Vum Mëttwochmoie bis an de fréie Nomëtten eran ass erëm mat e puer Schnéischaueren ze rechnen. Deels trieden dës och nach wärend dem moientleche Beruffsverkéier op.
Schnéidéif dofir verantwortlech
An der Nuecht op de Mëttwoch kënnt en Déifdrockgebitt vun der Nordséi hier eragezunn a wandert vun Holland & Däitschland aus a Richtung Polen an duerno Ostséi. Iwwer groussen Deeler vun Däitschland schneit et, deels och méi staark.
Zu Lëtzebuerg kréie mir och e bëssen eppes vun dësem Nidderschlag of, d’Quantitéite sollte sech awer a Grenzen halen.
De Verlaf
An der éischter Nuetshallschent ginn d’Temperaturen op tëscht -2 a lokal -5 Grad zréck, ier se sech an der zweeter Hallschent bei tëscht -2 a 0 Grad apendlen. Et gëtt e bëssen ënnerschiddlech berechent, mee iergendwann tëscht 2 a 5 Auer triede vu Westen hier lues a lues déi éischt Nidderschléi op. Duerch déi niddereg Temperature geschitt dat meeschtens a Form vu Schnéi. Iwwert de Virmëtten soll sech net all ze vill dorun änneren, ier et dann vum Mëtten/fréie Nomëtten u méi dréche gëtt. Am Nomëtten erreechen d’Temperaturen 0 bis 3 Grad – dat bësse wat gefall ass, an och dat wat nach aus de leschten Deeg läit, verschwënnt weiderhi lues a lues. Eis steet also keng immens grouss Situatioun un – et sinn einfach e puer Schnéischaueren, déi deels e bësse méi kräfteg kéinten ausfalen.
Mee wat kënnt zesummen?
Och wann et zäitweis méi staark ka schneien, bleift net all ze vill dovu leien. Hei e puer Modeller mat hire Quantitéite bis an de Mëttwochnomëtten-/Owend eran:
Nordhallschent
- GFS: 0 – 0,5 cm
- ECMWF: 0 – 1,5 cm
- ICON-EU: 0 – 1,5 cm
- ARPEGE: 0 – 1 cm
Moyenne: 0 – 1,13 cm
Südhallschent
- GFS: 0 – 2 cm
- ECMWF: 0 – 1,5 cm
- ICON-EU: 0 – 0,5 cm
- ARPEGE: 0 – 2 cm
Moyenne: 0 – 1,5 cm
De Fazit
Dir gesitt: Dat wat erofkënnt, ass quasi net der Ried wäert. Mee denkt drun: Och wa net vill soll leie bleiwe, besteet trotzdeem de Risk vu glate Stroossen. Well dëse Schnéi deels nach wärend dem Beruffsverkéier Moies soll falen, soll zousätzlech opgepasst ginn.