Radioaktive Saharastëbs & Fréijoerswieder

Radioaktive Saharasand hat an de leschten Deeg e gréisseren Impakt op eist Wieder. Ass dëse Stëbs geféierlech? A wéi geet et virun?

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 22.03.2022:

De Weekend war et jo erëm kuerz méi gro ginn zu Lëtzebuerg, och e bësse Reen ass net ausbliwwen. Elo ass den héije Loftdrock awer zréck a bréngt eis fréijoersméissegt Wieder. Bedeit dat och de Retour vum méi zolitte Saharastëbs? De Philippe Ernzer wees méi doriwwer.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

De Saharastëbs war an de leschten Deeg an Thema.

Genee. Mir sinn et aus de leschte Joren ëmmer erëm gewinnt, e neie Phänomen ass dëst also net. Den Ënnerscheed dës Kéier war, dass mir et mat enger gréisserer Konzentratioun dovun ze dinn haten. Dëst huet een dunn virun allem un den Autoen, mee awer och un aneren Uewerfläche gesinn – oder och um vergaangenen Donneschdenowend, wou e beandrockende Sonnenënnergang ze bestaune war.

Wou kënnt dëse Stëbs iwwerhaapt hier?

De Saharastëbs kënnt tatsächlech aus der Sahara. Well dës awer esou immens grouss ass, kënnt de Stëbs net ëmmer vun der selwechter Plaz. Dëse Faktor huet en Afloss op d’Faarf vum Sand, well och déi ass net ëmmer déi selwecht. Dës Kéier war en immens roudelzech an orangelzech – ënnert anerem och, well Mineralien wéi Partikelen aus Eisen enthalen waren. Kee Wonner also, dass de Stëbs z.B. och op staark Magnéiter reagéiert.

E puer Beriichter no ass de Saharastëbs dës Kéier och radioaktiv gewiescht, ass do eppes drun?

De Saharastëbs aus de leschten Deeg gouf virdrun iwwer Marokko an Algerien opgewirbelt. Deemools, den 13. Februar 1960, huet Frankräich an der algerescher Sahara eng Atombomm getest. Iwwerreschter dovun, wéi beispillsweis Cäsium-137, deen bei der Kärspaltung entstanen ass, hu sech do iwwert eng grouss Fläch verdeelt.

Ass dës Radioaktivitéit fir de Mënsch geféierlech?

D’Meldungen hunn am Ufank natierlech net esou flott Gedanken ausgeléist, mee d’Aktivitéit ass tatsächlech immens geréng a läit wäit fort vun deene Wäerter, déi fir de Mënsch geféierlech kënne ginn.

Wéi laang bleift dëse Saharastëbs nach bei eis?

Mir hunn et de Moment ëmmer nach mat enger südlecher Stréimung an den ieweschte Loftschichten ze dinn, déi sech net grouss vun där vun der leschter Woch ënnerscheed. Dat heescht, dass mir et weiderhin mat Saharastëbs an eise Géigenden ze dinn hunn, mee net méi sou héich konzentréiert. De momentane Berechnunge no kann et bis an déi nächst Woch eran heiansdo erëm zu wellenaartëge Liwwerunge vu Saharastëbs kommen.

Dëst alles ass jo awer, wéi gesot, ganz normal?

Dat stëmmt. De Saharastëbs ass phaseweis ëmmer en Element, dat eist Wieder beaflosse kann. Beispill: vu virausgesoten 18 bis 20 Grad um leschte Mëttwoch war et op eemol awer nëmmen ëm 10 Grad waarm, dat bei engem dréiwen Himmel.

En dréiwen Himmel… ass dat eppes, wat mir och an déi nächst Deeg mat eranhuelen?

Den dréiwen Himmel sollt an de nächsten Deeg, erëm trotz gerénger Konzentratioun u Saharastëbs, kee gréissert Thema sinn. De Moment ass sech amgaangen immens stabilen Héichdrock iwwert eis breetzemaachen, wat an éischter Linn mol rouegt a sonnegt Wieder zu Lëtzebuerg bedeit. Ech kann also den absoluten “Go” fir Aktivitéiten am Fräie ginn.

Dat klengt jo zimmlech gutt! Bréngt dëst Héichdrockgebitt dann och Fréijoerswieder?

Bei dem gudde Wieder wäert definitiv Fréijoersfeeling opkommen. Wann alles klappt kënne mir eis haut op 16 bis 18 Grad freeën, muer um Mëttwoch op 16 bis 19 Grad. Ganz lokal wieren och mol 20 Grad net ausgeschloss. Bis de Sonnde mat sollten sech d’Temperaturen dem neiste Stand no am Dag tëscht 14 a 19 Grad ophalen

Fir wéini ass dann de nächste Changement virzegesinn? D’Wieder war an dësem Joer jo bis ewell zimmlech variabel.

Dat ass wouer – an do ass tatsächlech schonn eppes an de Kaarten ze gesinn, wat eis virun allem erëm méi niddereg Temperature brénge kéint. D’Modeller gesinn a Richtung Mëtt vun der nächster Woch nämlech erëm e méiglechen Abroch vu polare Loftmassen, wat kuerzzäiteg däitlech méi nidderëg Temperaturen am Dag an och erëm Frascht an de Nuechte bedeite géif.

Wier dës Phas dann och nohalteg oder ass se erëm séier duerch?

Dës Fro kann ee nach net esou wierklech beäntferten, well et duerch déi zäitlech Distanz schonn méi am Spekulatiounsberäich läit. Wann een dem aktuelle Laf vum amerikanesche Wiedermodell GFS awer Glawe schenkt, da kéint et direkt duerno, ronderëmt de 4. Abrëll, esouguer fréisummerlech ginn. Mee nach eng Kéier: huelt dat nach net all ze eescht, et ass aus meteorologescher Siicht gesinn nämlech nach vill ze laang bis dohin.