Radio 100,7: Wou déi iwwerduerchschnëttlech mëll Loftmassen hierkommen

Den Dezember hat immens kill Perioden, mee u Silvester wäert dovu näischt méi ze spiere sinn.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 30.12.2022:

Muer ass et esouwäit, mir setzen e Kreepchen hannert Joer 2022. Et war a ville meteorologeschen Aspekter en aussergewéinlecht Joer, an dat kréie mir muer nach eng Kéier esou richteg gewisen. Gudde Moie Philippe.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Geschwënn war et dat mam Joer 2022, wat d’Wieder betrëfft war et a villen Hisiichten en aussergewéinlecht. Och elo u Silvester kéint nach neie Rekord geknackt ginn.

Mir kënnen eis jo nach all un déi immens kill Phas erënneren, déi mir virun e puer Wochen zu Lëtzebuerg haten. Am Dag ënner null, an de Nuechten hat et deels bis op -14 Grad ofgekillt. Vun all dem ass an Tëschenzäit iwwerhaapt näischt méi ze gesinn an et geet och esou virun. Muer u Silvester kéint nämlech esouguer e weidere Rekord opgestallt ginn, nämlech deen fir déi héchst registréiert Temperatur un engem Dezemberdag. Dëse gouf viru nach net all ze laanger Zäit opgestallt, nämlech de 17. Dezember 2019. Deemools ass eng Temperatur vu 14,7 Grad gemooss ginn. A wann een dann elo d’Wiederkaarte fir muer kuckt, da kann dëse Wäert iwwertraff ginn

Firwat gëtt et dann elo op eemol erëm esou waarm an eise Géigenden?

Fir dës grouss Temperaturanomalie verantwortlech ass eis momentan Grousswiederlag. Iwwert dem nordëstlechen Atlantik hu mir et gréisstendeels mat déiwem Loftdrock ze dinn, iwwerdeems mir gréisseren Héichdrockafloss iwwert dem Mëttelmier & dem Balkan leien hunn. Well mir jo wëssen, dass Héichdrockgebitter mat der Auer dréinen an Déifdrockgebitter dogéint, ginn déi kill Loftmasse guer net mol an eis Géigenden asickere gelooss. Mir leien ënnert engem südwestleche bis westleche Stréimungsbild, wat bewierkt, dass mir vill ze waarm Loftmassen aus dem déiwe Südweste vun Europa zougespillt kréien. Dës rekordverdächteg Temperature wäerten also net nëmme bei eis zu Lëtzebuerg en Thema ginn, mee och an eise Nopeschlänner.

Wa mir op Lëtzebuerg kucken, dann sinn de momentane Modellrechnunge no Maximaltemperature vun tëscht 14 a 17 Grad um Silvesterdag ze erwaarden. Den ale Rekord vu 14,3 Grad ass also definitiv a Gefor a ka mat enger gréisserer Warscheinlechkeet muer geknackt ginn. Et wier dann net nëmmen de wäermste Silvesterdag deen jeemools opgezeechent gouf, mee och de wäermsten Dezemberdag.

An Däitschland kann et esouguer nach méi waarm ginn. D’Blos mat de waarme Loftmasse leet sech zimmlech genee iwwert de Südweste vum Land, wouduerch dohannen esouguer bis zu 22 Grad méiglech sinn. Verständlech, dass een dann op d’Fondue oder d’Raclette verziicht fir léiwer dobaussen am T-Shirt ze grillen. Et ass jo eréischt Dezember.

Déi lescht Deeg vum Joer ënnersträichen also nach eng Kéier, dass et dëst Joer am grousse Ganzen däitlech ze waarm war.

Agrimeteo, also de meteorologeschen Dénscht vun der Akerbauverwaltung huet en Dënschde net nëmme matgedeelt, dass et en ze waarmt Joer war, mee esouguer dat wäermst Joer wat bis ewell gemooss gouf. D’Rei mat den Donnéeë geet bis an d’Joer 1838 zréck, also 184 Joer. Dës Period ass also aussokräfteg a weist ganz däitlech, wéi sech d’Temperaturen an de leschte Jore verännert hunn.

Um Wiederstatiounsnetz vun der ASTA läit d’Joeresduerchschnëttstemperatur bei 9,9°C, baséierend op der Referenzperiod vu 1991-2020. Elo am Joer 2022 ass dëse Wäert net nëmme knapp iwwertraff ginn, mee esouguer ëmt e ganze Grad. Dat kléngt net no vill, mee denkt drun, dass mir hei vun Duerchschnëttswäerter schwätzen.

Net nëmmen d’Temperature sinn aus der Rei gedanzt, mee mir haten et och mat gréisserten Dréchenten an engem Reendefizit ze dinn. De Summer 2022 war de dréchensten zanter 1921, am Juli ass e Reendefizit vu -92% opgetrueden. Och den August war mat engem Minus vu 65% markant.

Dann kucke mir lo nach eng lescht Kéier an dësem Joer op de Verlaf vum Wieder elo de Weekend. Op wat kënne mir eis astellen?

Haut starte mir mat ville Wolleken an den Dag eran, esou spéitstens vum fréie Nomëtten u sollt eis aus Weste Reen erreechen. Et gëtt also op de meeschte Plaze naass, d’Temperature packen et op 9 bis 11 Grad. De Wand ass och erëm stramm ënnerwee, an de Spëtzte kënne 60 bis 75 km/h optrieden. Spéiderhi geet de Reen méi an de Schauermodus iwwer, déi lescht Schauere kënne sech bis an d’Nuecht op de Samsden eranzéien.

Muer starte mir bei 9 bis 12 Grad a packen et op 14 bis 17 Grad am Dag – wéi gesot, kéint dat de wäermsten Dezemberdag zanter Opzeechnungsufank ginn. Et zéien e puer Wolleken duerch, mee et sollt gréisstendeels dréche bleiwen. U Neijoer klammen d’Wäerter op 12 bis 15 Grad, och dann steet kee Nidderschlag um Plang.


D’Joer geet also sécher ouni Schnéi iwwer d’Bühn, dofir awer en Tick méi lefteg an zimmlech waarm. Merci Philippe fir déi lescht Aussiichte vun dësem Joer a bis geschwënn.