Récksäit vum BIANCA: Schnéiwicken & spigelglat Stroossen ze erwaarden

D’Randdéif BIANCA, wat eis haut um Donneschde plazeweis bis zu 20 cm Schnéi bruecht huet, suergt och an de nächste Stonne nach fir wanterlecht Wieder.

Déi kill Récksäit kënnt

D’BIANCA ass mat séngem Kär nëmme knapp südlech u Lëtzebuerg laanschtgeschrammt – de Grond, firwat sech bei eis déi méi wanterlech Variant duerchsetze konnt. De Wand gëtt awer och sou lues en Thema, mee just fir eng kuerz Zäit.

Am Laf vum Nomëtten ass d’Schnéifallgrenz kuerzzäiteg bis op 400 bis 450 Meter geklomm, dat well mir méi an de waarme Sekteur vum Déif gerode sinn. Op ville Plazen am Süde vum Land ass de Schnéi dohier tëschenzäitlech a Reen iwwergaangen an d’Schnéidecken, falls eng do war, ass méi dënn ginn. Am weidere Verlaf vum Owend leie mir op der Récksäit vum Déif, wouduerch rem méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt ginn. Eenzel Schnéischauere kënnen och rem mat dobäi sinn, och op méi niddrege Plaze well et ebe rem méi kill gëtt.

Dat Ganzt bréngt mat sech, dass et duerch Nätzt déi rem fréiert lokal riskéiert spigelglat ze ginn. Mat dobäi kënnt e spierbare Wand, besonnesch op exponéierte Plazen ass mat Vitesse vun tëscht 50 a 75 km/h ze rechnen. D’Entstéiung vu Schnéiwicken ass ganz wahrscheinlech, wat d’Fuerkonditioune weiderhi verschlechtert. De Wand hëlt awer ëmmer méi of.

An der Nuecht ginn d’Temperaturen op 0 bis -3 Grad zréck, am ganze Land bleift et wanterlech mat den entspriechende Stroossekonditiounen.