
Un der Loftmassegrenz, déi eis e Samschden usteet, klëmmt an de leschte Modell-Leef de Risk vun Donnerwieder mat markantem Staarkreen – an dat vu Frankräich iwwer Südost-BeNeLux bis eriwwer an Däitschland & Tschechien.
Advertisement
Wéi et dozou kënnt
An Tëschenzäit ginn fir eng éischt Kéier an dësem Joer Temperaturen um Niveau vun engem meteorologesche Summerdag gemooss – also Wäerter vun op d’mannst 25 Grad. Muer um Feierdag an och e Freide klëmmt den Thermometer nach weider, an dann ass Schluss: E Samschde komme vu Nordeuropa hier kill Loftmassen a Richtung Mëttel- a Westeuropa gezunn, déi op eis momentan waarm Loftmassen treffen.

Et forméiert sech eng Loftmassegrenz, un där op enger breeder Sträif de Risk vun Donnerwieder mat markantem Staarkreen an d’Luucht geet. D’Zon erstreckt sech viraussiichtlech vum äussere Nordweste vu Frankräich iwwert déi südlech an ëstlech Belsch, Lëtzebuerg, de Süde vu Nordrhein Westfalen, Rheinland-Pfalz, Saarland, Hessen, de Norde vu Bayern, Thüringen a Sachsen – woubäi d’Méiglechkeet vun de kräftegsten Intensitéiten tendenziell am Weste méi héich sollt sinn.
Méiglech Intensitéiten
Nach ass et net bekannt, wéi exakt d’Loftmassegrenz wäert verlafen. Fest steet, dass et an hirem Ëmfeld zu Schaueren a Wiedere kënnt. Eenzelner dovu kënne, Stand momentan, e warnrelevanten oder eventuell esouguer en onwiederaartege Charakter unhuelen, zumools duerch Staarkreen. Well d’Zelle viraussiichtlech net séier vu Plaz zéien, ass et lokal net onméiglech, dass a kuerzer Zäit tëscht 10 a 25, punktuell awer och 35 l/m² a kuerzer Zäit kënnen erofkommen – woubäi dann och d’Gefor vu punktuellen Iwwerschwemmunge géif bestoen. Je no Intensitéit vun de kräftegsten Zelle kënnen och Knëppelsteng net ausgeschloss ginn, de Risk vu Stuermstéiss ass awer net all ze héich.
An de nächsten Deeg verfollege mir weiderhi, wéi sech d’Situatioun entwéckelt – ob sech d’Loftmassegrenz am Endeffekt wierklech iwwert eis leet, oder se mat Chance hire markantsten Deel knapp nërdlech oder südlech vun eis bréngt. Et ass allefalls eng Saach, déi ee schonn mol fir de Weekend kann am Hannerkapp halen.