Radio 100,7: Tornadoen an eise Géigenden, an den USA a soss duerch d’Welt – 1ten Deel

Extrem Wiederevenementer ginn et iwwerall op der Welt, och bei eis. Just vergiesse vill Leit dat ëmmer erëm a fille sech an eisem klenge Lëtzebuerg virun de Gefore sécher. Dës an déi nächste Kéier geet et ëm d’Tornadoen, déi eng vun de stäerksten Naturgewalten op eisem Planéit sinn.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen


Keng Zäit ze lauschteren? Hei den Text:

Ier mir eis ukucken, wéi een Tornado iwwerhaapt entsteet, musse mir tëschen zwou Zorten ënnerscheeden. Bei engem Typ 1 Tornado entsteet de Loftwirbel un enger Superzell, der stärkster Zort vun Donnerwieder op der Welt. En Typ 2 Tornado huet keen Zesummenhang mat enger Superzell a ka souguer u Schauerzellen entstoen. Dës Tornadoen hunn awer meeschtens eng geréng Intensitéit an zerfalen an Zäit vu wéinege Sekonnen bis Minutten.

Vir dass een Tornado vum Typ 1 entsteet, muss sech virdéicht eng Superzell forméieren. D’Haaptzutaten dovir sinn: fiichtwarem Loftmassen an e staarke Wandgeschwindegkeets- a Richtungswiessel mat der Héicht, och Wandscherung genannt. En Donnerwiedersystem kann iwwer 12 Kilometer Héich ginn, eng Superzell ënner Ëmstänn bis zu 15 Kilometer an driwwer. Et ginn also vill verschidde Loftschichten duerchbrach, un deenen de Wand bei Superzell-gënschtege Konditiounen aus verschiddene Richtunge bléist an zemools an den méi ieweschte Schichten méi staark gëtt. Et kënnt zu enger horizontaler Verwirbelung.

Wéi bei all Donnerwieder gëtt et och en Opwandberäich. An dësem Sektor ginn déi waarm Loftmasse vum Buedem an d’Donnerwiederwollek eropgedroen. Duerch den Opwand kippt déi horizontal Verwirbelung an der Wollek an d’Vertikaalt – den Opwand rotéiert elo, e Mesozyklon ass entstanen. Gëtt dësen Zoustand iwwert eng Rëtsch Minutte bäigehalen, schwätzt een vun enger Superzell.

Duerch déi enorm Turbulenzen a sou enger gewalteger Superzell sinn dës Donnerwiederen dofir bekannt, och ouni Tornado vir staark bis orkanaarteg Stuermstéiss ze produzéieren. Duerch de staarken Op- an Ofwand am Donnerwiedertuerm ass et net rar, dass gréisser Knëppelsteng entstinn. D’Gréisste leie meeschtens tëschen 1 a 5 cm am Duerchmiesser, et ginn awer och nach wäitaus méi uerg Beispiller. Am Joer 2013 ass zu Reutlingen, am Südwesten vun Däitschland, beim Passage vun enger Superzell e 14 cm grousse Knëppelsteen erofkomm. Dëst ass awer éischter rar.

Wéi entsteet dann elo en Tornado un der Superzell? Den Opwand rotéiert, oft entsteet eng sougenannt “Wallcloud”, op lëtzebuergesch “Mauerwollek”. Ass d’Rotatioun staark genuch, da ka sech aus der Wallcloud eraus eng Triichterwolléck forméieren, also d’Virstuf vun engem Tornado. Areecht dësen Triichter mat der Zirkulatioun de Buedem, da gëtt vun engem Tornado geschwaat. Areecht de Loftwirbel de Buedem net, da bleift et der Definitioun no eng Triichterwolléck, also eng sougenannt Funnelcloud.

E superzellulären Tornado muss net ëmmer de stäerkste sinn. Se sinn awer déi, déi am stabilsten opgebaut sinn. En Tornado vum Typ 2, also een deen net un enger Superzell entsteet, och nach “net mesozyklonalen Tornado” genannt, entsteet u normalen Donnerwiederen a Schaueren. Am Géigesaz zu den Typ 1 Tornadoen brauch en Tornado vum Typ 2 keng grouss vertikal Wandscherung. Se entsti meeschtens am Beräich vun enger Buedemkonvergenz, aus där sech en Donnerwieder oder eng Schauer forméiert. Eng Buedemkonvergenz beschreift e Gebitt, wou um Buedem de Wand openeen duerstréimt. D’Loft ass gezwongen, sech an d’Luucht ze hiewen. Kënnt elo eng schwaach Wandscherung dobäi, da ka sech iwwerdeems sech d’Schauer oder d’Donnerwieder weider opbaut e kuerzliewegen Tornado vum Typ 2 forméieren. Duerch déi geréng Wandscherung sinn dës Tornadoen an de meeschte Fäll schwaach an areeche just niddreg Intensitéits-Niveauen. Se ginn och nach “Landspouts” genannt. Zéien se iwwer Waasser, dann och “Waterspouts”, Däitsch “Wasserhose”.

Wa mir scho vun Intensitéits-Niveauen schwätzen: ginn et eigentlech Stufen, an déi een d’Intensitéiten vun den Tornadoen andeele kann? Am Joer 1971 huet de Stuermfuerscher Tetsuya Theodore Fujita d’Fujita-Skala an d’Liewe geruff. Dës stuft d’Tornadoen op enger Skala vun F0 bis F5, baséierend op der gemoossener Wandvitesse, an. D’Wandvitesse gëtt an de meechte Fäll unhand vu Doppler-Wiederradaren erfaasst.

En Tornado vun der Stuf F0 areecht Wandvitesse vu 63 bis 117 km/h a ka liichte Schued un Haiser provozéieren. E puer Äscht gi vun de Beem gerappt a Bamkroune kënne beschiedegt ginn.

En F1 Tornado packt et op 118 bis 180 km/h. Zille kënne vum Daach geblose ginn an Autoen, déi geparkt sinn, kënne souguer vum Wand verréckelt ginn. Roulotten kënnen ëmgehäit ginn.

En Tornado vun der Stuf F2 entsprécht Wandvitesse vun 181-253 km/h. Ganz Diecher ginn ofgedeckt, Roulotten ginn duerch d’Loft gewirbelt a Beem ginn entwuerzelt. Liicht Géigestänn wéi Steng an Holzsplittere vu Beem ginn zu geféierleche Geschosser.

En F3 Tornado ka mat Vitesse vun 254 bis 332 km/h ganz Diecher a Maueren ewechdroen, grouss Deeler vu Bëscher gi komplett zerstéiert. Camionen an Autoen ginn ëmgehäit, ënner Ëmstänn och ugehuewen. De Wand ass souguer sou staark, dass Zich vun hire Gleise gedréckt kënne ginn.

Bei engem F4 Tornado ass mat extremem Schued ze rechnen. Stabil gebaut Haiser ginn zerstéiert, méi schwéier Elementer souguer fortgedroen. Als Mënsch kann een dës Wandvitessen, déi bei 333 bis 418 km/h leien, just ënnerierdesch an engem Keller iwwerliewen.

Et geet awer nach méi staark: En F5 Tornado. Dëse kann onvirstellbar Wandvitesse vu 419 bis 512 km/h areechen an zerstéiert wierklech alles, wat op sengem Wee läit. Egal wat et ass, et gëtt zu engem liewensgeféierleche Geschoss.

Zanter dem 1. Februar 2007 gëtt d’Fujita Skala duerch eng méi ausféierlech Skala ersat, der Enhanced Fujita Skala. Dës bezitt sech haaptsächlech op d’Schuedensbild, wat am Lafwee vun engem Tornado entsteet. Dës ass bei eis an Europa awer net unerkannt, dat virun allem, well d’Haiser bei eis aneschters opgebaut sinn wéi an den USA.