Reen-Update: Naass Nuecht, Warnschwelle sollen awer just lokal erreecht ginn

Zwar ass eisersäits aktuell eng Virwarnung aktiv, an awer sollt fir déi nächst Stonne fir déi meescht Géigenden en “einfache” Wiederhiweis duergoen. D’Optioun op e lokaliséierten Upgrade op eng Warnung bleift awer bestoen.

Advertisement

D’Situatioun ass méi konkret ginn

Wéi am Update vu gëschter Owend matgedeelt, verlagert sech an de nächste Stonnen eng Déifdrockzon an eis Groussregioun. Dat doraus resultéierend Reegebitt soll de meeschte Modeller no och esou zimmlech genee iwwert eis ewechzéien, woubäi awer nach e puer Froen zu der Intensitéit bestoe bleiwen.

No der Aschätzung vun de Moien 10 Auer, aus där dann och aus Virsiichtsgrënn eng Virwarnung eisersäits resultéiert huet, besoen déi aktuellst Donnéeë vu 16:00 Auer, dass tëscht den Owend 18 Auer a muer de Mëtten (Samschden) 12 Auer tëscht 14,4 a 34,5 l/m² Reen vum Himmel komme sollen. Wa mir vun eiser fest definéierter Warnschwell vun 30 bis 50 l/m² innerhalb vu 24 Stonnen ausginn an se proportionell op 18 Stonnen erofbriechen, da komme mir op eng Schwell vun 22,5 bis 37,5 l/m², déi fir eng Warnung misst erreecht ginn. Doraus ergëtt sech momentan de Stand, dass déi mannst Géigenden am Land déi vun eis definéiert Warnschwelle sollten erreechen. Viraussiichtlech gräife mir op e landeswäite Wiederhiweis zréck, iwwerdeems wärend dem Event punktuell ëmmer nach kann op eng Warnung eropgestuuft ginn, falls néideg.


Wéi sech dat klengt Déif viraussiichtlech wäert iwwert eis ewechbeweegen | Animatioun: wxcharts.com

Dëst ka besonnesch dann de Fall ginn, wa sech iergendwou e méi kräftege Schluet oder och en Donnerwieder mat alagert. Dës kënnen dann dofir suergen, dass och an däitlech méi kuerzer Zäit signifikant Zommen zesummekomme kéinten. Ob a wou dat de Fall wäert sinn, kann aktuell awer kee soen – d’Potenzial fir op d’mannst punktuell Iwwerschwemmunge besteet awer. Eng Situatioun wéi virun eppes méi wéi enger Woch steet eis net un.

An einfache Wieder gesot: Meeschtens schéngt et tatsächlech just eng zimmlech naass Nuecht ze ginn, iwwerdeems nëmmen op de mannste Plazen eng Warnung ka fälleg ginn. Mir halen dat weider am Aen a reagéieren entspriechend per SkyWatch.