RAFAEL: Hurrikanwarnung fir Kuba, duerno Gefor fir de Florida Panhandle?

D’Hurrikansaison ass nach net eriwwer: Gëschter Owend huet sech den Tropestuerm RAFAEL an der Karibik forméiert an zitt elo a Richtung Kaimaninselen an och Kuba. Muer de Moie soll de Stuerm zu engem Hurrikan ginn.

Advertisement

De 17. benannte Stuerm vum National Hurricane Center

D’Hurrikansaison dauert nach bis den 30. November – a kuerz viru Schluss huet sech elo de RAFAEL am karibesche Mier forméiert. De Moment erreecht de Stuerm duerchschnëttlech Wandvitesse vu 95 km/h, soll sech awer muer de Moie beim Passage iwwert d’Kaimaninselen zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie verstäerken. Dëst entsprécht Wandvitesse vun 130 km/h mat méi héije Wandstéiss.


Déi aktuell Projektioun vum National Hurricane Center fir de RAFAEL | Grafik: hurricanes.gov

Déi éischt Unzeechen dofir, dass sech amgaangen ass, e neien Tropestuerm ze entwéckelen, gouf et schonn um Sonndenowend: Ëmmer méi Donnerwieder hu sech ronderëmt e klengt Déifdrockgebitt forméiert, wouropshin de National Hurricane Center de System schonn als “potenziellen Zyklon” agedroen huet. Eng Ënnersichung vun engem Fliger vun der Air Force, den Hurricane Hunters, huet dann elo d’Gewëssheet ginn, dass de RAFAEL offiziell en Tropestuerm ass.

Kuba fir d’nächst am Viséier, an dann?

Der Projektioun vum National Hurricane Center no trëfft de RAFAEL muer den Owend als Hurrikan vun der éischter Kategorie mat sengem Aen am Weste vu Kuba u Land, fir d’Géigend gëllt och schonn eng Hurrikanwarnung. An der Moyenne soll de Wand mat 150 km/h blosen, iwwerdeems et zu zolittem Reen mat Iwwerschwemmungspotenzial kënnt. Nodeems de Stuerm Kuba hannert sech huet, zitt en op de Golf vu Mexiko eraus.


D’Berechnunge vun de verschiddene Wiedermodeller fir de méiglechen zukünftege Lafwee vum RAFAEL | Grafik: tropicaltidbits.com

Heiduerch klëmmt d’Angscht, dass de Stuerm eventuell a Richtung Florida kéint ofdriften. Zur Erënnerung: De Nordweste vum Bundesstaat hat et dëst Joer mam Hurrikan HELENE a MILTON ze dinn, déi fir katastrophale Schued gesuergt haten. Ass d’Angscht dann berechtegt? Deelweis: Den aktuelle Modellrechnunge no soll kéint iwwert dem Golf vu Mexiko tatsächlech en Drift a Richtung Norden oder Nordosten stattfannen, duerch deen entweder de Südoste vu Louisiana getraff gëtt oder och den äusserste Weste vu Florida, de sougenannte “Florida Panhandle”.


Den aktuelle Satbild-Loop vum RAFAEL | Animatioun: tropicaltidbits.com

Et wier also net den exakte Lafwee vum MILTON an HELENE, an awer kéint et an de nächsten Deeg nach op d’mannst fir den äusserste Weste vu Florida interessant ginn. An awer: Den aktuelle Berechnunge no wier de RAFAEL zu dësem Zäitpunkt keen Hurrikan méi, mee “just” nach en Tropestuerm. Et bleift also ze hoffen, dass dës Aussiichten esou bleiwen.