Radio 100,7: Wéi laang packt et den Héichdrockafloss nach?

Nach hält sech den héije Loftdrock gutt bei eis, wat am Laf vun der nächster Woch awer ëmmer méi schwéier wäert ginn. Et soll méi variabel ginn, dat och mol mat leftege Passagen a méi spéit fläit och engem markanten Temperaturréckgang.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 07.10.2022:


Héije Loftdrock ass ëmmer nach um laangen Hiewel bei eisem Wieder – e liicht Spill huet en dobäi awer net wierklech. D’Fro déi sech stellt ass, wéi laang dat rouegt Wieder nach bei eis bleift. Méi dozou wees de Philippe Ernzer, gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Eng Woch mat hierschtlechen esouwéi awer och deels iwwerduerchschnëttlech waarmen Eegeschafte geet lues a lues op en Enn.

Dës Woch hate mir bis ewell wierklech e Mix aus nach eng Kéier zimmlech héijen Temperature fir d’Joreszäiten an awer och Eegeschaften déi een drun erënneren, dass mir awer mëttlerweil wierklech Hierscht hunn – wéi beispillsweis Niwwel. An esouguer déi kuerz Stéierung, déi ech de vergaangene Méinden ugedeit hat, ass um spéidere Mëttwochowend resp. an der Nuecht op den Donneschde bei eis ukomm. Et hat sech dobäi ëmt eng Kalfront gehandelt, déi awer, wéi gesot, nëmme geréngfügeg a net wierklech nennenswäert Nidderschléi op Lëtzebuerg bruecht hat.

Wéi sinn d’Aussiichten op de Weekend? Ka sech d’Sonn duerchsetzen oder si weider där “Stéierunge” méiglech?

De Weekend iwwer steet fest, dass mir wuel gréisstendeels ënner Héichdrockafloss bleiwen. Et ass just muer de Moien, also um Samsden, wou eis erëm kuerzzäiteg esou eng “Stéierung” an d’Haus steet. Och dës geet vun enger schwaacher Kalfront aus, déi vum Ärmelkanal an och der Nordséi hier a Richtung Lëtzebuerg gezu kënnt. Engersäits bréngt se fir eng Zäitchen e Pak Wolleken, anerersäits ass och mol schwaache Nidderschlag net ausgeschloss – eng änlech Situatioun wéi an der Nuecht op den Donneschden also.


Héije Loftdrock matten iwwert eis – an de Moiesstonnen ass Niwwel ze erwaarden | Kaart: wxcharts.com

Fir de Rescht vum Weekend leie mir ganz ënner Héichdrockafloss – a soulaang sech de Niwwel an de fréie Moiesstonne brav opgeléist kritt, steet frëndlechem Wieder näischt am Wee. D’Temperature leien dagsiwwer bei tëscht gréisstendeels 13 a 16 Grad an der Nordhallschent, an der Südhallschent ass mat Wäerter vun tëscht 15 an 18 Grad ze rechnen.

De Bléck op déi nächst Woch ass dann e liicht méi spannenden. Et gëtt sech gefrot, wéi laang den Héichdrockafloss nach bei eis bleift.

Kuckt ee sech d’Modellrechnungen esou un, also op mannst mol déi vum Amerikaneschen an dem Europäeschen, dann ass den Trend kloer: a Richtung Enn der Woch schéngt den Héichdrockafloss da wuel wierklech ofzehuelen. Dat, wat awer nach net esou wierklech kloer ass, ass den Zäitpunkt un deem ee wierklech e Changement bemierke wäert.
Den amerikanesche Modell gesäit schonn vum Méinden un däitlech méi Wolleken, déi schonn fir eng lokal Schauer suerge kënnen. Dënschdes wier et dann erëm méi dréchen, ier et vum Mëttwoch un awer däitlech méi onbestänneg soll ginn.

Den europäesche Modell gesäit fir den Zäitraum vum Méinde bis de Mëttwoch och méi Wolleken op eis duerkommen, mee et sollt nach gréisstendeels dréche bleiwen. Eendeiteg Signaler fir en Ëmschong gi fir haut an enger Woch gerechent, wou eng markant Kalfront iwwert eis ewechzéie kéint. Och den amerikanesche Modell gesäit dës Kalfront op eis duerkomme, mee tendenziell eréischt fir de Samsden an enger Woch. Et schéngt also definitiv geschwënn biergof ze goen.

Wéi eng Auswierkunge géif dës Kalfront mat séch bréngen?

Mëttlerweil si mir am mëttelfristege bis schonn bal méi spekulative Beräich ukomm. Well dës Iddi awer guer net mol esou onwarscheinlech ass, kann een awer gäre schonn bëssen drop agoen.


Déi zwee Modeller rechnen an enger Woch mat kenger gerénger Warscheinlechkeet vun enger méi markanter Kalfront | Grafik: wxcharts.com

Dës Kalfront wier un e Stuermdéif gebonnen, wat am Beräich vun de britteschen Insele leie géif. Iwwerdeems mir et kuerz virun der Kalfront nach mat engem kuerze Schub u waarme Loftmassen ze di kriiten, géif et hannert der Kalfront abrupt méi kill ginn – de Grond dofir ass net nëmmen deen, well et eng Kalfront ass, mee och, well déi ganz Geschicht un engem méi markanten Déifdrockgebitt hänkt an dëst op senger Récksäit kuerzzäiteg kill Loftmassen aus der Polarregioun unzape géif. Sollt sech dat Ganzt esou duerchsetzen, da géif eis a gutt enger Woch net nëmmen onbestännegt a leftegt Wieder erwaarden, mee och e signifikante Réckgang vun eisen Temperaturen.


D’Chancen op kuerz méi waarm Periode ginn also definitiv a nächster Zäit zréck. Merci Philippe Ernzer fir d’Aussiichten a bis de Méinden.