D’Temperaturen hale sech de Moment zréck, wouduerch et eigentlech och zimmlech agréabel ass. E Samsden erreechen eis awer erëm schmeierwaarm Loftmassen, duerch déi am Nomëtten och de Risk vun Donnerwieder klëmmt. Eng Kalfront steet nämlech un.
Advertisement
D’Situatioun
Iwwerreschter vum Hurrikan ERNESTO sinn an dëser Nuecht iwwer Deeler vun Irland ewechgezunn, wéi gëschter an engem Artikel thematiséiert. Mir hunn awer och vun engem anere klenge Stuermdéif geschwat, wat sech als Randdéif wäert bemierkbar maachen an an der Nuecht op e Freiden iwwer gréisser Deeler vun de britteschen Inselen wäert ewechzéien. Dëst Déif suergt e Freide selwer un de Küste vun der Nordséi fir e Summerstuerm, och heiheem gëtt et lefteg. E separaten Artikel dozou kënnt nach. Fest steet: Duerch schonn zwee Stierm, déi iwwert de brittesche Raum ewechrauschen, mierke mir, dass den Atlantik de Moment vill iwwert eist Wieder heiheem ze soen huet.
D’Haaptdéif, un deenen déi Randdéifer (den Ex-Hurrikan esouwéi dat anert Déif) hänken, läit mat sengem Kär nëmme knapp südëstlech vun Island. Vum fréie Samsdemoien un erreecht d’Kalfront vun dësem groussen Déif de Weste vun Europa a packt et am spéidere Nomëtten och op Lëtzebuerg. Ier dat awer geschitt, suergt déi staark Stréimung vun dësem Déif a Kombinatioun mat héijem Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum esouwéi och den aneren Deeler vun Europa dofir, dass fir d’éischt mol nach waarm bis hëtzeg Loftmassen an eis Géigenden transportéiert ginn. Et ass also domat ze rechnen, dass et vum Samsdemëtten/Nomëtten un däitlech méi schmeier wäert ginn, iwwerdeems d’Temperaturen Héchstwäerter vun ëm 30°C wäerten erreechen.
Déi aktuell Détailer
Déi grob Zesummesetzung, déi dofir bäidréit, dass den Donnerwiederrisk klëmmt, wësse méi jo elo. Elo kucke mir eis un, wéi dat op enger méi klenger Skala ausgesäit – a glécklecherweis gesinn e puer vun den héichopgeléiste Lokalmodeller schonn bis dohin.
Dëse no ginn am Nomëtten Héchstwäerter vun tëscht 27 an 32°C erreecht, iwwerdeems den Taupunkt tëscht17 an 20°C leie wäert. Dëst ass zwar net grad esou markant wéi déi immens markant Wäerter vu leschter Woch, an awer huele mir dat als zimmlech schmeier Loftmass wouer – a gläichzäiteg ass et eben eng Zutat, déi zur Donnerwiederwarscheinlechkeet bäidréit. Vun der Instabilitéit, also dem CAPE (potenziell zur Verfügung stoend Energie) hier ginn tëscht 300 a 700 J/kg berechent, wat och bei wäitem net esou héich ass wéi bei den Onwieder vu leschter Woch. Deemools louchen d’Wäerter bei iwwer 3000 J/kg. E Parameter, deen de Modeller no awer besser ausgebild wäert sinn, ass d’Wandscherung (Ännerung vun der Wandrichtung- & Geschwindegkeet mat der Héicht) – dat op den ënneschte Loftfichten mee awer och méi héich. Do wou dës Zutaten zesummekommen, kann et also zu méi strukturéierte Formatioune kommen.
Mee wou ass dat?
Dat kann een haut, zwee Deeg virdrun, nach net genee soen. Dës Donnerwieder trieden un enger Kalfront op, a Form vu Segmenter. Déi eng Modeller gesinn eent esou e Segment genee iwwer Lëtzebuerg, déi aner méi iwwert dem Nordweste vun Däitschland a nach anerer éischter iwwer Frankräich, iwwerdeems et bei eis roueg bleift. Et muss een also nach e bëssen ofwaarden fir eng méi präzis Ugab zu de Géigenden. Do, wou eppes entsteet, kënnen awer Stuermstéiss vu 70 bis 90 km/h optrieden, deemno wéi och 110 km/h. An Zesummespill mat der Wandscherung si vun de Knëppelsteng hier Gréisste vun tëscht 1 an 2 cm méiglech. A Saache Reen sinn ënnert de kräftegste Kären bis zu 15 oder 20 l/m² a kuerzer Zäit net ausgeschloss.
Aktuellem Stand no géif d’Front net all ze vill “schläifen”, esoudass se am Verglach zur leschter Kéier zimmlech séier duerch wier. Eng stonnelaang Beschallung duerch Blëtz an Donner sollt also keng ze erwaarde sinn, well dës Kéier alles däitlech méi séier vu Plaz zitt.