Rekorder ëm dat Duebelt an Dräifacht iwwertraff: Historesch Reenzommen iwwer Zentraleuropa

Obwuel et heiheem zimmlech roueg war, maachen eis ëstlech Nopeschlänner de Moment eng immens schwéier Zäit duerch. Dat laang ugekënnegt “Vb-Déif” huet fir historesch a katastrophal Reenzomme gesuergt. Mee wéi konnt et iwwerhaapt dozou kommen?

Advertisement

Groben Iwwerbléck jo, Eenzelheete stinn nach op

Obwuel et eis net betrëfft, koum een an de leschten Deeg net laanscht d’Nouvellen elaanscht, déi aus eisen ëstleche Nopeschlänner koumen. Kee Wonner: Op ville Plaze goufe sämtlech Reen-Rekorder geknackt, deelweis esouguer ëmt dat Dräifacht! Besonnesch uerg betraff sinn de Südweste vu Polen, Nidderéisträich an de Groussraum Wien. Zu Nidderéisträich gouf de Katastrophestand ausgeruff. Och an Tschechien ass vun engem Joerhonnerthéichwaasser d’Ried, mee net nëmmen an dëse Länner huet et vill gereent. A Rumänien sinn duerch d’Iwwerschwemmungen op d’mannst sechs Persoune gestuerwen. Wéi vill et am Endeffekt a Polen, Tschechien an Éisträich wäerte sinn, muss ofgewaart ginn. Déi definitiv Äntwerte komme wuel eréischt dann, wann d’Waasser bis ofgelaf ass – an dat ka nach e bëssen daueren.

Wat bis ewell iwwert d’Reenzomme gewosst ass

Well de Verdacht besteet, dass verschidde Miesstatiounen duerch déi immens Iwwerschwemmungen kéinte beschiedegt si sinn oder aus aneren zesummenhänkende Grënn hir Donnéeë net méi reegelméisseg konnten iwwermëttelen, ass dovun auszegoen, dass op d’mannst deelweis e Lach an den Donnéeë virläit. Eng Statioun, un där et méiglecherweis am allermeeschte gereent huet, ass d’Statioun zu Šerák (1.351 Meter iwwert dem Mieresspigel) an Tschechien. Leider mellt se zanter dem Sonndemoie näischt méi, mee bis dohi goufen 438,9 l/m² gemooss – an dat a 72 Stonnen! Duerch déi genannt Ëmstänn ass et also net komplett onméiglech, dass ëm déi 500 l/m² erofkomm sinn. Fir dat kuerz an Szen ze setzen: Zu Lëtzebuerg reent et, je no Regioun, tëscht 720 a bal 1000 l/m² an engem Joer! Wann een et op de Süde vu Lëtzebuerg bezitt, da sinn un dëser Statioun an Tschechien a just 72 Stonnen knapp 70% vum Nidderschlag erofkomm, deen heiheem an engem ganze Joer fällt.


D’Reenzommen aus de leschte 96 Stonne an Éisträich laut Geosphere Austria

Wat Éisträich betrëfft, huet de staatlechen Déngscht GeosphereAustria de Moien en Update zu de Reenzommen verëffentlecht, bezunn op déi vergaange 96 Stonnen: ZU Lilienfeld waren et 371 l/m², den ale Rekord läit bei 273 l/m² a gouf am Juli 1997 opgestallt. Zu St. Pölten huet et 361 l/m² gereent – domat gouf den ale Rekord aus dem Juni 2009 ëm méi wéi dat Duebelt iwwertraff. Änlech markant ass et fir Tulln, wou dës Kéier 358 l/m² vum Himmel koumen. Domat konnt den ale Rekord aus dem Mee 1967 ëm dat 2,5-facht iwwertraff ginn.

Nennenswäert ass och nach den Duerchfloss u Waassermassen: Un der Miessstatioun vu Korneuburg un der Donau, net wäit ewech vu Wien, fléissen zanter dem Sonndemëtten méi wéi 10 Millioune Liter Waasser duerch – an dat all Sekonn!

Ale Rekord ëmt dat Dräifacht geknackt

Immens zolitt ass de Rekord vun der Buchbergwarte. Den ale Rekord vun 106 l/m², deen am Mee 2014 opgestallt gouf, ass elo ëm méi wéi dat Dräifacht (x3,3) dovun iwwertraff ginn: An de leschte 96 Stonnen huet et un dëser Statioun 354 l/m² gereent. E neie Rekord gouf et och zu Lunz am See. Den ale Rekord geet op de September 2007 mat 297 l/m² zréck, dës Kéier waren et 343 l/m² – ëmmer nach markant, mee net esou extreem wéi déi aner Rekorder.

Wat Däitschland betrëfft, huet et, Stand gëschter Owend 23 Auer, um Marktschellenberg mat 261,5 l/m² am meeschte gereent. Hannendru kënnt Berchtesgraden/Jenner mat 227,7 l/m² an och Ruhpolding mat 218,5l/m². Dës Donnéeë sinn awer nach net komplett, well et aktuell ëmmer nach am reenen ass.

Net nëmmen de Reen huet Doudesaffer gefuerdert, mee och de Schnéi. Nodeems an den Alpen tëscht 1 an 2 Meter Neischnei gefall sinn, ass duerch eng Lawinn op d’mannst een Doudesaffer ze bekloen.

Immens schro Biller och aus Polen

Vill schro Biller kommen och aus dem Südweste vu Polen eran. Hei huet et mat 237,1 l/m² zu Stronie net grad esou vill gereent wéi op anere Plazen (mee ëmmer nach extreem), an awer hunn hei d’Waassermassen alles matgeholl, wat sech hinnen an de Wee gestallt huet.

Un der direkter Grenz zu Tschechien am Raum Bardo, Stara Bystrzyca, Nysa a Prudnik, ass/war et am schlëmmsten. Direkt zwee Dämm sinn an dëse Regioune gebrach: Den een am Raum Klodzko an den aneren zu Stronie Slaskie a Schlesien, wouduerch d’Waasser an e puer Minutten extreem konnt klammen.

Waarmt Mëttelmier verantwortlech

Viru genee enger Woch koum eisersäits den éischten ausféierlechen Artikel iwwert déi ustoend, potenziell katastrophal Situatioun. An dësem an och de weideren Updates an den Deeg drop hu mir ëmmer erëm erkläert, dass eng sougenannt “Vb-Wiederlag” fir dës Zenarien verantwortlech sinn. Wéi gesot, handelt et sech bei “Vb” einfach ëmt eng bestëmmt Lafbunn, déi en Déifdrockgebitt ka wanderen. Duerch dës ass et typesch, dass et zu grousse Reenzomme ka kommen – mee dës Kéier war d’Situatioun nach eng aner. An de leschte Wochen a Méint huet d’Mëttelmier nei Rekorder a Saache Waasseruewerflächentemperaturen erreecht. Wat d’Waasser méi waarm ass, wat och méi Waasser verdonscht. Global gesinn bedeit eng méi waarm Atmosphär och, dass méi Waasserdamp kann opgefaange ginn, wat zu enger ëmsou méi grousser Energie féiert. Et kann een also soen, dass ënnert de Konditiounen, wéi d’Welt se dëst Joer gesinn huet, dorënner och de Mëttelmierraum, e “Vb-Déif” dat schlechst war, wat am Mëttelmierraum konnt geschéien. D’Virgäng si reng Physik an et kann ee frou sinn, dass d’Wiedermodeller et schonn esou laang méi oder manner akkurat um Schierm haten. Dës Virbereedungszäit hat een beim Ahrtal-Onwieder deemools am Joer 2021 net – just e puer wéineg Quellen, inklusiv Météo Boulaide, hate schonn 4 bis 5 Deeg am Viraus op d’Gefor opmierksam gemaach.

Mëtteleuropa erlieft de Moment d’Folgen vun enger méi global duerchschnëttlech méi waarmer Welt, déi duerch de Klimawandel an de nächste Joren wäert fir weider schro Biller suergen.