Reen-Ausbléck: Déi zweet Hallschent vun der Woch gëtt nach richteg naass

Dës Woch war et jo schonn bis ewell zimmlech naass. De Wiedermodeller no komme bis e Sonnden inclus nach eng Kéier lokal bis ëm 70 l/m² Reen no.

Advertisement

Eng immens naass zweet Wochenhallschent méiglech

Am Ufank huet et dono ausgesinn, wéi wann dës Woch liicht manner naass wéi déi lescht géif ausfalen. Rezente Modellrechnunge no kéinte mir awer um selwechte Niveau, resp. driwwer, erauskommen. Bis de Sonnde passéieren eis ëmmer erëm Déifdrockgebitter a Frontesystemer, et kënnt also weiderhin zu vill Reen. Bis e Sonnden inclus rechnen d’Modeller folgendes:

  • GFS: 40 – 60 l/m²
  • ECMWF: 40 – 75 l/m²
  • ICON-EU: 40 – 55 l/m²

Wa mir no dëse Modeller fueren, sinn also akkumuléiert gesinn tëscht 40 an 63 l/m² ze erwaarden. Wa mir et elo op d’Groussregioun kucken, da sinn entweder südwestlech oder südëstlech vu Lëtzebuerg och punktuell 80 l/m² net ausgeschloss.