2018 war dat bisewell wärmst Joer – a wärt villen an Erënnerung bleiwen

2018 ass definitiv e Joer, waat engem an Erënnerung bleiwe wärt. Am Fréijoer ware mir mat schwéieren Iwwerschwemmunge geplot, e puer Méint drop mat enger grousser Drëchent. Schlussendlech war d’Joer 2018 sou waarem wéi nach nie a sou drëche wéi scho laang net méi.

Jetstream vir Onwiedere verantwortlech

Am Joer 2018 huet d’Grousswiederlag nëmme seele geännert, soudass mir et iwwer Wochen a souguer Méint mat där selwechter meteorologëscher Situatioun ze dinn haaten. Ze verdanken haate mir daat dem Jetstream, engem Staarkwandband, waat a gutt 8 bis 12 Kilometer Héicht iwwert de Globus zitt. De Wandstroum düst net riicht iwwert de Planéit, mee a Welleform – sougenannt Rossby-Wellen. D’Verlagerung vun dëse Welle verleeft normalerweis an engem nawell raschen Tempo, soudass déi dodrunner gekoppelt Drockgebitter um Buedem vir e regelméissëge Wiessel tësche guddem a manner guddem Wieder suergen. 2018 haate mir de Fall, dass d’Rossby-Wellen vill méi ausgebreet waren an och den Jetstream usech vill méi lues ënnerwee war.

Vun extremen Iwwerschwemmunge bis hin zu staarker Drëchent

Drockgebitter haaten also quasi keen Undriff. D’Resultat: D’Grousswiederlag ännert deels méintelaang net. Vum Mee bis ufanks Juni haate mir ëmmer rem Iwwerschwemmungen duerch eng wochelaang unhaalend donnerwiederträchtëg Grousswiederlag. En Héichtewand a gutt 1,5 bis 3 Kilometer war kaum ze fanne, soudass sech d’Zelle meechtens iwwert där enger a selwechter Plaatz ausgereent hunn. Et koum nie zu groussflächëgem Reen, et waren allkéiers just e puer kleng an enk begrenzt Regioune vum Land betraff. Eng Ausnahm huet d’Nuecht op den 1. Juni 2018 duergestallt: e groussen Donnerwiederkomplex (MCV = Mesoscale Convective Vortex) huet sech mat séngem Kär knapp östlech vu Lëtzebuerg positionéiert an huet ëmmer rem nei Schauere produzéiert an an eis Géigenden zéie geloss. Den Héichtewand war deemols sou schwaach, dass sech de System bis an de Moie vum 1. Juni 2018 eran net vum Fleck beweegt huet. Besonnëg uerg getraff huet et den Osten an de Nordoste vum Land, wou wäit iwwer 100 l/m² Reen eroofkomm sinn. De Schued war enorm.

An dësem Facebookpost ass de Kär vum Donnerwiedersystem mat “MCV” gekennzeechent. D’Feiler weise, wéi déi vill kleng Donnerwiederzelle rondrëmt den Zentrum kreesen.

Déi aner Säit: Iwwer Méint ze drëchen

E weidere, negativen Effekt vun der Verännerung vum Jetstream, war de grousse Nidderschlagsdefizit. D’Grousswiederlag, déi eis déi vill Iwwerschwemmunge bruecht huet, huet sech sou lues ofgebaut. Daat nächst, waat sech nach vill méi laang duerchgesaat huet: meechtens rouëgt, mee och drëchent Wieder – ze drëchen! Mir loungen oft ënner staarkem Héichdrockafloss, soudass sech Frontesystemer vun Déifdrockgebitter aus westleche Richtunge richtëg rar gemaach hunn. Wann et net grad eng Front war, déi et zoufällëg bei eis gepackt huet, da waren et haaptsächlech just ganz vereenzelt Schaueren oder Donnerwiederen, déi mol vir e bësse Reen gesuergt hunn. Och an dësem Fall huet et nach laang net jiddereen getraff, et konnt ee vu Gléck schwätze, wann ee mol vun enger Schauerzell erwëscht ginn ass. Daat ganzt war bis an de spéide Summer de Fall, bis et sou rondrëm September/Oktober ëmmer méi oft virkomm ass, dass et mol rem méi flächendeckend naass konnt ginn. Trotz deem “naass ginn” waren d’Nidderschlagsquantitéiten kaum nennenswert. D’Nofro no laang unhaalendem Landreen war grouss, virun allem säitens der Landwirtschaft.

Météo Boulaide Wiederstatioun: 2018 dat wärmst Joer bisewell

Zanter November 2011 bedreift Météo Boulaide eng professionell Wiederstatioun zu Bauschelt. Déi knapp iwwer 7 Joer sinn zwar bei wäitem ze wéinëg vir bei grousse Vergläicher mathaalen ze kënnen, an awer losse sech schon éicht Hiweiser op de Klimawandel fannen. Bisewell kann ee scho soen, dass et an de leschte Joere méi waarem ginn ass an dass dëst héchstwahrscheinlech och en Trend vir déi nächst Joere wärt sinn.

D’Wiederstatioun huet am Joer 2018 eng Moyenne vun 10,21 °C gemooss, daat si 0,59 °C méi wéi am Joer 2017 an iwwertrëfft d’Moyenne vun de Joeren 2012 bis 2017 ëm 1,0116 °C (D’Moyenne vun 2011 ass net mat abegraff, well vun 2011 just November an Dezember verfügbar sinn). Déi héchst Temperatur gouf de 7. August 2018 mat 34,5 Grad gemooss.

Op den éichte Bléck an aus dem Gefill eraus géif ee jo mengen, d’Joer 2018 wier och daat bisewell drëchenst Joer gewiecht. Dëst ass awer net sou: Daat drëchenst Joer bisewell war 2016 mat 581,6 l/m². 2018 kritt soumadde mat 594,8 l/m² déi zweete Plaatz. Et sief awer drop higewisen, dass dës Werter staark vun der Regioun ofhängeg sinn. Et gi sëcher Géigende, wou 2018 manner Schaueren aktiv waren, an de Wert soumadden däitlech ënnert deem vun 2016 läit.

Neie Rekord: Sou vill Summerdeeg wéi nach nie

An der Meteorologie schwätzt ee vun engem Summerdag, wann d’Temperatur e Wert vu 25 °C iwwerschratt huet. Am Joer 2018 ass dëst u genee 59 Deeg geschitt. Vir ze weise, wéi markant dëse Wert ass: 2017 waren et der 33 manner, 26 Summerdeeg goufe gezielt. An der Moyenne gi “just” 24 Summerdeeg un der Météo Boulaide Wiederstatioun am Joer registréiert.

Waat déi kaal Deeg ugeet, si keng gréisser Anomalien festzestellen (dëst ass op d’Wanterméint bezunn). E kaalen Dag heecht an der Meteorologie, dass d’Maximaltemperatur am Dag net iwwer 10 Grad klëmmt. Zu Bauschelt ginn et am Joer an der Moyenne 143 där Deeg, 2018 goufen 137 kaal Deeg gemooss. Wäicht e bësse vun der Moyenne of, mee et ass ze bedenken, dass 2016 an 2013 jeweils 159 an 160 kaal Deeg registréiert goufen. En Downtrend vun de kaalen Deeg ass also net ze erkennen.

Frascht haate mir 2018 un 58 Deeg, 2017 waren et der 61 an 2016 70. Am Joer ginn duerchschnëttlech 68 Frascht-Deeg gezielt, also Deeg, un deenen d’Minimaltemperatur op ënner 0 fällt.