Muer um Méinden zitt e Frontesystem iwwert eis ewech. Dëse bréngt eis net nëmme Reen, mee virun allem en opfrëschende bis fläit esouguer stiermesche Wand.
Advertisement
E klengt Déif kënnt eragerauscht
Wéi a sämtlechen Artikelen thematiséiert, läit muer en Déifdrockkomplex iwwert de skandinavesche Länner. Um Rand vun dësem gréissere Komplex forméiert sech an der Nuecht op e Méinden e Randdéif, wat vun England aus eriwwer an Holland an dann an de Nordweste vun Däitschland eranzitt. De Frontesystem vun dësem klengen Déif wäert och eis zu Lëtzebuerg erreechen.
Besonnesch un den hollännesche Küsten esouwéi an Deeler vu Nordrhein-Westfalen ass mat stiermesche Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss ze rechnen. Vitesse vun tëscht 70 a 90 km/h si méiglech. Desweidere besteet vum spéidere Nomëtten un bis an den Owend eran am äusserste Nordweste vun Däitschland, also a Richtung Bremen, de Risk vun eenzelnen Donnerwieder mat Rotatiounspotenzial.
Och bei eis lëfteg a naass
Mir leie méi wäit südlech, an dohier wäert den Effekt bei eis net grad esou däitlech sinn. Trotzdeem ass am Laf vum Nomëtte mat spierbare Wandstéiss vu bis ëm 55 km/h ze rechnen, deemno wéi kann et och fir 65 km/h duergoen – dëst awer virun allem just dann, falls sech wärend dem Frontepassage och eng méi kräfteg Schauerlinn sollt forméieren – eenzel héichopléisend Modeller gi nämlech Signaler dorop. Et sief awer ze betounen, dass et sech heibäi net ëmt eng Onwiederlag handelt. Et wäert einfach just zäitwies a lokal méi ongemittlech ginn.
Um Dënschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, lokal kann och mol nach eng eenzel Schauer optrieden – d’Quantitéite sinn awer net wierklech der Ried wäert.