Muer erwaarden eis 31°C, ier dann um Owend eng Kalfront opkënnt. Un dëser kënnen deels kräfteg Donnerwieder mat Stuermstéiss optrieden – eng Saach, fir am Hannerkapp ze halen.
Advertisement
D’Situatioun
Gëschter hate mir et schonn an engem Artikel ugeschnidden: Duerch eng Kalfront, déi muer den Owend an eis Géigende gezu kënnt, klëmmt och den Donnerwiederrisk. Dës kéinten, wa mir Pech hunn, och mol méi kräfteg/zolidd ausfalen.
D’Kalfront läit am fréie Nomëtten iwwert dem Weste vu Frankräich an och der Belsch, wou schonn deels méi kräfteg Nidderschléi kënnen optrieden – déi éischt Donnerwieder kënnen och dobäi sinn. Se forméiere sech quasi direkt un der Kalfront selwer, wat a Frankräich awer e bëssen anescht ass. Virlafend vun der Kalfront ass domat ze rechnen, dass sech iwwert dem zentralen an och nërdleche Frankräich schonn méi fréi kënnen Donnerwieder forméieren. Dës profitéieren dann vun enger héichsummerlecher a fiichter Loftmass, déi och mat enger ausgepräägter Wandscherung Hand an Hand geet. Ënnert der Wandscherung versteet een de Changement vun der Wandvitesse & Richtung mat der Héicht an dréit dozou bäi, a wéifern sech en Donnerwieder kann “organiséieren”. Obwuel muer keng immens grouss potenziell Energie (CAPE) wäert opgebaut ginn, wäert d’Scherung e groussen Deel vun der Aarbécht maachen.
Dës Donnerwieder zéie viraussiichtlech vu Frankräich aus an de Weste vun Däitschland eran, domat wahrscheinlech och iwwert eis Groussregioun. Op hirem weidere Wee a Richtung Nordosten treffen dës ëmmer nach virlafend Donnerwieder iergendwann awer op d’Kalfront a gi vun hir “opgesaugt”. Wou genee dat wäert sinn, wees keen – op alle Fall awer iergendwou iwwert dem nërdlechen/nordwestlechen Däitschland. Och iwwer méi südlechen Deeler vu Frankräich si kräfteg Entwécklgunge méiglech, mee dat ass fir eis irrelevant.
Den ongeféiere Verlaf & méiglech Intensitéiten
Zu Lëtzebuerg wäert et laang daueren, bis mir eppes vum Changement mierken. Et ass laang richteg frëndlech duerch vill Sonn, dobäi gi Maximaltemperature vu bis zu 31°C erreecht. Et gëtt am Laf vum Dag awer schonn lues a lues méi schmeier, wat als éischten Indice op den Donnerwiederrisk ze interpretéieren ass. D’Modeller rechnen domat, dass iergendwann tëscht 17 a 19 Auer déi éischt Donnerwieder an eiser Groussregioun (Lëtzebuerg oder direkt Ëmgéigend) sollen opkräizen. Un dëse kéim et haaptsächlech zu Staarkreen, iwwerdeems grouss Zommen awer éischter eng Ausnam sinn. De Grond: Mir hunn et mat engem staarken Héichtewand ze dinn, wat dofir suergt, dass d’Zelle séier vu Plaz kommen. Bedingt duerch d’Scherung an och déi domat verbonnen potenziell besser Organisatioun vun den Zellen wieren ënnert de kräftegsten Dimmeren awer och Stuermstéiss a Knëppelsteng net ausgeschloss. Ënnert dëse kann de Wand Spëtzte vun tëscht 75 a 90 km/h erreechen, wann et blöd kënnt och 100 km/h. Sollt et zu Knëppelsteng kommen, dann haaptsächlech u superzelluläre Strukturen, déi muer och net onméiglech sinn.
Dës Donnerwieder trieden, wéi gesot, am Virfeld vun enger Kalfront op – dat a Form vun eenzelne Segmenter. Zwar gesinn aktuell Modeller, dass eis dës Segmenter sollen treffen, ganz definitiv ass dat awer nach net. Trotzdeem sollt een den Donnerwiederrisk fir muer den Owend beim Plange vun Aktivitéiten, wéi z.B. en Ausfluch op d’Fouer, mat aplangen.
Fir ofzeschléissen dierft nach ze soen, dass de Wand wärend dem Passage vun der Kalfront egal wéi wäert opfrëschen, och ouni Donnerwieder.