Radio 100,7: Tropestierm am Atlantik, Pazifik, indeschen Ozean a Mëttelmier – 2

Nodeems mir op dat allgemengt Entstoe vun den tropesche Wirbelstierm gekuckt hunn, kuckt de Philippe Ernzer zeréck op e puer markant Beispiller aus de leschte Joren. D’Rekorder kann een net nëmmen op d’Wandvitesse beschränken, mee och op de Schued, deen ugeriicht gouf, de Loftdrock, Nidderschléi, Gréisst a Mënschen, déi leider net iwwerlieft hunn.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Dir wëllt matliesen? Hei den Text:

Mir fänken un mat engem besonnesch tragesche Fall, dee bis op den 8. November 1970 zréckgeet. Deen Dag huet sech den Zyklon Bhola iwwert dem Golf vun de Bengalen forméiert, also südëstlech vun Indien. En huet sech a nërdlech Richtunge virubeweegt an dobäi weider verstäerkt. De 9. November 1970 gouf e vum indesche Wiederdéngscht als tropeschen Zyklon klassifizéiert, iwwerdeems de Stuerm awer un Zuchvitesse verluer huet. Ier e bal ganz op der Plaz stoe bliwwen ass, huet e sech den 10. November 1970 erëm virubeweegt. En huet eng nordnordëstlech Zuchrichtung ageluecht a sech op e Neits intensivéiert.

De Stuerm huet tëschent dem 8. an dem 11. November 1970 am Gangesdelta zu besonnesch intensive Reefäll gefouert. An der Nuecht vum 12. op den 13. November 1970 huet de mëttlerweil als schwéieren Zyklon agestuufte Stuerm d’Küst vun Ostpakistan areecht. D’Aen vum Stuerm louch an der Géigend vu Noakhali an ass vun do aus weider an d’Land eragewandert, vir sech do ofzeschwächen.

Duerch dësen extreme Stuerm sinn tëschen 300.000 a 500.000 Mënschen ëm d’Liewe komm. Ënnersichunge no soll d’Stuermflut eng ganz grouss Roll gespillt hunn, well sech d’Wellen bis zu 10 Meter héich opgetiermt haten. Et war net nëmmen den déidlechste Wierbelstuerm vun der Geschicht, mee gläichzäiteg och eng vun den déidlechste Naturkatastrophen iwwerhaapt. De Materialschued huet sech op ëmgerechent deemoleg 86,4 Milliounen USD belaf.

Kucke mir eriwwer op den atlanteschen Ozean. De 15. Oktober 2005 huet sech den Hurrikan Wilma südwestlech vun Jamaika forméiert. Et war de 24. tropesche Stuerm, deen sech an der Saison vun 2005 forméiert huet. Den 18. Oktober huet de Wierbelstuerm déi éischt Kategorie op der Saffir Simpson Skala areecht. An Zäit vu nëmme 24 Stonne konnt sech d’Wilma zu engem Hurrikan vun der 5ter Kategorie verstäerken. An der Moyenne huet de Stuerm Wandvitesse vun 295 km/h produzéiert.

Den 20. Oktober 2005 war de Stuerm ongeféier esou grouss wéi Däitschland, huet sech awer e Stéckchen ofgeschwächt. Dohier gouf en op déi véiert Kategorie erofgestuuft.

Mat Wandvitesse vun 230 km/h huet d’Wilma den 21. Oktober 2005 d’Stad Cancún, net wäit ewech vu Yucatán, areecht. En hat eng Zuchvitesse vu nëmme 6 km/h. Dëst war de Grond, firwat d’Aen vum Stuerm wärend ganzer zwou Stonnen iwwert der Cozumel-Insel positionéiert war. Et gouf zu deem Zäitpunkt kee Wand a vill Sonn registréiert, iwwerdeems een an enger Distanz vu 25 Kilometer an all Richtung d’Grenz vum Aen vum Hurrikan gesinn huet.

Vun do aus ass d’Rees a Richtung Golf vu Mexiko virugaangen. Den 22. Oktober 2005 huet sech de Stuerm do zu engem Hurrikan vun der zweeter Kategorie ofgeschwächt, vir sech de 24. Oktober 2005 un de Florida Keys erëm zu engem Kategorie 3 Hurrikan ze verstäerken. De 25. Oktober 2005 huet sech d’Wilma ofgeschwächt an ass ëmmer méi zu engem außertropeschen Déif ginn, wat eis a Mëtteleuropa Reen a Wand bruecht huet.

Den Hurrikan Wilma huet vir 63 Doudesaffer gesuergt an et gouf Schued am Wäert vun 28,9 Milliarden USD ugeriicht. De Stuerm hält bis haut mat nëmmen 882 hPa de Rekord vum niddregste Loftdrock vun engem Hurrikan am Atlantik.

De Loftdrock kann awer nach méi wäit falen. De 9. Oktober 1979 gouf den Tropestuerm TIP zu engem Taifun an huet sech an Zäit vun zwee weideren Deeg iwwer waarmem Mierwaasser zu engem Supertaifun weiderentwéckelt. Dës Intensitéit ass gläichzesetzen mat engem Hurrikan vun der 5ter Kategorie. Den 12. Oktober 1979 huet den TIP gemëttelt Wandvitesse vun 305 km/h produzéiert, de Loftdrock ass op 870 hPa gefall. Dat ass de niddregste Loftdrock, dee jeemools op der Äerd an engem Stuerm gemooss ginn ass. De Supertaifun huet zum Zäitpunkt vu sénger héchster Intensitéit eng Gréisst vun 2.200 km am Duerchmiesser ugeholl. Fir eng besser Virstellung dovunner ze kréien: Wann een d’Mëtt vun Däitschland als Ausgangspunkt hëlt, an dann e Radius vun 1.100 km anzeechent, da gëtt däitlech, wéi riseg dëse Stuerm war. De Groussdeel vu Mëtteleuropa wier matten dra gewiescht, dozou gehéiert souguer nach England, de Süde vu Schweden, de Norde vun Italien, de Weste vu Rumänien a souguer den äusserste Weste vu Russland. Et war de gréissten Taifun, deen et op der Äerd bis ewell ginn ass.

Tropesch Wierbelstierm brénge net ëmmer de stäerkste Wand mat sech, mee heiansdo och enorm Reequantitéiten. De 15. Januar 1980 huet sech nordëstlech vu Mauritius eng tropesch Stéierung forméiert, déi sech den 18. Januar 1980 zu engem Tropestuerm virunentwéckelt an de Numm “Hyacinthe” kritt huet. De Stuerm huet gemëttelt Wandvitesse vun em 130 km/h areecht, war also vum Wand hier net all ze staark. En hat keng fix Zuchrichtung, mee huet ëstlech vu Madagaskar e puer Ronne gedréit. Dëst hat d’Konsequenz, dass virun allem iwwert der klenger Insel Réunion vum 14. Januar bis den 28. Januar 1980 6.083 l/m² erofkomm sinn. Vir ze vergläichen: Zu Lëtzebuerg reent et an der Moyenne 863 l/m² am Joer. An Zäit vu nëmme 14 Deeg ass zu Réunion also méi wéi dat 7 facht erofkomm. 25 Mënschen sinn un den direkten Auswierkunge vum Stuerm gestuerwen. De Schued huet sech op 167 Milliounen USD belaf.

Fir den deierste Stuerm op der Welt ze fannen, musse mir zréck a Nordamerika. Den 23. August 2005 huet sech d’Depressioun vum zukünftegen Hurrikan Katrina bei de südëstleche Bahamainsele forméiert, den 28. August 2005 gouf de Stuerm op déi 5t Kategorie vun der Saffir Simpson Skala eropgestuuft. Zu dëser Zäit goufe gemëttelt Wandvitesse vun 280 km/h a Wandstéiss vu bis zu 344 km/h registréiert, de Loftdrock ass op 902 hPa gefall. An de fréie Moiesstonne vum 29. August 2005 gouf d’Katrina op déi 4t Kategorie erofgesat an ass bei Buras-Triumph zu Louisiana u Land gaangen. Doropshin huet de System séier u Wandvitesse verluer, soudass de Reen no a no an de Fokus geroden ass. 1836 Mënschen hunn de Stuerm net iwwerlieft an et gouf Materialschued am Wäert vun 125 Milliarden USD ugeriicht.

Et war den eenzegen tropesche Wierbelstuerm, dee souvill Schued ugeriicht huet – bis den 2. September 2017, wou den Hurrikan Harvey vir ähnleche Schued gesuergt huet.

A wéi engem Wierbelstuerm ass dann de stäerkste Wand opgetrueden? – Tornadoen ausgeschloss. Bis den 10. Abrëll 1996 gouf déi héchst offiziell gemoosse Wandvitesse um Mount Washington am US-Bundesstaat New Hampshire mat 372 km/h registréiert. De Rekord gouf awer dunn vum Zyklon Olivia, knapp nordwestlech vun Australien, gebrach. An der Moyenne huet e mat 230 km/h geblosen, an de Spëtzte konnten awer bis zu 410 km/h festgestallt ginn. Et ass soumat de stäerkste net-tornadesche Wandstouss, dee bis ewell op der Äerd gemooss ginn ass.

Et gëtt nach esou villes zu de Rekorder vun tropesche Wierbelstierm ze soen, wat awer zäitlech gesinn net méi an des Episod passe géif. Mat all dem, wat mir awer elo héieren hunn, gehéieren des Naturgewalten definitiv zu de schlëmmsten an zur selwechter Zäit och zu de beandrockendsten op eisem Planéit.