
Ale Rekord ëm 0,45 Grad getoppt
De 9. Februar 2020 hu brasilianesch Wëssenschafter un der Marambio- Basis op der Seymour- Insel eng Maximaltemperatur vun 20,75 Grad gemooss. Den ale Rekord louch bei 19,8 Grad a gouf deemols am Januar 1982 op der Signy- Insel opgestallt.
Réischt viru kuerzem konnt e Wäert gemooss ginn, dee sou nach ni ze gesi war: un der argentinescher Esperanza- Fuerschungsstatioun sinn de 6. Februar 18,3 Grad registréiert ginn.
Des Wäerter ginn demnächst nach vun der WMO (World Meteorological Organization) gepréift. Et huet sech awer op alle Fall a leschter Zäit erausgestallt, dass d’Temperatur, wat d’Moyenne ugeet, am antarktesche Raum zanter der virindustrieller Phas ëm 3 Grad an d’Luucht gaang ass. Et ass eng vun deene Plazen op der Äerd, wou d’Äerderwiermung am meeschten ze spiren ass.

