Radio 100,7: Wanterprognose si schwiereg

Gëschter haat ech Iech wanterlech Wiederkaarte vum amerikanesche Wiedermodell GFS presentéiert, mat der däitlecher Betounung, dass et sech dobäi ëm Spekulatioun handelt. Um Radio 100,7 de Moie sinn ech nach eng Kéier op d’Komplexitéit an och e puer eenzel méiglech Zenarien agaangen, déi zur Optioun stinn.

Et ass zimmlech roueg dobaussen – d’Ried ass vun eisem Wieder. An de nächste Minutten ass et erëm un der Zäit méi genee an d’Zukunft ze kucken, hei an eiser Rubrik Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder. Schéine gudde Moie Philippe.

D’lescht Woch ware mir e bësse méi genee op d’Fro agaangen, wéini et dann zu wanterlechem Wieder bei eis komme kéint. An Tëschenzäit deet sech eppes op de Wiederkaarten.

Dat ass korrekt, just ginn et nach eng ganz Rëtsch Optiounen wéi sech dësen ustoende Changement wierklech op eis heiheem zu Lëtzebuerg auswierkt. Fest steet mol, dass mir et an de nächsten Deeg a warscheinlech och Wochen gréisstendeels mat héijem Loftdrock wäerten ze dinn hunn. Héije Loftdrock ëm dës Joreszäit heescht, dass et zwar meeschtens roueg ass, mee sech ëmmer fir d’éischt de Niwwel opléise muss, fir dass d’Sonn eraus kënnt. Ëm dës Joreszäit ass de Niwwel awer ëmmer e bëssen zéi, soudass et wuel heiansdo méi gro wéi blo wäert sinn. Iwwerdeems den héije Loftdrock d’Wieder bei eis zu Lëtzebuerg bestëmmt, gëtt de Gros vun der Déifdrockaktivitéit ronderëmt eis ëmgeleet. Net wonneren also, wann d’Wiederberichter vun de nächsten Deeg sech net ganz vill vuneneen ënnerscheede wäerten.

Mee wat huet et dann elo mat dësem méiglechen Ëmschwong a Richtung Wanter op séch? D’Wieder gëtt ëmmer duerch Interaktioun tëscht héijem an déiwem Loftdrock beaflosst – a genee sou eng Interaktioun kéint an der zweeter Hallschent vum Mount dofir suergen, dass mir et op mannst mat däitlech méi kille Loftmassen ze di kréien. De Grond dofir ass deen, dass ronderëmt den 18. November e grousst Héichdrockgebitt iwwert dem nërdlechen Atlantik berechent gëtt, iwwerdeems iwwer Russland e grousst Déif leie soll. Well en Héich awer am Auersënn dréint an en Déif géint den Auersënn géifen dotëscht polar Loftmassen aus dem héije Norden hire Wee bis a Mëtteleuropa packen. Dat géif, op mannst kuerzzäiteg, d’Temperaturen am Dag op gutt 1 bis 4 Grad erofdrécken an an de Nuechte meeschtens ënnert de Gefréierpunkt. Iwwerdeems den amerikanesche Wiedermodell GFS gëschter nach mat Schnéi fir ronderëmt den 18. November gerechent huet, sinn déi nei Modellleef schonn erëm ouni ënnerwee. Wann een also alleng den amerikanesche GFS hëlt, schéngt et scho spannend ze ginn.

Fir awer nach eng Kéier ze ënnersträiche, wéi kniffleg d’Situatioun gëtt, kucke mir nach kuerz op den europäeschen ECMWF-Modell. Dëse rechent domat, dass en Héich aus der Polarregioun op Mëtteleuropa erofgezu kënnt, dat mat engem Kärdrock vun iwwer 1045 hPa, wat schonn uerdentlech ass. Ëstlech dovun géif dann en Déif leien, wat duerch de selwechte Prinzip wéi beim anere Modell dofir suerge géif, dass dotëscht äiskal Loftmassen aus der Polarregioun a Richtung Süde wandere géifen. Den Hoken bei der Saach: Héich an Déif ginn vum ECMWF esou wäit ëstlech berechent, dass dëse ganzen Zenario einfach un eis laanschtzéie géif. Et dierft also richteg spannend ginn.

Ofgesinn dovun, ob dësen éischte Versuch geléngt oder net – duerno ergi sech mat Sécherheet weider där Situatiounen. Normal, well den 1. Dezember geet de meteorologesche Wanter un.

Déi nächst Deeg sinn also eigentlech séier zesummegefaasst?

Héije Loftdrock wäert eis an de nächsten Deeg definitiv am Grëff hunn, wat also heescht, dass et dagsiwwer just nach um Niwwel läit, deen sech opléise muss, fir dass et frëndlech mat Sonn gëtt. Temperaturméisseg leie mir tëscht 6 an 10 Grad am Dag, an de Nuechte geet et méi oft op op de Gefréierpunkt an och mol drënner zréck.