Radio 100,7: Wanterlech Entwécklunge weiderhi schwiereg

D’Chancen op Schnéi si net déi bescht, an dat schéngt demnächst och esou ze bleiwen.

Advertisement

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 09.01.2023:

Mir wëssen, dass et de Moment däitlech ze waarm dobaussen ass. D’Chancen op Schnéi sinn also net déi gréisst, mee awer trotzdeem net ganz null. Wéi et fir déi nächst Zäit ausgesäit, dat erzielt eis elo de Philippe Ernzer. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Et ass Januar. Also deen Mount, an deem et normalerweis méi oft zu Schnéi an och markanter Keelt kënnt. Dës Kéier gesäit et awer alt erëm anescht aus.

D’Wiederlag de Moment bréngt immens vill Beweegung mat sech, besonnesch iwwert eise Käpp. Bei eis um Buedem mécht sech dat Ganzt eben als zimmlech variabelt Wieder bemierkbar – a well den Trend och an de nächsten Deeg a méiglecherweis esouguer Woche net ze ännere schéngt, kéint et nawell zimmlech eentéineg wierken wéi d’Wieder dobaussen ass.

Trotz dëser quasi festgesater Westwiederlag ginn et eenzel Punkten, déi een awer am Aen hale muss. Dës sinn de Wand, de Reen a reng aus der Sich no wanterlechem Wieder eraus och de Schnéi.

Fänke mir mam Schnéi un, well deen ass de Moment am meeschte vun de Wanter-Frënn gefrot. Och an de Ski-Gebitter ginn et “Schwieregkeeten”.

Wat de Schnéi betrëfft ass et de Moment zimmlech schwiereg bei eis heiheem, fir dass sech deen duerchsetze kann. Mee och wa mir elo vu Lëtzebuerg aus fort a Richtung Alpen an d’Ski-Gebitter kucken, hunn se et och dohanne mat engem grousse Schnéi-Defizit ze dinn. Zréckzeféieren ass dat alles natierlech op déi vill ze héich Temperature fir d’Joreszäit. Allgemeng ass duerch de Klimawandel an déi vill méi séier Erwiermung wéi geplangt an de Wanteren och mat manner Deeg ze rechnen, un deene Schnéi läit. Genee dat mierke mir de Moment.

Siche mir awer elo nom Schnéi heiheem, dann ginn et tatsächlech e puer eenzel Chancen. Wéi déi lescht Kéier awer schonn gesot, soll an däerf ee sech dovun net all ze vill erwaarden. Wa Schnéi erofkënnt, dann just wärend enger kuerzer Period a net iwwer Deeg unhalend. Dat selwecht gëlt och fir eng potenziell ganz dënn Schnéicouche, déi no e puer Stonne schonn erëm ka fort sinn.

Wéini bestinn bei eis déi nächst Warscheinlechkeeten a wat hänkt domat zesummen?

Déi nächst Warscheinlechkeet op Nidderschléi a Form vu Schnéi, oder op mannst mol Schnéireen, hu mir de Modeller no tatsächlech elo de Moment. Aus Westen drécke méi kill Loftmassen eran, dat mat ëm -2 Grad op 1,5 Kilometer Héicht. Fir richtege Schnéi fir de Gros vum Land missten et tëscht -5 a -10 Grad sinn. Dës -2 Grad do déngen also fläit mol fir déi eng oder aner Flack, déi sech op den héchste Koppen ënnert de Reen mësche kann. Bis elo den Owend spéit ginn d’Temperaturen op där Héicht, also ëmmer nach op 1,5 Kilometer, op -3 bis -4 Grad zréck. D’Chancen fir eenzel Flacken op de Koppe verbessert sech also nach e bëssen. En Dënschde soll et dat awer schonn erëm gewiescht sinn, well aus Westen erëm méi waarm Loftmassen erakommen.

Dir gesitt: D’Muster ass ganz kloer. Eng weider änlech Situatioun erwaart eis de Mëttwochowend, duerno méiglecherweis de Sonndenowend. An der zweeter Hallschent vum Mount kënne sech déi jeeweileg méi kill an dann erëm méi mëll Phasen och mol méi laang halen – mee et ännert näischt drun, dass mir et wuel kaum mat nennenswäert laang unhalendem Wanterwieder ze di kréien. Ier sech d’Keelt festsetze kann, gëtt se erëm vu waarme Loftmasse verdrängt.

De Wand an de Reen sinn, wéis du sees, weider Parameter déi een am Aen hale muss. Stinn do schonn konkret Iddien iwwer méiglech Zenarien am Raum?

Sou wierklech Geforen hu sech zwar nach net erauskristalliséiert, mee fir déi nächst Zäit besteet e Potenzial fir gréisser Reequantitéiten, gekoppelt mam Risk vun stiermesche Perioden.

De europäesche Modell gesäit beispillsweis an enger Zäitspaan vun elo bis an e bësse méi wéi enger Woch eng zesummegerechent Nidderschlagsquantitéit vun tëscht 50 an 80 l/m² fir eis Géigenden, am Saarland wieren esouguer 100 l/m² méiglech. Wat gutt ass: All dat kënnt net wéi bei de schroe Wiederen an de vergaangene Summeren an Zäit vun e puer Minutte bis Stonnen erof, mee iwwert eng ganz Woch verdeelt. D’Peegele wäerten doduerch klammen, eng Warscheinlechkeet op e liicht Héichwaasser besteet och, mee eng geféierlech Situatioun ass de Moment net ze erkennen.

Wat de Wand betrëfft musse mir eis drun erënneren, dass mir jo eben ënnert enger Westwiederlag leien. Dës Wiederlage sinn dofir bekannt, dass se an de Kaarten e gewësst Stuermpotenzial undeiten, mee sech konkret Zenarien eréischt 1 bis 2 Deeg virdrun richteg erauskristalliséieren. Sou ass och elo de Moment kee konkrete Stuerm an Aussiicht, et ass awer net ausgeschloss dass sech dëse Mount nach eppes doe kann wat an déi Richtung geet.


Dat sinn also naass a lefteg Aussiichten, mat ëmmer nach kengen all ze gudde Chancen op Schnéi zu Lëtzebuerg. Merci Philippe Ernzer a bis de Freiden.