Réckbléck op d’Nuecht: Op dëse Plaze war et am keelsten an esou geet et virun

Am Verglach zu de leschte Nuechten mierke mir de Moment immens grouss Kontraster. De Changement hält, wat e versprécht. Hei fannt Dir déi nidderegst Wäerter aus der leschter Nuecht an och, wéi et virugeet.

Advertisement

Den Hierscht ass definitiv ukomm

Nodeems et esou laang vill ze waarm war, däerf ee sech wierklech iwwert déi momentan Temperature freeën. Mir maachen elo e Réckbléck op déi lescht Nuecht a kucken och op déi nächst, wou et op e Neits zimmlech kal gëtt.

An der vergaangener Nuecht, respektiv haut de Moie fréi, louchen déi nidderegst Temperature bei knapp -1 Grad. Am keelste war et un der ASTA Statioun zu Breedelt mat -0,7 Grad, hannendru kënnt d’ASTA Statioun vu Schëmpech mat -0,6 Grad.

Kal war et och un den ASTA Statiounen Ueschdrëf a Käerch mat -0,3 Grad, hannendru kënnt déi vu Réiser mat -0,2 Grad.

Wat de Buedemfrascht betrëfft war et zu Béiwen am keelsten, dat mat -3,6 Grad.

Wéi gëtt et déi nächst Nuecht?

D’Nuecht op de Méinden an och de fréie Méindemoie ginn op e Neits zimmlech kill, mee eben op normal hierschtlechem Niveau.

Iwwert de Nordweste vum Land verdeelt ass mat tëscht -1 an 1 Grad ze rechnen, op direkter Buedemhéicht wiere mir mat tëscht -2 a -4 Grad ënnerwee – also alles ganz änlech wéi an der vergaangener Nuecht. Am Rescht vum Land wiere mir mat 0 bis 3 Grad ënnerwee, virun allem a gréisseren Uertschaften a Stied ass mat ëm 4 Grad ze rechnen.

Donnéeën: Kachelmannwetter, ASTA