi um Buedem quasi “rondremdanzen”. De Stuerm huet d’Uertschaft an Zäit vu wéinege Minutten duerchlaaf a ganz grousse Schued hannerlooss. Et goufe erëm ganz Diecher ofgedeckt a Beem souwéi Stroosseschëlter goufe wéi Fixspéin ëmgeknéckt. Den F3 Tornado huet beispillsweis en Auto 70 Meter wäit fortgedroen, wat op Wandvitesse vun em 270 km/h hiweist. En huet eng Streck vun 13 Kilometer zréckgeluecht. De selwechten Dag sinn am selwechte Bundesland, Mecklenburg Vorpommern, mindestens 5 aner Tornadoen entstanen. Een dovunner hat eng Intensitéit vun F2 an ass an der Géigend vu Groß Laasch entstanen.

Vu Nordostdäitschland komme mir schlussendlech zréck op Lëtzebuerg. Och bei eis huet et scho méi oft gerüsselt. Zanter 2003 goufen 30 Tornado-Verdachtsfäll registréiert, 5 dovunner souguer confirméiert.

Een vun de confirméierte Fäll ass den Tornado vum 28. Juli 2012, deen iwwer Deeler vu Wäisswampech am héije Norden ewechgezunn ass. E war een vun der schwaacher Zort – e gouf als F1 klassifizéiert an huet Wandvitesse vun 118 bis 180 km/h produzéiert. En ass un enger normaler Schauerzell entstanen an huet sech soumadden am Reen verstoppt, och nach “Rain-wrapped Tornado” genannt. De Schued war net all ze grouss. E puer Diecher goufe liicht beschiedegt.

De nächste Fall ass vum 8. August 2014. Am Norde vum Land, zu Munzen an och zu Näidsen, hu sech direkt 2 schwaach Tornadoe forméiert. Een dovunner, deen bei Näidsen, huet kaum Schued hannerlooss. Dee vu Munzen huet eenzel Diecher beschiedegt an ausserhalb vum Duerf den Daach vun enger Scheier ofgedeckt.

Zu Minsbech war den 23. Februar 2015 e ganz schwaacht Exemplar ënnerwee. Den Tornado hat just eng Intensitéit vun F0 an huet mat senge Wandvitesse vu 63 bis 117 km/h just eenzel Äscht an engem Bësch ofgebrach.

Een vun den interessantste Fäll zu Lëtzebuerg hate mir de 16. September 2015. Deen Dag huet 3 Tornado-Verdachtsfäll mat sech bruecht, 2 dovunner konnte confirméiert ginn. En F1 Tornado war zu Recken bei Miersch aktiv an huet d’Diecher vun e puer Scheieren ofgedeckt an iwwer gréisser Distanzen ewechgedroen. En Holzschapp soll souguer 200 Meter wäit fort gedroe gi sinn.

35 Minutten duerno huet sech e weideren Tornado an der Géigend vu Colmar-Bierg entwéckelt. E koum aus Richtung vu Biissen an huet op séngem Wee vir gréissere Schued gesuergt. Am Stade Grand-Duc Henri goufe Bänken mat de Betons-Sockelen aus hiren Halterunge gerass an zerstéiert. Beem, déi ëmgefall waren, louchen um Spillfeld.

Dës ware just e puer vun de confirméierten Tornado-Fäll hei zu Lëtzebuerg. Déi tatsächlech Unzuel bei eis am Land ass allerdéngs onbekannt. Wann en Tornado entsteet, da befënnt dëse sech duerch déi vill Felder a Bëscher meeschtens iwwert engem Gebitt, wou seng Präsenz net besonnesch opfält. Tornadoen sinn e feste Bestanddeel vun eisem Wieder, ginn awer leider gäre verharmloost. Elleng an Däitschland entstinn all Joers 30 bis 60 Tornadoen.