Wéi ausféierlech thematiséiert, hätte fir d’Flacken muer um Freidemoien all d’Zutate missen zesummekomme, fir dass et klappt. Um weidere Lafwee vun eisem Randdéif ginn der awer e puer verluer, d'”Chancen” hu sech also däitlech verschlechtert.
Aus Theorie gëtt esou lues Praxis
Am Artikel vun en Dënschden hate mir op déi kleng Méiglechkeet vun den éischten, eenzelne Flacken opmierksam gemaach – keng Schnéicouche, mee einfach mol déi eng oder aner Flack. Ausgoend wier dat vun engem Randdéif, wat gläichzäiteg och d’Stuermdéif FREDERICO ass. An Tëschenzäit ass gewosst, dass a Saache Schnéi wuel d’Schnéifallgrenz ze héich wäert ausfalen.
D’Déifdrockgebitt zitt mat sengem Kär viraussiichtlech immens knapp südlech u Lëtzebuerg laanscht, esou dat momentaant Satellitebild vun 14:12 Auer. Den éischte Reen, deen mat dësem Déif zesummenhänkt, huet eis an Tëschenzäit jo och schonn erreecht. Momentan erliewe mir zwar plazeweis eng kleng méi dréche Paus, mee weidere Reen aus Frankräich léisst net laang op sech waarden. De Reen soll bis an d’Nuecht eran bei eis bleiwen, mee awer no a no ofhuelen.
Dobäi ass ze erwaarden, dass eis Temperature bis muer de Moie fréi (Freiden 07:00 Auer) op tëscht 3 a 5 Grad zréckginn. Dir mierkt: Et ginn tatsächlech méi kill Loftmassen an eis Géigende gelenkt, déi duerch d’Récksäit vum Randdéif de Wee heihin fannen, mee et geet vun den Temperaturen hier net grad duer fir Schnéireen. Och déi berechent Schnéifallgrenz ass an Tëschenzäit ze héich, se läit bei tëscht 700 an 1000 Meter. Gëschter ëm dës Zäit goufe nach 500 bis 800 Meter berechent, wat fläit fir déi allerhéchst Koppen am Land ëmmer nach déi eng oder aner Flack bedeit hätt.
Randdéifer sinn, wéi gesot, ëmmer immens kniffleg. Zitt de Kär nëmmen e klengt Stéck anescht wéi geplangt, da kann dat immens grouss Ännerungen tëscht Prognos & Realitéit bewierken. Dës Ëmstänn goufen am Artikel vun en Dënschden och schonn ausféierlech beschriwwen.