Reen: Freide nach reenereg, duerno manner oft naass

De Weekend iwwer gerode mir, wéi schonn gesot, ënner liichten Héichdrockafloss. Haut ass dëst awer nach net ganz de Fall – et kann een also schonn emol soen, dass den Dag vun haut de naasste vun de nächsten dräi wäert ginn.

De Weekend iwwer gerode mir, wéi schonn gesot, ënner liichten Héichdrockafloss. Haut ass dëst awer nach net ganz de Fall – et kann een also schonn emol soen, dass den Dag vun haut de naasste vun de nächsten dräi wäert ginn.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent vun haut de Moie fréi 0h bis de Sonndenowend spéit / Méindemoie fréi (12.10.2020 – 00:00h) mat Akkumulatioune vun tëscht 10 an 18 l/m². De meeschte Reen gëtt alt erëm laanscht de Weste vum Land berechent. Den europäeschen ECMWF ass mat 8 bis 17 l/m² net wäit ewech vun dëser Iddi a rechent de meeschte Reen och un der Nordspëtzt resp. laanscht den äusserste Westen. Am mannste naass ginn soll et am Zentrum vum Land.

De franséischen ARPEGE gesäit dat ganzt e bëssen zweegedeelt: tëscht 5 an 18 l/m² gi sech erwaart, dat mannst soll am Gros vun der Südhallschent vum Land falen. Den däitschen ICON gesäit et vun der Reenverdeelung hier gesi bal d’selwecht wéi den europäeschen ECMWF, weist mat 6 bis 14 l/m² awer eng gewëss Differenz op.

Fir ofzeschléisse kucke mir nach séier op d’Reequantitéiten, déi iwwer déi lescht 7 Deeg gefall sinn. Kalibréierte Radarmiessunge no leie mir un der Nordspëtzt vum Land bei tëscht 30 a 45 l/m². Weider an de Süde ginn d’Quantitéite méi markant, am ganze Rescht vum Land sinn 45 bis 77 l/m² gefall (Stand: 08.10.2020 07:50h, Quell.