Reen-Tëschestand: Quantitéite vum Abrëll 2025 hu sech plazeweis normaliséiert

Et huet bis den 13. Abrëll gedauert, bis et mol lues a lues e bësse naass ginn ass. Ronderëmt de 16. Abrëll koum dunn endlech de relevante Reen, deen d’Drécheperiod bis ewell plazeweis gutt entschäerft huet.

Advertisement

Dräi Géigende kommen dem Normalwäert méi no

Et huet laang gedauert, bis sech an dësem Mount endlech mol relevant Reenzomme gewisen hunn. Statistesch gesinn ass den Abrëll mat 49,4 l/m² (gemooss un der Statioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel) souwisou den dréchenste Mount vum Joer – op d’mannst de Radardonnéeë no gouf dësen Duerchschnëttswäert elo plazeweis erreecht an esouguer iwwertraff. Déi Plazen, wou sech d’Situatioun an Tëschenzäit gutt erkritt huet, kann an dräi Géigenden agegrenzt ginn: De Nordoste vum Land, den äussere Westen an och ee Punkt am äusseren Osten (tendenziell méi op der däischter Säit).

Wat de Nordoste betrëfft, weisen d’Radardonnéeë vum Däitsche Wiederdéngscht DWD, dass am Beräich Houschter-Déckt iwwer Näidsen, Hëpperdang, Ëlwen a Wäisswampech bis ewell tëscht 40 an deels esouguer 57 l/m² erofkomm sinn. Am Weste vum Land stécht, ëmmer nach just wat d’Radardonnéeë betrëfft, d’Géigend knapp südlech vu Pärel an Holz eraus, wou et knapp iwwer 40 l/m² gereent huet. Déi drëtt Géigend fanne mir an der Gemeng Rouspert-Mompech mat och knapp 42 l/m², op däitscher Säit ass et minimal méi.

Manner wéi 30 l/m² huet et an enger Sträif gereent, déi sech vu Nidderkuer iwwer Esch-Uelzecht, Leideleng, Mamer, Simmer, Iewerléng, Biissen, Merscheed, Esch-Sauer bis kuerz viru Wëlwerwolz erstreckt.

D’Statiounen aus dem Météo Boulaide-Netz

An eisem Météo Boulaide-Statiounsnetz huet et bis ewell 43,8 l/m² un der Statioun zu Baschelt gereent, um Hareler Poteau sinn et 36,2 l/m². Doru gesäit een, dass et op klengstem Raum awer och zu nennenswäerten Ënnerscheeder kënnt. Un der Statioun vum Service National de la Jeunesse zu Huelmes sinn et bis ewell 39,2 l/m² an zu Ettelbréck um Site vum LTEtt 37,6 l/m². Hannendru kënnt de Lycée Robert Schuman an der Stad mat 35,8 l/m². D’Statioun vun der Nordstrooss Shopping Mile Marnach huet 31,8 l/m², allerdéngs kéinten d’Donnéeën hei liicht verfälscht sinn, well e Probleem um Sensor vermutt gëtt, dee muss behuewe ginn.

Wa mir vun der offizieller Referenz-Moyenne vum Findel ausginn, dann ass bis ewell u kenger vun eise Statiounen de Soll erreecht ginn. Déi eelst Statioun aus dem Netz ass déi vu Baschelt, se mësst zanter Enn 2011, dat éischt komplett Joer war 2012. Déi maximal méiglech Referenzperiod vun 10 Joer (2012 – 2022) beseet, dass et an der Gemeng Bauschelt an engem Abrëll duerchschnëttlech 35,8 l/m² reent. Dat heescht, dass Baschelt selwer an och eis neist Statioun um Hareler Poteau dëse Wäert schonn iwwertraff hunn.