Schleswig-Holstein & Niedersachsen: E Freiden hate sech 2 Tornadoe forméiert

De vergaangene Freide sinn an Däitschland zwee Tornadoen opgetrueden.

Titelbild: Thomas Heinrich

Niedersachsen

Zu Gevensleben a Niedersachsen huet sech de Freiden am Nomëtte géint 16:32 Auer en Tornado forméiert. Den Tornado, deen awer éischter eng schwaach Intensitéit opzeweisen hat, ass vun engem Donnerwieder ausgeléist ginn. En huet ongeféier 2 bis 3 Minutte gedauert an huet sech wärend der ganzer aktiver Zäit iwwert engem Feld opgehalen. Et ass kee nennenswäerte Schued ugeriicht ginn.

Schleswig-Holstein

Zu Kronsmoor am Bundesland Schleswig-Holstein huet sech de Freidenowend e weideren Tornado forméiert, dat an der Zäitspaan tëscht 17:48 a mindestens 17:51 Auer. Wéi et och an de Medie steet, ass den Tornado duerch d’Uertschaft gezunn an huet iwwerdeems och Schued ugeriicht. Aenzeie schwätze vun Deeler vun Diecher, déi duerch d’Loft gewirbelt goufen. Mindestens dräi Autoen, eng Roulotte an och dräi Haiser goufe vum Tornado getraff. Gemellt gouf och nache grousse Bam, deen op e Gebai gefall ass. Glécklecherweis ass kee Mënsch blesséiert ginn.

Méi Informatioune ginn et an der Tornadoliste Deutschland.