Radio 100,7: Update zu der grousser Keelt aus Russland

Mir wëssen, dass sech e grousst Héichdrockgebitt iwwer Russland breetgemaach huet. D'Fro déi sech ëmmer nach stellt ass déi, wéi wäit sech d'Héich an domat och déi grouss Keelt demnächst an eis Géigenden hi beweegt. De Moien hu mir um Radio 100,7 en Update gemaach.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 28.11.2022:

An de leschten Emissiounen hu mir ëmmer erëm gespaant op déi neist Wiederkaarten iwwer d’Thema Keelt & Wanter gekuckt. Och dës Kéier maache mir dat erëm – gudde Moie Philippe Ernzer.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

De Wanter ass, wéi all Joer ëm dës Zäit, e grousst Thema. Déi nächst Deeg ginn immens spannend – mee ier mir op déi neist Erkenntnisser dozou aginn maache mir nach e kuerzen Update iwwert de Wanter generell.

Virun enger gudder Zäit hate mir jo schonn mol en Iwwerbléck doriwwer gemaach, wéi sech dann de Wanter am Allgemengen esou entwéckle kéint. Dobäi hu mir eis op Laangzäitberechnunge bezunn, dat vun der amerikanescher esouwéi awer och europäescher Säit. Et gëtt Zäit, e frësche Bléck op dës Kaarten ze geheien – et huet nämlech e bëssen eppes geännert. Fir unzefänke kann ech awer soen, dass weiderhin all Mount e Stéckchen ze waarm berechent gëtt.

Den Dezember, deen jo elo geschwënn ugeet, weist sech normalerweis mat enger duerchschnëttlecher Temperatur vun 2,3 Grad. Dem amerikanesche Laangzäitmodell no soll dëse Wäert méiglecherweis ëm 0,5 Grad iwwertraff ginn, den europäesche Modell geet och vun enger Anomalie vun ëm 0,25 Grad aus. Klengt net no vill, mee denkt drun, dass et sech heibäi all Kéiers ëm Duerchschnëttswäerter handelt. Reenméisseg kéint eis e klengen Defizit vun ongeféier 10 l/m² ustoen.

D’Duerchschnëttstemperatur vum Januar, déi bei 1,4 Grad läit, kéint de neiste Berechnunge no och ëm 0,25 bis 0,5 Grad iwwertraff ginn, iwwerdeems och erëm e gerénge Nidderschlagsdefizit berechent gëtt.
De Februar soll 0,5 bis 1 Grad ze waarm ginn – dobäi läit déi duerchschnëttlech Februartemperatur bei eis bei 2,2 Grad. Nidderschlagstechnesch sollte mir an engem normale Beräich erauskommen.

Wéi vill hunn dës Berechnungen dann elo am Verglach zu der leschter Kéier geännert?

Den éischte Laangzäitbléck hate mir Ufanks Oktober gewoot – dohier ass dëst eng berechtegt a virun allem och interessant Fro. Viru kuerzem hat ech jo nach matgedeelt, dass d’Laangzäitmodeller amgaange wieren, d’Temperaturanomalie fir déi nächst Méint ëmmer méi wäit zréckzerechnen – also a Richtung normale Beräich. De neie Stand weist awer elo, dass et leider erëm méi an déi aner Richtung ze goe schéngt. En ze waarme Wanter ass also definitiv méi warscheinlech wéi en duerchschnëttlechen.

Wéi ëmmer heescht dat awer net, dass dëse Wanter kee Schnéi erofkënnt. Trotz iwwerduerchschnëttlech ze waarme Méint sinn dotëscht trotzdeem méi kill Phase mat Schnéi méiglech.

Kill Phasen mat Schnéi – ass dat dann eppes, wat eis och elo geschwënn beschäftege kéint?

Déi lescht Kéieren hu mir jo och ëmmer erëm fir déi no Zukunft vu potenzieller Keelt geschwat – an dës Keelt ass och haut ëmmer nach an de Wiederkaarten dran.

D’Situatioun ass jo déi, dass sech en onbeschreiflech grousst Héichdrockgebitt iwwer Russland breetmaache wäert, wat esouguer bis an eis Géigenden eriwwer reecht. Parallel dozou soll sech a Richtung Mëttelmierraum a nach méi wäit südlech eng ganz Rei mat Déifdrockgebitter ausbilden. Dëst Stréimungsmuster féiert an éischter Linn dozou, dass d’Stréimung definitiv primär op Osten dréint an esou och e gudde Batz Keelt an eis Géigenden transportéiere kann. Et verleeft awer, wéi ëmmer, net ëmmer alles op enger riichter Linn, an dowéinst stinn direkt e ganze Koup méiglech Optiounen an de Raum, wéi sech dëse groussen Zenario bei eis heiheem ausspille kann.


Déi momentan Berechnung vum amerikanesche Modell GFS fir de 14. Dezember 2022 | Grafik: wxcharts.com

Gerode mir déi voll ëstlech bis nordëstlech Stréimung, da gëtt et richteg kal. Erwësche mir méi eng südëstlech Stréimung, da gett et wuel och kal, mee net esou immens kal wéi am Fall vun den anere Léisungen. Eng weider immens interessant Léisung wier déi, dass sech d’Keelt sécher iwwer Mëtteleuropa leet an dann iergendwann och mol spontan kann en Déifdrockgebitt vun der Nordséi hier kommen, wat genuch Fiichtegkeet mat sech bréngt, dass et schneie kann. Fir d’Fro ze beäntferten: jo, d’Potenzial ass do.

Wat ass dann däin Fazit wanns du op déi neist Kaarte kucks?

Ech sinn ëmmer nach dobäi, dass et sécher méi kal gëtt bei eis. Wéi intensiv d’Keelt bei eis kënnt, steet leider ëmmer nach an de Stären – mee wann et geschitt, dann op alle Fall iergendwann tëscht dem 7. an dem 14. Dezember. An et heescht och ëmmer nach, dass et an éischter Linn kal gëtt. Duerch déi ëstlech Stréimung hu mir et dann nämlech mat kontinentaler Loft ze dinn, déi net wierklech dofir geegent ass, Schnéischauere bei eis auszeléisen. Dofir wieren aner Zutate néideg.

Fir ofzeschléisse kucke mir dann och nach kuerz op de Verlaf vun dëser Woch.

Dës Woch wäert sech net vill anescht weise wéi déi lescht Woch. Mir leien ëmmer nach an enger Zopp mat liichtem Déif- esouwéi och Héichdrockafloss. Et ass oft wollekeg, Niwwelfelder sinn ze erwaarden – sonneg Momenter sinn awer och mol dobäi. Wat de Reen ugeet ginn vum europäesche Wiedermodell grad emol tëscht 4 a 6 l/m² bis de Sonnde berechent, wat wierklech net der Ried wäert ass. Et geet also mat deem gezopps virun, bis Enn der Woch gëtt et och e bësse méi kill.


Merci Philippe Ernzer fir dësen ausféierleche Bléck op déi neist Wiederkaarten. Da si mir gespaant, wéi et de Freiden ausgesäit.