Reen-Update: Signaler ëmmer nach an de Kaarten, Wiedere net ausgeschloss

Wéi gëschter matgedeelt, ass erëm Reen um Horizont. Och de mëttlerweil neie Berechnunge no huet sech doru näischt geännert, vum Sonnden u gëtt et méi onbestänneg – inkl. dem Risk vu Schliet/Donnerwieder.

Advertisement

Eist Héich verlagert sech

Momentan leie mir nach ënnert dem Afloss vun engem Héich, wat sech mat engem Kär iwwert de britteschen Inselen ophält. Et dréit ëmmer nach zu enger sougenannter “Omega-Wiederlag” oder engem “Blocking Pattern” bäi, well et duerch Déifdrockgebitter u senge westlechen an ëstleche Flanken net wierklech bis nëmme lues vu Plaz kënnt. Vum Freiden un ass et awer esouwäit, dass sech d’Héich vun de britteschen Inselen aus a Richtung Südosteuropa verlagert a ronderëmt de Sonnden och doënnen ukënnt. Duerch dës Beweegung komme mir ënnert den Afloss vun déiwem Loftdrock, wéi en un der westlecher/südwestlecher Flank vun esou enger “Omega-Wiederlag” typesch ass.


Den aktuelle viraussiichtleche Verlaf laut dem europäesche Modell vum Sonnde bis e Mëttwoch | Animatioun: wxcharts.com

D’Modeller deiten ëmmer nach un, dass mir vun e Sonnden un ënnert eng fiicht a mëll Loftmass geroden, an där et vum Südweste vu Frankräich iwwer BeNeLux bis an Däitschland eran ëmmer erëm kann zu Schauere kommen – duerch déi instabil Loftmasse wieren och Donnerwieder mat punktuellem Staarkreen net ausgeschloss. Wou genee dës Schliet optrieden, ass awer nach net gewosst. D’Potenzial ass awer do. Den europäesche Modell ass, wat de Reen betrëfft, am optimisteschsten: Bis en Dënschden, 15. Abrëll inclus gi fir eis Géigenden tëscht 20 a 40 l/m² Reen ugedeit, deels driwwer. Kéim et zu dësen Zommen, da géifen dës awer vum Sonnden un optrieden, also an engem net all ze laangen Zäitraum. Fir déi selwecht Zäitspan gesäit den amerikanesche Modell tëscht 13 an 20 l/m² op eis duerkommen – et gëtt also definitiv nach Spillraum.

Wat de Rescht vun der Woch ugeet, also vum 16. bis den 21. Abrëll, ginn et och nach deels méi turbulent Berechnungen. Déi kucke mir eis den Owend an engem Video méi genee un.