Schnéi a Stuerm zur Optioun: Vum 20. Dezember un gëtt et immens spannend

Bis ewell konnt ee just esou ongeféier soen, a wéi eng Richtung et geet. An Tëschenzäit zeechent sech an alle Modellrechnungen en änlecht Bild of, dat a Saache Schnéi esouwéi och Stuerm. Eng interessant Zäit steet un.

Advertisement

Advertisement

Den Jetstream iwwerhëlt d’Haaptroll, mee firwat?

Wéi d’Wieder fir de Rescht vum Joer 2023 virugeet, hänkt vun zwee Drockgebitter of. An de nächsten Deeg baut sech e markant Héichdrockgebitt iwwert den Azoren op, iwwerdeems sech e markanten Déifdrocksystem vun Island aus iwwer Skandinavien erstreckt. D’Héichdrockgebitt soll zäitweis e Kärdrock vu knapp iwwer 1040 hPa erreechen, iwwerdeems am Déifdrockkomplex och mol Käre mat manner wéi 970 hPa kënnen dobäi sinn. Dës immens Géigesätz probéiert d’Atmosphär auszegläichen, an dat geet just duerch Wand. An do kënnt den Jetstream an d’Spill.

Hei vergläiche mir den amerikaneschen an den europäesche Modell mateneen:

Kaarten: pivotalweather.com / Edit: Météo Boulaide

Den Jetstream ass e Band aus staarkem Wand, deen op enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer seng Kreeser zitt. E gëtt haaptsächlech duerch Drock- an Temperaturënnerscheeder ugedriwwen, a genee dëst geschitt och bei dëser Wiederlag. D’Positioun gëtt vun de Modeller zwar nach ënnerschiddlech gerechent, d’Situatioun ass awer déi selwecht: Den Jetstream soll mat enger héijer Vitesse (deels ëm 300 km/h) tëscht dem groussen Héich an dem Déifdrockkomplex verlafen. Dëse Kanal, deen entsteet, fungéiert dann als Strooss, déi vu weidere klengen Déifdrockgebitter ka genotzt ginn – heescht: Et schwätzt fir eng immens variabel Westwiederlag.

Schnéifall trotz Westwiederlag? Wéi ass dat méiglech?

Fänke mir mat der Thematik vum Schnéi un. Wéi Dir wësst, bréichte mir am beschten eng nordwestlech bis hin zu nordëstlech Stréimung, fir dass et erëm zu nennenswäertem Schnéi zu Lëtzebuerg kënnt. Dëst gëtt ëmmer gesot, well déi meescht nohalteg wanterlech Situatiounen ënnert dëse Stréimungsmusteren entstinn. Mee et muss net ëmmer esou sinn, fir dass sech de Schnéi bei eis weist.


E perfekt Beispill fir eng kal Récksäit fanne mir de Moment fir den 22. Dezember, berechent vum europäesche Modell | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Wa sech dës vum Jetstream geschafen Déifdrockstrooss iwwert eis leet, da jot een Déif nom aneren iwwert eis ewech. Déifdrockgebitter dréine géint d’Auer – an duerch dës Beweegung géifen op der Récksäit vun dësen Déifdrockgebitter ëmmer erëm kuerzzäiteg wanterlech Loftmassen aus dem Nordwesten/Norden ugezapt ginn. Sinn dës Loftmasse kill a fiicht genuch, da kann et ënner Ëmstänn ëmmer dann, wann en Déif quasi schonn duerch ass, fir e puer Stonnen fir wanterlech Konditiounen duergoen. Et ass also keng nohalteg Léisung déi fir eis a Saache wäiss Chrëschtdeeg a Fro kënnt, mee eng temporär/variabel.

A wéi ass dat mam Stuerm?

Och wann dat mam Schnéi also an enger gewësser Aart a Weis ëmmer nach en Thema ka ginn, si stiermesch Zenarien ëmmer nach en Tick méi warscheinlech. Wéi gesot ka sech, deemno wéi genee den Jetstream sech am Endeffekt iwwer Mëtteleuropa leet, eng Strooss forméieren, duerch déi ëmmer erëm nei Déifdrockgebitter/Randdéifer an eis Géigende kënne kommen. Doduerch geet och de Risk dovun an d’Luucht, dass eis dat engt oder anert Stuermfeld erwëscht.


Beispill vun engem méigleche Stuermfeld ronderëmt den 21. Dezember laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den amerikanesche Wiedermodell rechent vum 21. Dezember un ëmmer erëm mat méi stiermesche Phasen. Well d’Datumer no all Berechnung erëm bëssen anescht ausfalen, bréngt et elo nach näischt, ganz genee drop anzegoen. Op alle Fall geet et vu lëfteg mat ëm déi 60 km/h bis deemno wéi esouguer an de schwéiere Stuermberäich vu bis zu 100 km/h. Den europäesche Modell rechent mam selwechte Muster (schonn vum 20. Dezember un), mee och erëm mat aneren Datumer. Esoubal sech d’Situatioun weider konkretiséiert, da kënne mir och dat mat den zäitlechen Agrenzungen méi genee ënnert d’Lupp huelen.