Wéi gëschter schonn thematiséiert, stinn d’Chancen de Moment eigentlech net esou gutt, wat wäiss Chrëschtdeeg zu Lëtzebuerg ugeet. Wourun dat konkret läit, a wou d’Warscheinlechkeet dofir dann besser ass, hunn ech de Moien um Radio 100,7 weider konkretiséiert.
Dës Woch ass et esouwäit, Chrëschtdag steet virun der Dier. Nieft der Fro, wat ee senge Léifste schenke soll, freet ee sech och, ob et dann endlech mol erëm eng Kéier wäiss gëtt. Et gëtt Zäit fir e neien Episod vun eiser Wieder-Rubrik “Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder”.
D’Wiedermodeller sinn de Moment sou richteg spannend. Wéi gesäit et aus fir Lëtzebuerg a Saache Schnéi fir d’Chrëschtdeeg?
Déi lescht Kéier hate mir jo schonn e klenge Bléck op d’Chrëschtdeeg gewoot, hunn awer nach keng méi oder manner kloer Ausso konnte maachen. D’Modeller ware sech net eenz – et war net kloer, ob mir et mat méi dréchener Keelt ze di kriiten oder awer mat där méi fiichter, déi eis Schnéi bruecht hätt. Elo an Tëschenzäit hate sech e puer aner interessant Zenarien opgedoen, déi ëmmer nach esou änlech an de Modellkarte vertruede sinn. Den aktuelle Stand ass folgenden:
Wa mir op de ganzen europäesche Kontinent kucken an esouguer nach méi wäit eraus, da kann een d’Grousswiederlag esou beschreiwen, dass fir de kommende Weekend héije Loftdrock iwwer Grönland berechent gëtt. Parallel dozou soll sech déiwe Loftdrock iwwer Nordskandinavien leeën, wouduerch mir eigentlech déi perfekt Virlag dofir hätten, dass polar Loftmassen am grousse Stil erof op Lëtzebuerg kéinte gefloss kommen. Mir hunn awer ee klenge Problem, nämlech a Form vun engem weideren Déif, wat sech am Raum vun de britteschen Insele néierloosse soll. Dëst Déif, wat ech och nach gär als Spillverdierwer-Déif bezeechnen, verhënnert, dass déi kill Loftmassen wäit genuch an de Süden viru kommen. Mat senger Stréimung dréckt et géint déi kill Loftmassen a blockéiert d’Ausbreeden iwwert dem europäesche Kontinent – op mannst mol deen Beräich deen fir eis relevant ass. Et entsteet eng Loftmassegrenz, déi de neiste Modellkaarte no iwwert de Norden a Nordoste vun Däitschland verlafe soll. Un dëser Loftmassegrenz pralle fiicht a mëll Loftmassen op déi polar Loftmassen aus dem Nordosten – et entstinn Nidderschléi, dat a Form vu Schnéifall. Wat de Norde vun Däitschland ugeet, stinn d’Chancen fir wäiss Chrëschtdeeg also guer net esou schlecht.
Wat ass mat Lëtzebuerg? Ma sollten dës Modellkaarten, déi an Tëschenzäit zur Majoritéit gehéieren, esou bleiwe wéi se sinn, da géif de Beräich mat der gréisser Warscheinlechkeet fir Schnéifall vill ze wäit nërdlech vun eis verlafen. Nodeems d’Chancen also d’lescht Woch ëm dës Zäit fir Lëtzebuerg guer net esou schlecht ausgesinn hunn, huet sech d’Situatioun an Tëschenzäit also zimmlech verschlechtert. Natierlech besteet nach eng minimal Warscheinlechkeet, dass et nach e bëssen anescht ausgoe kann, mee et sollt ee sech keng ze grouss Hoffnunge maachen.
An no de Chrëschtdeeg? Ass do eventuell awer nach eng méi kill Iwwerraschung dobäi?
Déi Zäit drop beschreift natierlech een extrem spekulativen Zäitraum. Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass där Meenung, dass eis tëscht dem 27. an dem 30. Dezember awer nach en Abroch vu kille Loftmassen ustoe kéint, mat der Warscheinlechkeet vu wéinstens minimale Schnéiquantitéiten. Doropshin soll 2021 mat Temperature vu wäit ënner 0 Grad, wéi am Tiefkühler, op en Enn kënne goen. Den europäeschen ECMWF gesäit dat Ganzt net esou kill a berechent ëmmer erëm souguer e klengt Stuermdéif, wat ronderëmt den 28. Dezember nërdlech mat sengem Kär un eis laanschtzéie soll. Dës wier definitiv eng méi mëll Léisung, déi déifwanterlech Zenarie kuerzzäiteg ausschléisse géif. Eréischt fir den 30. Dezember kéint dann och dem ECMWF no erëm eng minimal Warscheinlechkeet fir e bësse Schnéi bestoen.
Et sinn definitiv spannend Zäiten déi op eis duerkommen, haaptsächlech wann een an der spannender Welt vun de Wiederkaarten doheem ass.