Radio 100,7: Wéi UV-Stralen e Sonnebrand ausléisen

Haaptsächlech am Summer fänkt ee sech ëmmer erëm mol gären e Sonnebrand an. Mee firwat ass dat esou, a wat hunn d’UV-Stralen domat ze dinn?

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Vill Sonn an héichsummerlech Temperaturen – déi meescht Leit zitt et dann eraus un de Stau oder op eng Terrasse fir d’Wieder ze genéissen. Woubäi… d’Temperatur muss net onbedéngt héich sinn, fir dass ee sech verbrennt. Vill méi sinn d’Stralen déi vun der Sonn ausginn dofir verantwortlech, dass sech déi meescht vun eis d’Haut verbrenne wa mir eis iwwert eng méi Zäitchen ongeschützt dobaussen ophalen.
D’Sonneliicht besteet aus siichtbarem, infraroudem an ultraviolettem Liicht. D’Ultraviolett liicht kann een an UVA- an UVB-Stralung ënnerdeelen. Duerch dës gëtt eis Haut brong, deemno wéi awer och rout. Ënner Ëmstänn kënne se eiser Gesondheet geféierlech ginn. Haaptsächlech d’UVB-Stralen, déi am energieräichste sinn, gëllen als besonnesch geféierlech. Se gräifen d’Zellen an der ieweschter Hautschicht un a kënne séier e Sonnebrand oder Sonnestach ausléisen. Anescht wéi bei den UVA-Stralen, kënnen UVB-Stralen méi séier zu Hautkriibs féieren.
Dëst heescht awer net, dass d’UVA-Strale keen Effekt op eise Kierper hunn. UVA-Strale si méi laangwelleg an drénge vill méi wäit an d’Haut an wéi d’UVB-Stralen. Dës gräifen d’elastescht Bindegewebe un, wat dozou féiert, dass d’Haut méi séier altert. Wann ee sech oft a laang ongeschützt an der Sonn ophält, dann di sech ëmmer méi Flecken a Falen op eiser Haut op. Och anerwäerts kënnen UVA-Strale geféierlech sinn. Se hu laang Zäit, haaptsächlech an der Geschäftswelt vun de Solariumen, als ongeféierlech gegëllt. Haut ass awer gewosst, dass och d’UVA-Stralen Hautkriibs ausléise kënnen. De Grond dofir ass deen, dass dës Stralen och déi Zellschicht ugräift, déi d’Haut ëmmer erëm erneiert a fléckt.

Als Mooss, wéi staark d’UV-Stralung ass a wéi séier ee sech e Sonnebrand afänke kann, déngt den UV-Index. Dëse léisst sech a 5 Stufen andeelen: als “niddreg” gëllt en UV-Index, wann en tëscht 0 an 2 läit. Bei 3 bis 5 si mir schonn am “méissege” Beräich, iwwerdeems 6 bis 7 schon als “héich” gëlt. Wierklech geféierlech gëtt et awer eréischt vun 8 bis 10 un, wat als “ganz héich” beschriwwe gëtt. En UV-Index vun 11 an alles, wat driwwer erausgeet, ass extrem.

D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO recommandéiert scho bei engem UV-Index vu 6, sech mat engem Hutt, engem T-Shirt, engem Sonnebrëll a Sonnecrème géint d’Sonn ze schützen. Iwwer Mëtteg soll ee sech haaptsächlech am Schiet ophalen. Bei engem UV-Index vun 8 bis 10 soll een et vermeide, sech iwwerhaapt dobaussen opzehalen. Och wann ee sech am Schiet ophält, sollt een op e sonnendichten Top oder T-Shirt, eng laang Box, Sonnecrème, e Sonnebrëll an e breeden Hutt zréckgräifen. Soubal den UV-Index op 11 oder driwwer klëmmt, soll ee sech net nëmme mëttes an am fréie Nomëtten dobannen ophale, mee de ganzen Dag.

Gëtt een UV-Index vun 8 areecht, da kann ee sech schonn an Zäit vun 20 Minutten, oder manner, verbrennen. Wéi d’Wëssenschaftler vun der Ludwig-Maximilian-Universitéit zu München erausfonnt hunn, kann d’Belaaschtung duerch UV-Stralung un de Schinnebeen, um Bauch, der Broscht an am Gesiicht bis ëm 40% méi héich sinn wéi een et duerch de momentan gemoossenen UV-Index vermudde kéint.

Wann d’Haut brong gëtt, da gëllt dëst oft als attraktiv – a Wierklechkeet ass et de Kierper selwer, dee sech duerch d’Brong ginn virun der Sonnenastralung schütze wëll. Ganz effektiv ass dëse kierpereegene Schutz awer net, well de sougenannte Liichtschutzfaktor vill ze kleng ass. Een, dee vu Natur aus méi brong ass, ka sech also och d’Haut verbrennen. Mee wéi gesäit dëse Prozess iwwerhaapt aus?
Wéi mir scho gesinn hunn, läit den Haaptgrond fir dat alles bei den UV-Stralen. Iwwerdeems och d’UVA-Strale geféierlech sinn, sinn d’UVB-Stralen haaptsächlech dofir verantwortlech, dass mir e Sonnebrand kréien. Laang Zäit war net kloer, wat do iwwerhaapt mat der Haut geschitt, bis Een et Ufanks Juli 2012 ënner anerem duerch Versich u Mais erausfonnt huet. Déi kuerzwelleg UVB-Stralen dréngen an d’Haut an a schiedegen do déi sougenannt “Ribonukleinsäure-Moleküler”, kuerz RNA, déi d’Aktivitéit vun de Genen steiert. D’Moleküler ginn esou verännert, dass entzündungsufälleg Stoffer entstoe kënnen. Et kann och zu Reaktioune kommen, déi d’Entstehung vun engem Tumor ënnerstëtzen. Et kënnt zu den allsäits bekannte Symptomer vun engem Sonnebrand.
Doduerch, dass d’RNA geschiedegt ginn a sech d’Moleküler komplett verännere kënnen, kéint et sinn, dass dëse Prozess zur Entstehung vun Hautkriibs bäidréit. Virun dëser Erkenntnis ass een dovun ausgaangen, dass haaptsächlech de Schued, deen duerch d’UV-Liicht an eiser DNS ugeriicht gëtt, d’Haaptursaach fir Hautkriibs ass.
Sech an der Sonn opzehalen, huet awer net nëmme negativ Säiten. Wann ee se a Moosse genéisst an op sech selwer oppasst andeems ee sech géint se schützt, wierkt een de negativen Auswierkunge scho gutt entgéint. Duerch e gesond Ophalen an der Sonn produzéiert eise Kierper Vitamin D, wat gutt fir eis Schanken ass an och eisen Immunsystem stabiliséiere kann. Et schützt eis och viru Kriibs, wat awer, wéi mir et grad gesinn hunn, och séier an déi aner Richtung goe kann, wann ee sech oft a laang ongeschützt der Sonn an hiren UV-Stralen aussetzt.