Déi zweet Wochenhallschent wäert sech méi turbulent gestalten. Déi momentan Modeller wëlle virun allem fir en Donneschden och mol méi kräfteg Stuermstéiss net ausschléissen. Den aktuelle Stand.
Advertisement
Eenzel Modeller mat schwéiere Stuermstéiss
Vun der zweeter Wochenhallschent un gëtt et méi turbulent, dat wësse mir jo elo. Dat spiere mir awer net nëmmen a Form vu kräftegem Reen a fläit och mol eenzelne Flacken, mee och de Wand kann dobäi méi interessant ginn.
De Grond dofir ass deen, dass sech en Donneschden viraussiichtlech e Randdéif probéiert, tëscht de generellen Déifdrockafloss iwwert dem Atlantik an den héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum ze drécken. Duerch déi grouss Loftdrockënnerscheeder kënnt méiglecherweis e kräftegt Wandfeld zustanen, wat zwar virun allem un de Küsten, mee awer och bei eis, fir potenziell warnrelevant Stuermstéiss ka suergen.
Wat gëtt fir Lëtzebuerg berechent?
Natierlech sinn déi Zuelen, déi mir elo hei opzielen, nach net definitiv. Éischtens ass et jo nach e Stéck bis dohin an zweetens handelt et sech ëmt e Randdéif – an dës si souwisou ëmmer eng Nummer méi schwéier fir virauszesoen. Den däitsche Modell ICON-EU rechent vum spéideren Donneschdenomëtten un domat, dass et ëmmer méi stiermesch gëtt. Virun allem vum fréien Owend bis an déi fréi Nuecht era solle Wandspëtzte vun tësdcht 75 a 90 km/h erreecht ginn, wat Stuermstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss entsprécht. Den europäesche Modell gesäit et bal genee esou a rechent mat Spëtzte vun tëscht 80 a 95 km/h, iwwerdeems den amerikanesche Modell och bis zu 90 km/h op eis duerkomme gesäit – dat awer éischter fir de Nomëtten, net Owend.
Déi dräi ausgesicht Modeller gesinn also keng gréisser Ënnerscheeder ënnerteneen. Dohier ass et warscheinlech, dass et en Donneschden op d’mannst zimmlech lëfteg gëtt an deemno wéi eben och gutt stiermesch. D’Situatioun ass also am Aen ze halen.