Reequantitéiten: Gréisser Differenze bis de Freiden inclus

An de nächsten Deeg sinn op mannst op groussflächeger Basis keng gréisser Reequantitéiten ze erwaarden. Duerch eng Loftmassegrenz falen d’Quantitéiten haaptsächlech haut um Mëttwoch deels zimmlech ënnerschiddlech aus.

Haut am naassten

Eng Loftmassegrenz läit haut iwwer Mëtteleuropa a passéiert och Lëtzebuerg. Se beweegt sech schläifend a schéckt eis haaptsächlech haut am Laf vum Dag nach e puer Schauere laanscht. Op d’Period vun haut bis de spéidere Freidenowend gekuckt wäert et haut viraussiichtlech am naasste ginn.

Den amerikanesche Wiedermodell rechent mat tëscht 1 an 8 l/m², den europäesche Modell tëscht 1 an 11 l/m², de franséischen ARPEGE ass mat 2 bis 11 l/m² an de soss sou zréckhalenden däitschen ICON berechent 3 bis 13 l/m².

Mir gesinn, dass sech déi ausgesicht Modeller dës Kéier nawell zimmlech eenz sinn. Wat awer nach opfält ass, dass de “Spread” tëscht de Quantitéiten u sech zimmlech grouss sinn. Wouru läit dat?

De Verlaf vun de Nidderschléi bis de Freidenowend (ICON – wxcharts.com)

Déi genannt Loftmassegrenz passéiert och Lëtzebuerg, an dat nëmme schläifend. Dat resultéiert doran, dass Reen haaptsächlech iwwert dem nërdlechste Lëtzebuerg am warscheinlechsten ass. Och am Süde kann et wuel zu Schauere kommen, allerdéngs sinn am Norden déi héchst Reequantitéiten ze erwaarden.

Den Donneschde kann et nach bis mëttes dorëmmer naass ginn, ier et duerch sonneg Momenter a manner Wolleke méi frëndlech gëtt. Um Freide passéiert eis d’Kalfront vun engem Ex-Tropestuerm, duerch déi awer ëmmer nach keng groussräimeg gréisser Quantitéite fale sollten.