De Juli schéngt zu engem richtegen Donnerwieder-Mount ze ginn. D’Wiedermodeller gesi fir e Samsden déi nächst Donnerwiederlag, déi sech an eiser Groussregioun soll ofspillen.
Kalfront e Samsde kënnt net ganz ouni Kaméidi
Wéi am Bléck op de Weekend schonn beschwat, erwaart eis am Laf vum Samsden de Passage vun enger Kalfront. Ier dës Front duerchzitt sollen eis Temperaturen awer nach eng Kéier op tëscht 23 a 27 Grad klammen (lokal méi héich), iwwerdeems et och zimmlech schmeier ass. Nach virum Passage vun der Kalfront kënne sech de momentane Modeller no schonn déi éischt méi kräfteg Schaueren an Donnerwieder forméieren.
Ween ass betraff?
Well d’Land esou kleng ass, bezitt sech dës Donnerwiederlag erëm NET explizit op Lëtzebuerg, mee esou zimmlech de ganze Weste vun Däitschland mat Deeler vu BeNeLux & Frankräich. Eng ganz Rëtsch Modeller ass sech driwwer eenz, dass eis am Laf vum fréie Virmëtten/Virmëtte selwer schonn déi éischt Nidderschléi erwaarden. Deels méi kräfteg Schaueren oder en Donnerwieder sinn dann schonn net ganz ausgeschloss. Déi eigentlech Musek sollt dann awer vum spéidere Virmëtten/fréie Mëtten u spillen, wou sech dann iwwert der Belsch, dem Nordoste vu Frankräich an och iwwer Lëtzebuerg selwer kënnen e bësse méi verbreet (zwar ëmmer nach op lokaler Basis, mee awer mat enger méi héijer Frequenz) där méi kräfteg Schliet forméieren.
De ganze Virgang dauert bis an de spéidere Nomëtten/fréien Owend eran, ier sech d’Aktivitéit ëmmer méi wäit bei eis däitsch Noperen eriwwer verlagert.
Wéi eng Intensitéiten sinn ze erwaarden?
D’Donnerwiederenergie (CAPE) wäert deen Dag zwar net déi allerhéchst sinn, mee et ass ebe net déi eenzeg Zutat déi muss passen. Aner Parameter, wéi virun allem d’Wandscherung (Changement vun der Wandrichtung- a Vitesse mat der Héicht) ass gutt ausgepräägt, woubäi d’Virfeld vun der Kalfront an d’Kalfront selwer dofir suergt, dass guer net mol esou vill Energie néideg ass fir dass sech dës genannt méi kräfteg Zelle kënne forméieren.
Vun den Intensitéiten hier wier iwwert enger Fläch, déi sech iwwer BeNeLux, Nordostfrankräich & de Weste vun Däitschland zitt, mat punktuell méi zolitten Zellen ze rechnen. Duerch déi gutt Wandscherung wieren och Superzellen mat engem gréissere Risk fir Stuermstéiss & Knëppelsteng net ausgeschloss. Op déi ganz Fläch verdeelt wier och en eenzelnen Tornado net ausgeschloss. Mee wéi gesot: Dës Wiederlag bezitt sech NET speziell op Lëtzebuerg, mee op déi ganz genannt Fläch. Net all Géigend kritt en zolidd Donnerwieder ze gesinn, mee do wou se optriede kéint et alt erëm eng Kéier méi rabiat zougoen.
Vun haut den Owend un kommen och déi méi héichopléisend Lokalmodeller an d’Reechwäit vum Samsden. Muer ass also mat engem weideren Update (oder e puer) ze rechnen. Stay tuned.