Réckbléck: D’Tornadoen, déi eis am Joer 2021 am nooste komm sinn

Wéi all Joer sinn och 2021 erëm eng Partie Tornadoen iwwert dem Kontinent entstanen. Mir maachen e Réckbléck op déi Fäll, déi Lëtzebuerg am nooste komm sinn.

Europa: 937 Tornadoe registréiert

D’European Severe Weather Database (ESWD) vum European Severe Storms Laboratory (ESSL) ass eng Datebank, an déi zolitt Wiederphänomener agedroe ginn – dat duerch Meldungen vun Meteorologen, Storm Chaser a Wieder-Enthusiasten. Dës Meldunge ginn op Plausibilitéit iwwerpréift an duerno entspriechend der Datebank dobäigesat.

Insgesamt sinn am Joer 2021 937 Tornadoen an d’Datebank agedroe ginn. Bei 581 vun de Meldungen (62%) handelt et sech ëm sougenannt “Waterspouts”, also Tornadoen iwwert dem Waasser.

261 vun den am ganzen 356 Tornadoen, déi iwwer Land opgetrude sinn, waren der Stäerkt F0-F1 zouzeschreiwen – dës maachen also 73,3% aus. 30 Tornadoen (8,4%) waren F2-F3 an 1 war en F4 (opgetrueden den 24. Juni 2021 tëscht Valtice an Hodonín an Tschechien mat Wandvitessen vun iwwer 333 km/h). 64 vun de gemellte Fäll konnte kenger Intensitéit zougeschriwwe ginn.

273 Persoune goufe bei dësen Tornadoe blesséiert, 14 si gestuerwen.

Tornadoen an eiser Groussregioun

Och am Summer vum Joer 2021 waren Tornadoen en Thema an eiser Groussregioun.

Bernistap (bei Buret, Belsch), F3 Tornado

Deen Tornado, deen Lëtzebuerg am nooste komm ass, ass de 27. Juni 2021 zu Bernistap bei Buret an der Belsch opgetrueden. E war der lëtzebuergescher Grenz esou no, dass een den Tornado esouguer aus dem Nordweste vun eisem Land aus beobachte konnt. Et huet sech dobäi ëmt en F3 Tornado gehandelt, dat mat Wandvitesse vun op mannst 254 km/h. E Bauerenhaff louch um geneeë Lafwee vum Stuerm an huet schwéiere Schued erlidden: Gebaier goufe staark beschiedegt (verschiddener bal ganz zerstéiert), Mauere sinn agefall, Diecher ewechgeblosen an et sinn och e puer Déiere vum Haff ëmkomm.

Den Tornado hat an der Breet en duerchschnëttlechen Aflossberäich vu 45 Meter, de Maximum gëtt mat 100 Meter uginn. Gezunn ass en, gekoppelt un e Superzellen-Donnerwieder, vu Süd-Südost a Richtung Nord-Nordwest an huet dobäi eng Distanz vu 6 Kilometer zréckgeluecht.

D’Naturgewalt konnt een aus dem Raum Aasselbuer a Boxer gutt beobachten an esouguer filmen.

Och vun Helzen aus war den Tornado ze gesinn.

5 Tornadoen an engem Dag an der Belsch

De 19. Juni 2021 sinn an der Belsch esouguer 5 Tornadoen opgetrueden, alleguer an der Wallonie.

Bras, F2 Tornado

De 19. Juni 2021 ass zu Bras an der Belsch, bei Libramont-Chevigny (Province de Luxembourg), en F2 Tornado opgetrueden. Dësen huet eng Streck vun 1 Kilometer zréckgeluecht an hat an der Breet e maximalen Aflossberäich vun 100 Meter. Dësen Tornado ass un enger Superzell entstanen, déi sech géint 21 Auer am Südoste vu Châlons-en-Champagne a Frankräich entwéckelt huet, ier se géint 22:30 am Raum Libramont ukomm ass.

Éprave & Laloux, F2 Tornado

Och Éprave an Laloux waren un dësem Dag vun engem Tornado betraff, deen eng Stäerkt vun F2 opzeweisen hat. Op enger Streck vun 18 Kilometer huet en an der Breet e maximalen Aflossberäich vun 250 Meter gehat. Nodeems den Tornado duerch d’Uertschaft Auffe gezunn ass a fir nennenswäerte Schued u Gebaier gesuergt huet, ass en ënner Ofschwächung iwwert e Bësch gezunn – dat esouguer mat e puer Wirbelen ronderemt den Haaptwirbel, also als Multivortex-Tornado (esou wéi den Tornado am Raum Péiteng de 9. August 2019).

Beauraing, F2 Tornado

Zu Beauraing, an der Province de Namur, ass e weideren F2-Tornado opgetrueden. Wéi Belgorage schreift, huet en eng Distanz vun op mannst 26 Kilometer zréckgeluecht, dat mat engem maximalen Aflossberäich vun 500 Meter. En ass un enger Superzell aus südlecher Richtung komm an huet op sengem Wee ëm 90 Gebaier beschiedegt, 10 dovu sinn als net méi bewunnbar agestuuft ginn. Eng Sportshal ass zesummegefall. 17 Persoune goufe blesséiert.

Sorinne-la-Longue, F1 Tornado

Dësen Tornado ass och an der Province de Namur opgetrueden, war als F1 awer e bësse manner staark. En huet eng Streck vun 3 Kilometer hannert sech gelooss an hat dobäi e maximalen Aflossberäich vun 150 Meter an der Breet.

Olne (bei Léck), F1 Tornado

Mir ginn e bësse méi wäit fort op Olne, südëstlech vu Léck. Géint 18:40 ass och hei en F1-Tornado opgetrueden. En huet en Daach vun enger Schoul ofgedeckt an e puer ëmleiend Haiser beschiedegt.

Schwaachen Tornado an der Lorraine, Frankräich

Tellancourt, onklassifizéierten Tornado

De 24. Juni 2021 ass zu Tellancourt an der Lorraine a Frankräich géint 15:20 e schwaachen Tornado entstanen. En ass iwwer onbewunntem Gebitt ënnerwee gewiescht an huet kee nennenswäerte Schued ugeriicht.

Informatiounsquellen:

ESSL/ESWD
Belgorage