Samsdemoien: Fir e puer Stonne kann de Schnéi erëm luusse kommen

De Weekend iwwer fiert eist Wieder Achterbunn. An der Nuecht op de Samsde réckt vu Westen eng Kalfront a Richtung Lëtzebuerg, déi eis beim Passage kuerzzäiteg de Wanter erëmbréngt.

Grousswiederlag

An der Nuecht op de Freide passéiert eis vu West no Ost eng Kalfront, déi mat engem Déif nërdlech vun Dänemark zesummenhänkt. Iwwerdeems läit iwwert dem südleche Frankräich en Héichdrockgebitt, wat eis fir genee dëse Moment méi Fiichtegkeet zouspille wäert. D’Kombinatioun aus dem Zoufloss vu killen an gläichzäiteg fiichte Loftmasse féiert dozou, dass et kuerzzäiteg erëm zu méi wanterlechen Zenarie komme kann – haaptsächlech op de Koppen am Norde vum Land.


D’Grousswiederlag, déi fir déi kuerz Réckmeldung vum Wanter suerge wäert | Grafik: wxcharts.com

Oflaf

Um Freide selwer bleift et nach wäitgoend dréchen, och sonneg Momenter si mol nach dobäi. D’Temperature packen et am Laf vum Dag op Maximalwäerter vun tëscht 12 a 16 Grad, also zimmlech héich Temperature fir d’Joreszäit. Mam méi no réckle vun der ugeschwater Kalfront gëtt et am Laf vum spéidere Nomëtte schonn lues a lues méi wollekeg, ier eis d’Front dann an der Nuecht op de Samsden areeche soll. Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no sollen eis déi éischt Nidderschléi schonn um spéideren Owend areechen, den europäeschen ECMWF gesäit dëst awer eréischt an der zweeter Nuetshallschent op eis duerkommen. D’Temperature falen iwwerdeems an der Nordhallschent vum Land op tëscht 1 an 3 Grad, punktuell begrenzt och ganz op de Gefréierpunkt. An der Südhallschent ass et mat 2 bis 4 Grad mol erëm eng Kéier net grad esou kill – an d’Schnéiwarscheinlechkeet doduerch och manner héich.

Keng gréisser Quantitéiten

Trotz der Warscheinlechkeet vu méi wanterlechem Wieder hu mir awer keng wierklech relevant Schnéicouche ze erwaarden – et ass méi e Mix, mat deem mir et wäerten ze dinn hunn. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent wärend dem Passage vun der Kalfront mat enger maximaler Schnéihéicht vun tëscht 0,5 an 1 cm – dat op den héchste Koppe vum Land an och ganz am äusserste Norden. Den europäeschen ECMWF berechent och e bësselche Schnéi, mee wierklech och nëmmen een dënne Flom fir déi héchst Koppe vum Ländchen.


D’Schnéihéichte fir de Samsden, dem amerikanesche GFS no | Grafik: wxcharts.com

Den dënne Flom konzentréiert sech also, wann iwwerhaapt, just op déi héchst geleeë Plazen am Land – sou fir Géigenden, déi op ongeféier 480 Meter an driwwer leien. Meeschtens, global op Basis vum Land gekuckt, handelt et sech also meeschtens ëm Schnéireen a Reen. Egal ob geréngfügege Schnéifall oder net; duerch Nätzt déi fréiert kann et och op anere Plaze glat ginn, net nëmmen am Norden.

Schonn um Samsdenowend resp. um fréie Sonndemoien areechen eis erëm méi mëll Loftmasse vum Atlantik hier. D’Bunn ass fräi fir fréijoersméissegt Wieder mat Temperature vu bis zu 15 Grad an driwwer.