Dir wëllt matliesen? Hei den Text:
En tropesche Wierbelstuerm ass e grousst Déifdrockgebitt, ëmginn vu ville staarke Schaueren an Donnerwiederen. Nieft enorme Reequantitéite produzéieren des Naturgewalte virun allem richteg staarke Wand, deen all Joers leider vir vill Doudesaffer a grousse Schued suergt.
Vum Juni bis an den Hierscht eran ass Haaptsaison vun den tropesche Wierbelstierm, virun allem am Atlantik an och am westleche Pazifik. Am nordëstleche Pazifik trieden se tëschent dem 15. Mee an dem 30. November op. Iwwert dem nërdlechen indeschen Ozean forméiere se sech vum Abrëll bis an den Dezember eran.
Areecht de Wand vun engem tropesche Stuerm an der Moyenne eng Vitesse vun iwwer 118 km/h, da gëtt an Amerika vun engem Hurrikan geschwat. Obwuel sou een Tropestuerm vum Opbau hier iwwerall ähnlech ausgesäit, gi se net an all Géigend vun der Welt d’selwecht genannt. Am Osten souwéi och am Südoste vun Asien an och am nordwestleche Pazifeschen Ozean, nërdlech vum Äquator, ginn d’Wierbelstierm Taifun genannt.
Am südleche pazifeschen Ozean, dem indeschen Ozean an am arabesche Mier schwätzt een vun engem Zyklon. Dëst gëllt iwwregens och vir d’Géigenden, déi am indeschen Ozean südlech vum Äquator leien, wéi z.B Mauritius, Madagaskar oder un der afrikanescher Ostküst.
Souguer iwwert dem Mëttelmier kann et mol virkommen, dass e Wierbelstuerm entsteet. Dës ginn och nach Medicane genannt a kënne statistesch gesinn eemol am Joer entstoen. Dës Stierm gehéieren awer net wierklech zu den tropesche Wierbelstierm, mä sinn als subtropesch Stierm ze gesinn.
Ier mir eis ukucken, wéini d’Tropestierm e Numm kréien a wéi se de verschiddene Stäerkten zougewise ginn, kucke mir virléicht mol op d’Aart a Weis, wéi des Naturgewalten iwwerhaapt entstinn.
Eng vun de Konditiounen, déi erfëllt musse sinn, vir dass en tropesche Wierbelstuerm entsteet, ass eng héich Waasseruewerflächentemperatur vun de Mierer. D’Temperatur muss mindestens 26,5 Grad bedroen – an do hu mir de Grond, firwat d’Entstéiung vun engem Tropestuerm an eise Breete bal onméiglech ass: d’Mier an eise Géigende gëtt ni esou waarm.
D’Waassertemperatur ass awer nëmmen eng vun e puer weidere Konditiounen. Vir dass et mat der Entstéiung klappt, däerf de Wand net ze staark sinn. En Tropestuerm forméiert sech meeschtens an de verschiddene Passatwandzone vun eiser Äerd. Forméiert sech e groussflächegt Donnerwieder iwwert dem Mier an de Passatwand ass ze staark, da kënnen d’Wolleke keng organiséiert Strukturen unhuelen. Se ginn einfach ewechgeblosen. Zousätzlech däerf d’Loft net ze dréche sinn, well dëst d’Wahrscheinlechkeet vun engem Tropestuerm staark verréngert. Ass d’Loft fiicht an de Wand ass éischter schwaach ënnerwee, da stinn d’Chance schonn däitlech besser.
Waarm Loft iwwert dem Mier steigt am grousse Stil no uewen – an zwar esou wäit, bis se op méi kill Loftmasse stéisst a kondenséiert. Et forméiere sech Schaueren an Donnerwiederen, oft a Form vun engem grousse Klops. Déi Fiichtegkeet, déi an der Loft ass a nach net kondenséiert ass, klëmmt weider no uewen a kondenséiert éischt méi spéit. Bis dohinner areecht se eng Héicht vu bis zu 15 Kilometer. Iergendwann gëtt déi no uewe klammend Loft ëmmer méi dréchen. Dës dréche Loft fléisst elo um Rand vum Schauer- an Donnerwiedersystem erëm no ënnen an iwwert en Ëmwee zréck an den Zentrum vum sech forméierenden Déifdrockgebitt. Et entwéckelt sech also eng Aart Kreeslaf, déi de System um Liewen hält – mee dat geet nëmme, wa stänneg genuch Fiichtegkeet an de System gezu ka ginn.
Eng ganz wichteg Roll spillt d’Géigend, wou dëse Prozess un d’Lafe kënnt. Vir dass sech wierklech e Wierbelstuerm forméiere kann, muss sech de System mindestens 5 Breedegrade vum Äquator fort befannen. Soss kann d’Corioliskraaft vun der Äerd de System net a Rotatioun versetzen. D’Corioliskraaft gëtt duerch d’Rotatiounskraaft vun der Äerd ausgeléist. Dohier kann de Wand z.B vum Äquator aus net riicht a Richtung Nordpol blosen, mee gëtt no riets ofgelenkt. Dat selwecht gëllt a Richtung Südpol, do gëtt de Wand no lénks ofgelenkt.
Net nëmmen d’Corioliskraaft ass wichteg. Am Zentrum vum zukünftegen Tropestuerm entsteet duerch de gerénge Loftdrock e Wierbel, deen d’Loft no bannen zitt. Zur selwechter Zäit gëtt et awer nach d’Zentrifugalkraaft, also d’Fléikraaft, déi d’Loft no baussen dreift. D’Zesummesetzung aus Corioliskraaft, der Wirbelbeweegung an der Zentrifugalkraaft bestëmmt, wéi staark d’Loftmassen an engem Tropestuerm ronderëm hir eegen Achse dréinen.
Am Zentrum vum Tropestuerm forméiert sech no enger Zäit dat berühmt Aen vum Stuerm. Dëst ass een tësche 4 bis 200 Kilometer breede Beräich, wou et quasi Wandstëll ass. Wann een am Aen drastoe géif, da géif ee ronderëm sech eng enorm Wollékemauer aus kräftegen Donnerwieder gesinn. Dës Wollékemauer gëtt och nach Eye Wall genannt. An dëser Eyewall ginn d’Loftmassen no uewe gezunn, um banneschte Rand vum Aen sickert d’Loft awer lues a lues of. Am Aen vun engem Tropestuerm ass de Loftdrock esou niddreg, dass e Barometer, wéi een en an all Buttek kritt, näischt méi uweist. Am Oktober 2005 konnt am Zentrum vum Hurrikan Wilma e Loftdrock vun 882 hPa festgestallt ginn – e Rekordwäert. Duerch den Ënnerdrock ka sech de Mieresspigel souguer em 1 Meter hiewen, wat a Punkto Stuermflut och eng Roll spillt. An der Eyewall trieden déi héchst Wandvitessen op.
Wéini kréien des Tropestierm e Numm a wéi kënne se bestëmmte Stäerkten zougewise ginn? An Amerika gëtt et d’Saffir Simpson Skala, déi haaptsächlech am karibesche Mier, Golf vu Mexiko, Atlantik an am Nordostpazifik ugewannt gëtt. Triede Wandvitesse vun 63 bis 118,5 km/h op, ass et en tropesche Stuerm. Soubal dësen eng mëttels Wandgeschwindegkeet vun 118 km/h areecht, kritt en e Numm a gëllt als Hurrikan vun der éischter Kategorie. Dës Kategorie geet bis 153 km/h, mee do ass nach vill Loft no uewen. D’Hurrikan-Skala geet nämlech bis 5. Erreecht de Wand op mannst 250 km/h, da gëtt de Stuerm an déi 5t a lescht Kategorie op der Saffir Simpson Skala klasséiert. Wéi scho betount, spillt bei de Kategorien nëmmen déi gemëttelt Wandvitesse eng Roll. D’Wandstéiss kënne wäit driwwer leien, wat dës Stierm ëmsou nach méi geféierlech mécht.
D’Saffir Simpson Skala war nach ni eng pur Wandvitesse-Skala. Vu 1973 bis 2009 gouf och nach de Loftdrock an déi potenziell Stäerkt vun enger Stuermflut mat an d’Kategorien abezunn.
Sou wéi d’Skala haut ass, ka se och vir d’Taifunen benotzt ginn – just dass ab 241 km/h vun engem Supertaifun geschwat gëtt. Bei engem Zyklon gesäit d’Skala e bëssen aneschters aus: bei Wandvitesse vun 63 bis 88 km/h gëllt hei schon déi éischt Kategorie, a vun 200 km/h un ass et en Zyklon vun der 5ter Kategorie.
Dëst war den éischten Deel zum Thema Tropestierm. Am zweeten Deel gi mir, haut an zwou Wochen, op e puer weider Detailer an a kucken eis déi markantst Wierbelstierm aus der Vergaangenheet un.