Reen: Schmuele Grat tëscht e puer Schaueren & Dauer- a Staarkreen

Ronderëmt den Donneschden an de Freide ginn et a Saache Reen gréisser Onsécherheeten. De Grat tëscht e puer Schaueren a gréissere, potenziell warnrelevante Quantitéiten ass schmuel.

Wiedermodeller si sech net ganz eenz

D’Modeller si sech wuel driwwer eenz, dass den Donneschden an och de Freiden e klengt Déifdrockgebitt iwwer eist Wieder entscheede wäert, wat aus dem Oste vu Frankräich eropgezu kënnt. Sécher ass awer net, wéi genee dëst Déif mat sengem Kär zéie wäert. Zitt et nämlech nëmme ganz knapp ëstlech u Lëtzebuerg laanscht, leie mir genee an der Zuchbunn vun de sech ronderëmt de Kär dréienende Nidderschléi, wat also liicht zu enger Dauerreen-Situatioun féiere kann. Zitt de Kär genee iwwert eis ewech, da gëtt et wuel e reeneregen Dag, an awer géif dat meescht u Reen dann awer ronderëmt eis verdeelt ginn.

Déi berechent Reequantitéiten

Fir eis e Bild iwwer d’Situatioun ze maache, vergläiche mir e puer Wiedermodellkaarten. Den amerikanesche GFS gesäit bis de Freiden inclus tëscht 4 an 10 l/m² Reen op eis duerkommen. Dat heescht also, dass dëse Modell domat rechent, dass eis d’Déif an och d’Nidderschléi esou wäit ëstlech passéieren, dass se eis net kënne geféierlech ginn.


D’Reequantitéiten dem GFS no | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Modell ECMWF gesäit déi ganz Geschicht méi wäit westlech a rechent besonnesch am äusserste Westen a Südweste vun Däitschland e Gebitt mat deels zolittem Reen, deen méi laang unhale kann. Dëst Gebitt géif sech och bis an den Oste vun Däitschland, a Richtung Thüringen, erstrecken. Vun der Nidderschlagsverdeelugn hier gesäit et esou aus, dass de Modell zu Lëtzebuerg mat tëscht 10 an ëm 35 l/m² rechent. Eng reenereg Phas, mee näischt wierklech warnrelevantes.


D’Reequantitéiten dem ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

Den däitschen ICON gesäit dat klengt Déif esou knapp ëstlech vu Lëtzebuerg, dass de ganze Reen an enger Schläif ëmmer erëm iwwer Lëtzebuerg géif gewirbelt ginn. Dëst wier dann eng potenziell warnrelevant Situatioun, sollte sech dës Berechnungen duerchsetzen. An Zuele schwätze mir vun tëscht 50 a punktuell 80 l/m², déi iwwert den Donneschden an de Freide verdeelt optriede kéinten.


D’Reequantitéiten dem ICON no | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE gesäit d’Situatioun änlech, mee just erëm e minimalt Stéck méi wäit ëstlech. Sou wieren Deeler vu Rheinland-Pfalz an och Nordrhein-Westfalen mat iwwer 60 l/m² beschäftegt, iwwerdeems mir et mat net wierklech warnrelevante Quantitéiten ze dinn hätten.


D’Reequantitéiten dem ARPEGE no | Grafik: wxcharts.com

De Fazit

Wéi et de Moment ausgesäit, sinn an der genannter Zäitspan méi kräfteg Nidderschléi, potenziell och méi laang unhalend, gutt méiglech. Well déi méi extrem Berechnungen iwwer Lëtzebuerg awer kenger Majoritéit entspriechen, kënne mir eis plazeweis a punktuell begrenzt zwar op gréisser Quantitéiten astellen, déi awer net onbedingt warnrelevant musse sinn. Eréischt dann, wann och déi aner Modeller op den Zuch vum z.B. dem ICON opsprangen, gi warnrelevant Zenarie méi warscheinlech. De Moment gesäit et awer net dono aus – an awer gëtt d’Situatioun am Aen gehal.