Randdéif e Freiden: Schmuele Grat tëscht bësse Wand & schwéiere Stuermstéiss

E méi spannenden Dag an dëser Woch gëtt definitiv de Freiden. E Randdéif kënnt an eis Géigende gezunn – d’Fro ass just, wéi et wierklech zitt. De klengsten Ënnerscheed entscheed driwwer, ob eis nëmmen e spierbare Wand oder awer esouguer schwéier Stuermstéiss ustinn.

Advertisement

Wat ass e Randdéif?

Ënnert engem Randdéif versteet een e klengt Déif, wat ronderëmt e gréissert Déifdrockgebitt oder och en Déifdrockkomplex zirkuléiert. Se gi méi oder manner ronderëmt de Kär vun dësem gréisseren Déif geschleidert, wat dozou féiert, dass se zimmlech séier ënnerwee sinn. Doduerch, mee och well se zimmlech kleng sinn, gëlle Randdéifer als zimmlech schwéier viraussobar Wiederlagen. Déi klengst Ënnerscheeder vum Lafwee kënnen zu groussen Ënnerscheeder féieren. Am Wanter suerge Randdéifer ëmmer fir schwiereg Viraussoen a Saache Schnéihéichten, iwwerdeems se an den anere Joreszäiten oft mat Stierm oder Donnerwieder zesummenhänken an do fir gréisser Onsécherheete suergen.

D’Situatioun e Freiden

Mir wëssen also elo, dass mir et e Freide mat engem Randdéif ze di kréien. Den europäesche Wiedermodell ECMWF gesäit d’Déif mat sengem Kär iwwert de südlechste Wutz vun de britteschen Inselen ewechzéien fir duerno de Nordweste vun Däitschland ze passéieren. An dësem Fall kriite mir et hei zu Lëtzebuerg definitiv mam Stuermfeld ze dinn, dat mat Vitesse vun tëscht 75 a 95 km/h. Am weidere Verlaf beweegt sech d’Déifdrockgebitt a Richtung Tschechien.


D’Berechnung fir e Freide laut dem ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

Dem amerikanesche Modell GFS no soll d’Randdéif iwwert der Nordséi uerdentlech un Zuchvitesse verléieren. Ongeféier op der Héicht vun Amsterdam soll et südlech ofdriften, fir dann westlech un eis laanschtzezéien a sech op Zentralfrankräich zouzebewegeen. Doduerch géif eis de Reen eng gutt Zäit laang beschäftegen, iwwerdeems de Wand guer net mol esou wierklech der Ried wäert wier. Déi héchst Vitesse géife bei 60 km/h leien.


D’Berechnung fir e Freide laut dem GFS-Modell | Grafik: wxcharts.com

Dem däitschen ICON Modell no zitt d’Déif mat sengem Kär iwwert de südlechste Wutz vun de britteschen Inselen, also änlech wéi den europäesche Modell et gesäit. Änlech wéi den amerikanesche Modell et dann awer komme gesäit, soll d’Randdéif iwwert der Nordséi un Zuchgeschwindegkeet verléieren. De Schwong géif awer dofir duergoen, dass eis d’Déif nërdlech passéiert, fir dann e Sonndemoien ëstlech un eis laanscht a Richtung Süden ze zéien. Bei dëser Variant wier de Reen och en Thema & wandméisseg wiere virun allem tëscht dem Virmëtten an dem Nomëtte Spëtzte vun tëscht 75 a 90 km/h ze erwaarden. Déi héchst Vitesse géifen tendenziell op de Koppen & och an de méi westlechen Deeler vum Land optrieden.


D’Berechnung fir e Freide laut dem ICON-Modell | Grafik: wxcharts.com

De franséische Modell ARPEGE gesäit d’Déif mol guer net esouwäit kommen: Et soll iwwert dem Oste vun England hänke bleiwen an eis ausser vill Reen net vill bréngen. Wandméisseg wiere mir mat Spëtzte vun tëscht 40 a 55 km/h ënnerwee.


D’Berechnung fir e Freide laut dem ARPEGE-Modell | Grafik: wxcharts.com

De Fazit

Vun den ausgesichte Modeller hu mir d’Hallschent, déi kee wierklech nennenswäerte Stuerm op eis duerkomme gesinn. Déi aner Hallschent beseet awer, dass wuel awer de Risk vu warnrelevante Wandvitesse besteet. Aus aktueller Siicht gesi kënne mir just déi nächst Modell-Leef ofwaarden a kucken, ob sech geschwënn eng eenheetlech Tendenz erauskristalliséiert. Et gëtt also spannend.