Radio 100,7: Zweestelleg Plusgraden

D’Deeg vum déiwe Frascht si gezielt. Elo gëtt et däitlech méi waarm.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 19.12.2022:

Eng nei Woch, eng nei Wiederlag – ass zwar bal ni esou, mee op dës Woch trëfft et zou. Bis gëschter nach war et esou richteg kal, mee dat geet elo ganz séier an déi aner Richtung. De Philippe Ernzer erzielt eis elo méi driwwer. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Elo geet et mat den Temperaturen däitlech an d’Luucht. Wéi héich klammen se am Laf vun der Woch?

Fir de kuerze Resumé ze maachen: déi nächst Deeg hu näischt méi mat wanterlechem Wieder ze dinn. Mee wéi ech ebe sinn, beloossen ech et net bei engem klenge Resumé. Wa mir eis elo déi eenzel Wochendeeg esou ukucken, da fällt op, dass mir eis erëm op méi Nidderschléi astelle mussen, duerch d’Temperaturen eben op Reen. Wa mir dann op eis allgemeng Wiederkaart kucke, gesi mir, dass mir och ënnert eng Westwiederlag rëtschen. Dës Westwiederlag confirméiert nach eng Kéier, dass eis dat wanterlecht Wieder elo wierklech fir eng Zäitche verloosse wäert.

Haut um Méinde si vill Wolleken ënnerwee, nëmme mat vill Chance ka sech d’Sonn iergendwou mol kuerz weise kommen. No de Nidderschléi vun de Moie bleift et gréisstendeels dréchen, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad – jo, dat ass wierklech en enormen Ënnerscheed am Verglach mat de leschten Deeg. Den Dënschde geet et gro a naass virun, d’Sonn huet net déi bescht Chancen. 8 bis 11 Grad kënnen esouguer erreecht ginn. E Mëttwoch, Donneschden a Freide klammen d’Temperaturen op tëscht 5 bis hin zu ëm 10 Grad, virun allem e Freide kann et och bis op 13 Grad eropgoen. Fir de Samsde si mir mat 7 bis 10 Grad dobäi, de Sonnde ginn d’Wäerter bei 5 bis 7 Grad erëm e Stéckchen erof.

Et ass also erëm eng méi variabel Wiederlag, déi eis elo dës Woch erwaart. Et ass awer net nëmmen de Reen, deen et trotz méi héijen Temperature méi ongemittlech mécht…

Reenen wäert et an dëser Woch zimmlech oft, alleng wa mir esou a Richtung Enn der Woch kucke kéinte mir bei am ganze méi wéi 40 l/m² erauskommen, sollten déi momentan Modellrechnungen esou bleiwen. De Reen ass awer net déi eenzeg Eegeschaft, déi dës Woch erausstieche wäert, mee och de Wand gëtt méi interessant.

An der zweeter Wochenhallschent leet sech den Jetstream iwwert eis – e staarkt Wandfeld an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer. Dësen Jetstream ass de Motor vun eisem Wiedergeschéien an et kann een esou soen, dass sech all d’Drockgebitter wéi un engem Seel un dësem Wandband festhalen. An der zweeter Wochenhallschent kënne sech iwwert der Nordséi esouwéi och südlech dovun ëmmer erëm kleng Déifdrockgebitter entwéckelen, déi e Stuermfeld a Richtung Mëtteleuropa blose kënnen – dat, well den Jetstream se ëmmer erëm an eis Géigenden zitt. Aus momentaner Siicht kann et also net ausgeschloss ginn, dass eis tëscht dem Donneschden an dem fréie Sonndemoie nach dat engt oder anert Stuermfeld erwëscht. Et gëtt also erëm eng ganz interessant Woch.

Esou eng westlech Wiederlag ass net dofir bekannt, kal Loft ze bréngen. Heescht dat dann elo definitiv, dass wäiss Chrëschtdeeg vum Dësch sinn?

D’Chancen sinn duerch déi rezent Entwécklungen wierklech e gutt Stéck zréckgaangen – et misst sech mëttlerweil erëm villes an déi aner Richtung orientéieren, fir dass d’Chance erëm méi grouss gëtt. An der leschter Woch hätt jo d’Méiglechkeet bestanen, dass sech no der elo kommender méi waarmer Phas nach kuerz viru Chrëschtdag déi kill Loftmassen zréckkämpfen, mee jo… wat wëll ee maachen. De neiste Stand wëll éischter näischt vu wanterlechen Entwécklunge wëssen. Eng kleng Hoffnung besteet awer fir ronderëmt de 26ten. Och dat ass awer nach immens spekulativ.


De Wanter mécht eng Paus, dofir bleift et awer zimmlech interessant. Merci Philippe fir d’Aussiichten a bis de Freiden.