Schnéi-Ausbléck: Modeller gesinn vum Sonnden un Chance op kuerze Comeback

An de leschten Deeg war et just kuerz op de Koppe mol dofir duergaangen, dass et e bësse geschneit huet resp. Schnéireen erofkomm ass. Elo hunn d’Modeller awer eng interessant Iddi fir déi nächst Zäit.

Advertisement

Amerikaneschen & europäesche Modell mat selwechter Iddi

Wichteg ass: D’Grousswiederlag wäert net änneren, mee mir géifen de momentane Modellrechnunge no just ënnert eng typesch Schwankung vum Stréimungsbild geroden. Zur Erënnerung: De Moment hu mir den Jetstream quasi genee iwwert eis leien, duerch deen kuerzzäiteg en Déif esou wäit südlech duerchzéie kéint, dass fir e kuerzen Zäitofschnëtt erëm däitlech méi kill Loftmasse mat Nidderschléi an eis Géigende kënne geschleidert ginn.

Et ass awer nach Virsiicht gebueden, well dës Iddi eréischt zanter zwee Modell-Leef esou ugewise gëtt. Et soll awer weisen, dass d’Chancen trotz de gréisstendeels mëllen Temperature net null sinn.

De méigleche Verlaf

Bis e Samsde soll de Modeller GFS an ECMWF no nach net all ze vill änneren. E Sonnden dann gesäit den europäeschen ECMWF zwee Déifdrockkären, déi sech iwwer d’Nordséi ewechbeweegen an um fréie Méindemoien Dänemark erreechen. Zur selwechter Zäit soll sech vun de britteschen Inselen aus e Randdéif verdéiwen, wat an de Weste vu Frankräich eragezu kënnt a sech bis an de spéideren Dënschdenowend eran an den Oste vun Däitschland un d’Grenz zu Polen verlagert. Dëst géif kuerzzäiteg de Wee fräimaache fir fiicht, mee och kill genuch Loftmassen. Et wier also erëm mat Schnéifall ze rechnen, an dat net nëmmen op de Koppen. Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit eng änlech Léisung, just mat engem méi nërdlechen Trajectoire vum Randdéif. D’Stréimung wier awer staark genuch, dass déi kal Loftmasse wäit an de Süde virstousse kënnen.


Den amerikanesche GFS mat engem potenziell méi décke Schnéi-Batz um Méinden | Grafik: wxcharts.com

Huele mir un et kéim alles esou, dann hätte mir et vum Sonndenowend un mat der Warscheinlechkeet vu Schnéischaueren ze dinn. Den amerikanesche GFS rechent fir de Méindenowend esouguer mat enger ganzer Schnéifront aus Westen, hannert där och nach bis den Donneschde weider Schnéischauere kéinte nokommen. Den europäeschen ECMWF gesäit zwar keng Schnéifront fir de Méinden, mee e puer Schnéischaueren. Interessant wier dann virun allem dat ugeschwatent Randdéif, wat besonnesch vun dësem Modell gutt betount gëtt. Et géif, well et esouwäit südlech zitt, u sénger viichter Säit vum fréien Dënschdemoie bis an de Nomëtten eran en décke Batz Schnéi op BeNeLux bréngen mat nofolgenden eenzelne Schnéischauere bis an den Donneschden eran.


Den europäeschen ECMWF mat engem potenziell méi décke Schnéi-Batz um Dënschden | Grafik: wxcharts.com

Dir mierkt: Déi zwee Modeller gesinn also vum Sonndenowend bis den Donneschde vun der nächster Woch d’Chance vu Schnéischaueren oder och méi kräftege Schnéifäll, just ënner zwee verschiddenen Ëmstänn. Et sinn op alle Fall spannend Kaarten, well se och mat engem stramme Wand verbonne wieren. Et kéint also, sollt sech dat alles confirméieren, zimmlech interessant fir eise Stroosseverkéier ginn. Météo Boulaide hält Iech um Lafenden!