Rescht vum Oktober: Iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen dominéieren

Een, deen dëse Mount nach op e signifikante Réckgang vun eisen Temperaturen hofft, gëtt mat enger gréisserer Warscheinlechkeet enttäuscht. Alles weist op en däitlech ze waarme Schluss hin.

Ënnert der Schlapp vum déiwe Loftdrock

Eng ganz Déifdrockzon blockéiert de Moment den Atlantik. Zur selwechter Zäit läit héije Loftdrock ëstlech vun eis, duerch deen mir stänneg iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen aus Afrika an och dem Mëttelmierraum an eis Géigenden transportéiert kréien.


Déi momentan Grousswiederlag | Grafik: wxcharts.com

Fir dass en Abroch vu kale Loftmasse méiglech gëtt, muss den Déifdrockafloss westlech vun eis verschwannen. Fir eng Wiederlag mat killen Temperaturen an esouguer enger Warscheinlechkeet fir Schnéiflacke bréichte mir eng nordwestlech Stréimung – dat duerch héije Loftdrock knapp südwestlech vun de britteschen Inselen an déiwe Loftdrock iwwert der Ostséi (just fir een vun e puer méigleche Beispiller ze nennen). Esou een Zenario gesinn d’Modellkaarten awer de Moment net, op mannst bis den 1. November. Déi südwestlech Stréimung schénge mir also och nach an de nächste Mount matzehuelen.

Wat bedeit dat elo konkret?

Mir hunn also elo schonn mol gekläert, dass déi wierklech kal Entwécklungen dëse Mount zimmlech onwarscheinlech sinn. Et geet also mat gréisserer Sécherheet waarm bis ze waarm fir d’Joreszäit virun. Wat d’Temperature fir de Rescht vun der momentaner Woch betrëfft, bleiwe mir am Dag bei Maximalwäerter vun tëscht 15 an 20 Grad. De Méinde starte mir viraussiichtlech mat Héchsttemperature vun tëscht 17 an 21 Grad an d’Woch eran, den Dënschden a Mëttwoch sollen erëm tëscht 16 an 20 Grad erreecht ginn. Bis Enn der Woch, also bis den 30. November, soll sech do net all ze vill drun änneren.


De Wiedermodell ECMWF mat enger immens mëller Léisung fir de 27. Oktober | Grafik: wxcharts.com

Dat sinn elo mol déi ongeféier Beräicher gewiescht, an deene sech d’Temperaturen ophale wäerten. Den europäeschen ECMWF gesäit fir de 27. Oktober beispillsweis awer och en Zenario, wou Maximaltemperature vun 23 Grad kéinten erreecht ginn. A gleeft een dem amerikanesche Modell GFS, da sollen de Méinden, 31. Oktober flächendeckend iwwer 20 Grad gemooss ginn. Well et awer natierlech esou laang bis dohin ass, sollt een dës Wäerter nach mat Virsiicht genéissen. Fest steet awer: bis den 1. November et geet mat ze héijen Temperature virun.