Réckbléck: An der leschter Nuecht louche mir bal iwwerall am Minus

Iwwerdeems eis Minimaltemperaturen an d’lescht Woch nach am zweestellege Beräich louchen, si mir an Tëschenzäit am ganz klore Minus ukomm.

Foto: Kim Kuperkova

Advertisement

Minimalwäerter vu -3 Grad

An der virleschter Nuecht ass et fir Wäerter vu knapp ënner 0 Grad duergaangen, an der vergaangener ass den Thermometer awer e gutt Stéck méi wäit erofgaangen. Dëst waren e puer vun de keelste Géigenden:

  • Ueschdrëf (ASTA): -3,2°C
  • Waldbëlleg (ASTA): -3,1°C
  • Breedelt (ASTA): -2,9°C
  • Schëmpech (ASTA): -2,8°C
  • Aasselbuer (ASTA): -2,6°C
  • Trënteng (ASTA): -2,1°C

Wat d’Temperaturen op direkter Buedemhéicht ugeet, ware mir bei genee -5 Grad an der Haaptstad ënnerwee. Op zweeter Plaz ass Béiwe beim Stauséi mat -3,7 Grad.

Déi nächst Nuecht, also déi op den Dënschden, fällt lokal och mol nach liicht fraschteg aus. Esou kill wéi an der leschter sollt et awer net ginn.

Donnéeën: Kachelmannwetter, ASTA