Schnéi an der neier Woch: Esou gesinn d’Modeller d’Situatioun fir Lëtzebuerg

De Wanter mellt sech an der neier Woch zréck, dat och mat Schnéi. De momentane Stand iwwer d’Entwécklungen an de nächsten Deeg fannt Dir an dësem Artikel.

Advertisement

Changement ass drop an drun

Et ass schonn mol däitlech méi wollekeg ginn. De nächste Schratt ass d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi, déi an d’Luucht geet – an dat wäert haut um Sonnde schonn lues a lues de Fall sinn. Méi groussflächeg Nidderschléi hu mir awer méi vun der neier Woch un ze erwaarden, duerch déi niddereg Temperature wäert dëst och a Form vu Schnéi geschéien. Wéi ëmmer stellt sech awer d’Fro, a wat fir enger Form Lëtzebuerg wäert betraff sinn a wéi vill Schnéi bei eis erofkomme kann.

Déi allgemeng Iwwersiicht zur Grousswiederlag

Ier mir an den Détail ginn, musse mir erausfanne mat wat fir enger Grousswiederlag mir et eigentlech ze di kréien. Ufanks der neier Woch kënnt vum Norde vun de britteschen Inselen hier en Déif a Richtung Nordséi gezunn. Dëst Déif entwéckelt sech e Méindenowend zimmlech séier zu engem Orkandéif, wat bis e Mëttwoch mat sengem Kär an de skandinavesche Raum wäert virunzéien. Dëst Déif ass zesumme mat senger Beweegung dofir verantwortlech, dass kill an och fiicht Loftmassen de Wee op Mëtteleuropa fannen. Dëst suergt net nëmme fir Stuerm iwwer Deeler vum Kontinent, mee och Schnéi an eise Géigenden. Wat de Wand betrëfft gesi mir eis an engem separaten Artikel erëm.

De Schnéi-Stand fir eis Géigenden

Mir wëssen also elo, firwat et zu dësem Wiederchangement kënnt a firwat et erëm zu Schnéischauere komme kann. Elo kucke mir, wat d’Modeller dann fir eis heiheem zu Lëtzebuerg um Plang stoen hunn.

GFS


De Verlaf vun der wanterlecher Period laut GFS | Animatioun: wxcharts.com

Fänke mir mam amerikanesche Modell un: Nodeems am Laf vum Sonndenowend schonn eng kleng Warscheinlechkeet fir Geflacks besteet, geet et de Méinde nach ouni gréisser Ännerunge virun. En Dënschde kënnt um spéideren Owend eng Front aus Nordwesten eragezunn, déi eis Schnéifall bréngt. Dëse Schnéifall soll sech, zwar mat Ënnerbriechungen, bis an de Mëttwochmëtten eran halen. Eng weider spannend Situatioun géif duerch e weidert klengt Déifdrockgebitt ustoen, wat en Donneschde knapp südlech u Lëtzebuerg soll laanschtzéien. Op mannst dësem Modell no kéint et do op ee Neits zu méi kräftege Schnéischauere kommen.

ECMWF


De Verlaf vun der wanterlecher Period laut ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Modell gesäit fir de Sonndenowend & e Méinden och e puer kleng Chancen op Flacken, mee d’Haaptgeschéie geet eréischt den Dënschden un – doriwwer si sech d’Modeller alleguerten eenz. Dëse Modell gesäit e bësse méi fréi um Dënschdenowend schonn d’Front ukommen, dat mat méissegem bis hin zu méi kräftegem Schnéifall. Genee wéi beim GFS soll d’Warscheinlechkeet bis e Mëttwochmëtte bleiwen. Wéi de GFS och schonn gesäit den europäesche Modell och dat klengt Déif, wat an der Nuecht op den Donneschde südlech soll un eis laanschtzéien – mam Ënnerscheed, dass den intensivsten Deel eis net erreeche géif.

ICON


De Verlaf vun der wanterlecher Period laut ICON | Animatioun: wxcharts.com

Den däitsche Modell gesäit fir den Dënschdenowend och d’Schnéifront op eis duerkommen, mee dat zimmlech zréckhalend. Haaptsächlech op de Koppe kéim Schnéi erof, iwwerdeems déi aner Géigenden éischter Schnéireen oder och just Reen ze erwaarden hätten. Eréischt fir de Mëttwochmoie gesäit dëse Modell eng massiv Schnéifront aus Frankräich eropgezu kommen – wat déi aner Modeller net esou wierklech um Schierm hunn.

ARPEGE


De Verlaf vun der wanterlecher Period laut ARPEGE | Animatioun: wxcharts.com

De franséische Modell ARPEGE gesäit fir en Dënschde nach net wierklech eng Schnéifront, et wier méi eréischt um Mëttwochmoie wou e Pak Schnéi aus Frankräich op Lëtzebuerg eropgezu kéim – wat definitiv Änlechkeete mat de Berechnunge vum däitsche Modell huet.

Wéi gesäit et mat de Schnéihéichten aus?

Mir hu jo elo gesinn, dass déi ausgesicht Modeller all op eng gewëss Aart a Weis hir Schnéi-Momenter hunn. Wéi vill soll dann elo erofkommen? Hei e Beispill vum momentane Stand (05.03.2023 – 01:30) bis e Mëttwoch 15:00 Auer.

Nordhallschent

  • GFS: 0 bis 3 cm
  • ECMWF: 5 bis 14 cm
  • ICON: 2 bis 6 cm
  • ARPEGE: 4 bis 6 cm

Moyenne: 2,75 – 7,25 cm

Südhallschent

  • GFS: 0 bis 1 cm
  • ECMWF: 2 bis 5 cm
  • ICON: 0 bis 1 cm
  • ARPEGE: 2 bis 4 cm

Moyenne: 1 bis 2,75 cm

Fazit

Tëscht de Modeller ginn et nach genuch Differenzen, an awer gesinn se all op mannst e klenge Comeback vum Schnéi op eis duerkommen. Weider Updates esouwéi och den definitiven Update erwaarden Iech e Méinden an den Dënschden.