Schnéi-Comeback: Den Update um Mëttwochowend

Gudden Owend. E ganzen Dag ass vergaangen, bei de Wiedermodeller ass esou lues amgaange sech alles anzependlen. Dëst ass de neiste Stand.

Wat geschitt?

An der Nuecht op den Donneschde beweegt sech en Déifdrockgebitt vun der Nordséi hier a Richtung BeNeLux. An der Nuecht op de Freide soll dëst Déif mat sengem Kär méi oder manner iwwer Lëtzebuerg leien an eis esou déi kal Loft zréckbréngen, déi fir liicht wanterlech Konditioune suerge kann. Den éischte Kontakt mat Nidderschléi, déi als Flacken erofkomme kënne, soll et verschiddene Modeller no schonn um Donneschdemëtte ginn – en zweeten dann am Laf vum Freiden, well do d’Récksäit vum Déif op eis duerkënnt. Wat d’Quantitéiten ugeet huet sech zanter der Iwwerraschung vu gëschter esou munches geännert.

D’Quantitéiten aus de neiste Modeller

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent fir muer nëmme nach mat geréngfügege Schnéiquantitéiten an ass nach mat tëscht 0 an 2 cm dobäi, dat meescht soll op de Koppen erofkommen. Bis de Freidenowend sollen et iwwerall just nach näischt bis héchstens nach ëm 1,5 cm op den héchste Koppe sinn. Bis de Sonnde soll weiderhin alles no a no erëm verschwannen. Den europäeschen ECMWF ass nach e bësse méi optimistesch ënnerwee a gesäit um spéideren Donneschdenowend eng Schnéiquantitéit vun tëscht 1 an 2,5 cm op den héchste Koppe vum Land, also op Plazen déi op 500 Meter an driwwer leien. Bis de Freidenowend sollen do nach eng Kéier déi selwecht Quantitéite kënnen dobäikommen, iwwerdeems op de méi nidderëge Plaze näischt bis hin zu engem dënne Flom net onméiglech ass. Iwwert de Weekend soll erëm alles no a no verschwannen.


D’Schnéihéichte wéi se vum amerikanesche GFS berechent ginn | Grafik: wxcharts.com

Mir maache mat enger däitlech méi pessimistescher Berechnung virun, nämlech där vum däitschen ICON: dëse gesäit néierens eng Schnéicouche, bis op de Samsdemoien – do soll et ganz punktuell minimal ugezockert sinn, mee näischt, wat een eng Schnéicouche nenne kann. Den däitsche Modell ICON gesäit um Donneschdenowend just e minimale Flom op den héchste Koppen, deen sech wärend dem Freiden op tëscht 3 a 6 cm erweidere soll. Iwwert de Weekend wier et dann erëm ze waarm, et ass also mat engem Réckgang ze rechnen.

Fazit

Alles an allem mierke mir, dass d’Quantitéiten an e Beräich zréckgerëtscht sinn, déi méi verstänneg sinn wéi dat, wat mir gëschter gesinn hunn. Op den héchste Koppe vum Land wëll ech dohier net ausschléissen, dass et fir e puer wéineg Zentimeter, eventuell bis zu 2,5 cm, kann duergoen (op an iwwer 500 Meter). Alles wat drënner läit wäert zwar zäitweis mol Flacke gesinn, mee vun enger Schnéicouche hier si mir meeschtens bei näischt ënnerwee. Déi eenzeg Chance op eng minimal Couche, e Flom, kann et vun 450 Meter u ginn.

Egal wou Dir sidd, dës Situatioun geet séier eriwwer. An der nächster Woch gëtt et vill ze waarm fir Schnéi.