Saharastëbs kënnt zréck op Lëtzebuerg: Sougenannte “Bluttreen” méiglech

Mat der mëller bis waarmer Stréimung fir de Weekend kënnt och erëm Saharastëbs an eis Géigenden. Vun e Sonnden u kann et zu “Bluttreen” kommen – klengt méi spektakulär wéi et eigentlech ass.

Advertisement

Loftmassen aus Afrika ginn ugezapt

Zwar gëtt et bei eis ëm Welten net esou waarm wéi dohannen, an awer stamen eis Loftmassen de Weekend aus Afrika. Ze verdanken hu mir dat engem Déif, wat sech iwwert dem westlechen/südwestleche Frankräich wäert ophalen. Duerch seng Dréibeweegung géint d’Auer ginn d’Loftmasse vun doënnen opgeschëppt an an eis Géigenden transportéiert – mee mat hinnen awer och Stëbs/Sand aus der Sahara. Dëst ass en typeschen a natierleche Prozess, deen e puer mol am Joer virkënnt.


D’Wiederlag fir de Weekend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Dem SKIRON-Modell vun der National and Kapodistrian University of Athens no sinn d’Konzentratioune vum Stëbs awer net méi esou héich wéi fir den 21. Mäerz viru net all ze laanger Zäit: Deemools huet sech de Stëbs duerch de lokal gerénge Reen deels richteg gutt u Géigestänn siichtbar gemaach an doduerch och vill Dreck hannerlooss.


Déi viraussiichtlech Saharastëbs-Konzentratioun fir e Samschdenowend | Grafik: University of Athens

Dës Kéier ass mat Konzentratioune vun ëm 1900 mgr/m² ze rechnen, deemools waren et gutt 3500 mgr/m². Doduerch, dass de momentane Berechnunge no vum Sonnden un erëm Reen op Lëtzebuerg gezu kënnt, mëscht sech de Stëbs och erëm ënnert dës Drëpsen – do wou et reent, kënnt et zu däitlechen Ofdréck vu Stëbs/Sand – an awer manner markant wéi déi lescht Kéier. Medial gëtt dëse Phänomeen och nach gär “Bluttreen” genannt – wat awer vill méi interessant kléngt, wéi et wierklech ass.

Bis en Dënschde soll de Stëbs ganz fort sinn.