Radio 100,7: Wéi een d’Temperatur richteg mësst

D’Hëtzt war an de leschten Deeg e grousst Thema. Mee wéi ginn d’Temperaturen iwwerhaapt richteg gemooss? Titelbild: Alexander Heimann / DWD

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 25.07.2022:

D’Hëtzt war an de leschten Deeg e grousst Thema. Firwat weist den eegenen Auto, oder och den Thermometer doheem op der Terrasse, eng méi héich Temperatur un, wéi déi offiziell Wiederstatiounen? Där Fro gi mir an de nächste Minutte no. Schéine gudde Moie Philippe.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

D’Temperatur moosse ka jiddereen, mee et gëtt op villes opzepassen.

Temperaturmiessunge si net glaich Temperaturmiessungen. Quasi all Mënsch huet hautzedaags en eegenen Thermometer bei sech doheem am Gaart, dee besonnesch am Fall vun Hëtzt, also wéi an de leschten Deeg, ganz gutt am Aen gehal gëtt. Mee firwat weist dësen dann op eemol 50 Grad un, obwuel déi noostgeleeën offiziell Statioun grad emol bei 36 Grad ass? Kuerzgesot: wéi bei bal allem am Liewe muss ee sech och bei der Temperaturmiessung u Reegelen halen, well d’Donnéeë soss weltwäit gesi net mateneen vergläichbar sinn.

Ka mäin Thermometer aus dem Hobby-Buttek mathalen?

Dat wichtegst ass schonn mol direkt, dass käschtegënschteg Sensoren aus dem Hobbybuttek ganz rar bis guer net akkurat genuch sinn, fir mat den Donnéeë vun den offizielle Statiounen oder Wiederdéngschter kënne matzehalen. Déi an de Butteker kaschte meeschtens net méi wéi 50 Euro, iwwerdeems d’Sensore vun de professionelle Wiederstatioune ganz séier de véierstellege Beräich knacken. Net bei villem op dëser Welt heescht méi deier och besser, mee an der Meteorologie ass schonn awer eppes drun. All ze déif an d’Täsch gräife muss een awer an Tëschenzäit och net méi: eng Wiederstatioun mat enger Sensor-Genauegkeet, déi zimmlech no un déi vun de professionellen an immens deiere Statioune kënnt, kritt een schonn fir ëm déi 600 Euro. Mee och hei gëlt: wa se egal wéi opgeriicht ass, da bréngt Iech och déi deierst Statioun vun der Welt näischt.

Wéi gesinn dës Normen dann aus, a ween huet se opgestallt?

D’Weltorganisatioun fir Meteorologie (kuerz WMO) huet dozou e puer Krittären an d’Liewe geruff, fir dass d’Donnleë vun allen offizielle Wiederstatiounen op der Welt matenee vergläichbar sinn. Och de Reglement vum Däitsche Wiederdéngscht, also dem DWD, ass de Virschrëfte vun der WMO ugepasst.

Fänke mir domat un, dass eng Wiederstatioun net an der Géigend vun héije Koppen oder Däller soll opgeriicht ginn. Dëst féiert zu grousse Beanträchtegunge vun der Wand- an Temperaturmiessung. Am Ëmkrees vun 200 Meter soll de Neigungswénkel vun der Landschaft net méi wéi 10° bedroen.

Dat ganzt Miessfeld soll mat Wiss bewuess sinn, ausser dee Beräich, wou d’Buedemtemperatur gemooss gëtt. Dem däitsche Wiederdéngscht no soll e Miessfeld eng Surface vun ëm 10 m² hunn an ongeféier 4,5 m op 2 m grouss sinn. Den Temperatursensor soll, wann et geet, ëmmer nërdlech vum Miessfeld fir Buedemtemperatur montéiert ginn a gläichzäiteg héchstens 2,5 Meter vum Buedemthermometer a 5 cm Héicht ewech sinn.
Dëst si streng Ufuerderungen, déi lokal nëmmen deelweis kënnen erfëllt ginn. Hei am Land ginn et e puer Statiounen, wéi beispillsweis déi vu Béiwen beim Stauséi, déi relativ no un däitlech méi héije Gebaier steet.

D’Lofttemperatur muss der Norm no an enger Héicht vun 2 Meter iwwert dem Buedem gemooss ginn. Dobäi muss de Sensor vun engem Straalungsschutz ëmgi sinn oder sech an enger Wiederhütt befannen. Eng Wiederhütt ass e wäisst Gehais mat Lamellen, dat dofir suergt, dass den Duerchfloss vun der Loft bäigehale gëtt an d’Temperatur net duerch déi direkt Sonnenastraalung beanträchtegt gëtt. Dës Hütt soll wa méiglech op enger fräier Wiss stoen. Maueren an Haiser solle mindestens 10 Meter vun de Miessinstrumenter ewech sinn, well des Wiermt ofstralen. Genee déi selwecht Konditioune gëllen och fir d’Miessung vun der Loftfiichtegkeet mat engem Hygrometer.

Sinn d’Virschrëfte fir déi aner Parameter wéi Wand oder Reen och esou streng?

Fir all Parameter mussen international Reegelen agehal ginn. D’Lofttemperatur iwwert dem Buedem muss beispillsweis a 5 cm Héicht gemooss ginn. Dobäi däerfen an der direkter Ëmgéigend keng Hecken oder soss eppes stoen an d’Vue a Richtung Himmel muss fräi sinn.

Och wéi de Reen gemooss gëtt, ass net egal. Der Virschrëft no muss de Reen op Platzen, déi tësche 0 a 500 Meter iwwert dem Mieresspigel leien, an enger Héicht vun 1 Meter gemooss ginn. A Géigenden, déi op 501 bis 800 Meter leien, gëtt en an 1,5 Meter gemooss an op Bierger oder Hiwwelen vun iwwer 800 Meter muss de Reen op 2 Meter iwwert dem Buedem enregistréiert ginn. Bei der Montage soll gekuckt ginn, dass de Sensor méiglechst wandgeschützt steet, fir dass de Reen bei méi staarkem Wand net einfach driwwer ewechgeblose gëtt. Géigestänn a Elementer, déi d’Afale vum Reen op iergendeng Aart a Weis stéiere kéinten, mussen 2 bis 4 mol méi wäit ewech sinn, wéi d’Héicht op där de Sensor montéiert ass.

Zu de méi empfindleche Sensoren zielt de Pyranometer – also den Apparat, deen d’Sonnenastraalung mësst. Dëse soll op enger Platz montéiert ginn, wou reegelméisseg nom Sensor ka gekuckt ginn, well d’Miessungen duerch geréngen Dreck kënne beaflosst ginn. Wann d’Ëmgéigend et zouléisst, soll dëse Parameter an 2 Meter Héicht gemooss ginn. Wann dëst net méiglech ass, kann och e speziell ugeluechte Mast mat enger Héicht vu 6 Meter an den Asaz kommen.

Méi streng sinn dann och nach d’Ufuerderungen fir d’Wandgeschwindegkeet- a Richtungsmiessung. Et soll eng méiglechst exponéiert a fräi Fläch ausgewielt ginn, wou de Wand ongehënnert un d’Sensoren erukënnt. Aner Géigestänn oder Gebaier sollen mindestens 10 mol sou wäit ewech sinn wéi de Wandmast héich ass, ausser se si manner wéi 4 Meter héich. Bei méi schmuele Géigestänn, déi awer méi wéi 8 Meter héich sinn, soll souguer eng Distanz vu 15 mol der Sensorhéicht agehaale ginn. D’Instrumenter fir Wandvitesse a Wandrichtung ginn op enger Héicht vun 10 bis 12 Meter un engem Mast montéiert.

Erkläeren dës streng Reegelen, firwat d’Miessunge vum Noper anescht sinn wéi déi, vun de Professionellen?

Dës Krittäre stelle gläichzäiteg den Ënnerscheed tëschen offiziellen a private Wiederstatiounen duer. Oft si Statiounen, déi vu Privatleit bedriwwe ginn, éischter ongënschteg opgestallt a liwweren Daten, déi schwéier novollzéibar sinn. Meeschtens ass et de Wand an och d’Temperatur, déi oft net richteg gemooss ginn. Am Summer kënnt et oft fir, dass Temperaturen eragemellt ginn, déi wäit iwwert deem leien, wat eigentlech virausgesot gouf. Oft läit dëst dorunner, dass d’Temperatur duerch direkt Astralung vun der Sonn verfälscht gëtt. Et ass och schwiereg, de Wand korrekt ze moossen – eng Platz, déi déi virdru genannt Krittären erfëllt, ass richteg schwéier ze fannen an erfuerdert oft eng méintelaang Recherche.

Elo, wou dat kloer ass, léiss de eis awer bestëmmt net ouni weider Aussiichte goen?

Nee, dat maache mir och nach séier. An dëser Woch zéien zwar zäitweis e puer méi déck Wolleken duerch, all ze vill Nidderschléi stinn awer alt erëm net um Plang. Et ka mol naass ginn, mee wierklech grouss Quantitéite sinn éischter net ze fannen. Vun den Temperaturen hier starte mir haut nach mat ëm 30 Grad an d’Woch eran, ier et dann bis an déi zweet Wochenhallschent mol sécher manner waarm bleiwe sollt, dat mat ëm 25 Grad. A Richtung Enn der Woch besteet dann erëm d’Méiglechkeet, dass sech d’Temperaturen zréck no uewe schaffen.


Dëst war erëm e méi geneeën Abléck an d’Welt vum Wieder. Merci Philippe Ernzer a bis de Freiden!