Schnéi, Schnéireen a Glëtz: Esou kéint de Méindenowend an d’Nuecht op den Dënschde verlafen

Um Méindenowend resp. an der Nuecht op den Dënschden ass fir d’éischt Kéier dës Saison e wanterleche Wiedermix méiglech.

Flacken op de Koppen am warscheinlechsten

Wéi schonn ugekënnegt, zitt tëscht dem Méindenowend an dem fréien Dënschdemoien en Déifausleefer vun der Nordséi hier iwwer Dänemark an duerno mat sengem Kär iwwer d’Mëtt vun Däitschland bis ganz an de Süden. Iwwerdeems gi net nëmme polar Loftmassen op Lëtzebuerg geschëppt, mee d’Warscheinlechkeet vun den éischte Schnéiflacke vun der Saison geet an d’Luucht. Wéi déi aktuell Modeller et gesinn, bestinn déi bescht Chancen vun den éischte Flacken op deene Koppen am Norden, déi op iwwer ~420/450 Meter leien. Drënner kënnt et warscheinlech just zu eenzelne Flacken a Form vu Schnéireen, mee och de Glëtz kann en Thema ginn. Mee lo mol der Rei no.

Info: Dës Informatioune baséieren op den Donnéeë vum Sonndemoien, 29. November 2020 um 03:00 Auer. Och wann d’Prognosen elo méi konkret sinn, besti nach gewëss Onsécherheeten. Dir gitt weiderhin um Lafende gehalen.

Ier et esouwäit ass, leien d’Temperaturen um Méindemëtte nach bei Wäerter vun tëscht 2 a 4 Grad. Am Laf vum Nomëtte ginn d’Wäerter ëmmer weider erof, et gëtt mat tëscht -1 an 3 Grad däitlech méi kill. D’Modeller rechnen dem aktuelle Stand no (29.11.2020 – 02:40 Auer) domat, dass déi besot Front um Méindenowend tëscht 20 an 22 Auer bei eis ukomme soll. Zu dësem Zäitpunkt sollen d’Temperature groussflächeg am Beräich vum Gefréierpunkt leien. D’Front kënnt aus nordwestleche Richtungen hier eragezunn, soudass et d’Koppen fir d’éischt dovu betraff sinn. Kënnt et wéi de Moment gerechent, kënnt et dem “pessimisteschen” Zenario no héchstens zu Schnéireen. Gleeft een awer de Berechnungen vum däitschen ICON an och dem franséischen ARPEGE, déi och nozevollzéie sinn, dann wier op den héchste Koppe vum Land definitiv mat Flacken ze rechnen. Ob a wéi vill dovun awer leie bleiwe kann, dat wees een eréischt kuerz virdrun. Iwwerdeems d’Front weider a Richtung Südosten zitt a lues awer sécher dat ganzt Land iwwerzitt, sollen d’Temperaturen am Beräich vum Gefréierpunkt bleiwen. Tëscht -1 an 3 Grad wäerte viraussiichtlech dann gemooss ginn. All déi Géigenden, déi sech net zu den héchste Koppen zielen, hunn meeschtens just Reen oder Schnéireen ze erwaarden. Duerch Buedemfrascht dréit et awer trotzdeem zu wanterleche Konditiounen a Form vu glate Stroossen ze kommen. Um Dënschdemoie géint 6 Auer soll d’Front duerch sinn, hannendru kënne just nach e puer vereenzelt Nidderschléi optrieden.


Den Duerchgang vun der Front dem ARPEGE no | Animatioun: wxcharts.com

Et besteet d’Gefor vu Glëtz

Iwwerdeems déi héichopléisend Modeller wéi den ARPEGE an och den ICON méi mat enger Mëschung aus Reen, Schnéireen a Schnéiflacke rechent, rechnen den europäeschen ECMWF an och de GFS mat engem net ze ënnerschätzende Risk vu Glëtz. Hei ass kuerz erkläert, wéi dat zustane komme kann:

Wann een d’Beispill vum Méindenowend/Dënschdemoien hëlt, dann hu mir d’Situatioun, dass d’Temperature virum antreffe vun der Front am ganze Land viraussiichtlech bei ëmt de Gefréierpunkt leie sollen. Tëscht -1 an 3 Grad sinn ze erwaarden. Et ass soumat plazeweis schonn fraschteg bei eis. Wann d’Front bei eis ukënnt, ass et an enger Héicht vun 1,5 km iwwert eise Käpp viraussiichtlech méi waarm wéi bei eis hei ënnen. Dat kann dann doran resultéieren, dass de Nidderschlag virdéischt vu nach méi wäit uewe, wou et méi kill ass, duerch dës méi mëll Schicht op 1,5 km fält, do kuerz erëm entdeet an zu Reen gëtt. De Reen fält weider a kënnt iergendwann hei ënne bei eis un, wou d’Temperaturen awer, wéi gesot, bei viraussiichtlech tëscht -1 an 3 Grad leien. De Buedem soll dobäi och méi kill wéi 0 Grad sinn. Wärend de leschten 1,5 Kilometer, deen de Nidderschlag ze falen huet, kann et sinn, dass net genuch Zäit do ass, dass dësen erëm zu Schnéi gëtt. Sou ass et also méiglech, dass de Nidderschlag als Reen bei eis hei ënnen ukënnt an dann um ënnerkillte Buedem oder u soss Géigestänn fréiere kann. Eng Rutschpartie ass net auszeschléissen. Dës Grafik soll dëst nach eng Kéier verdäitlechen:


D’Entstéiung vu Glëtz schematesch duergestallt | Grafik: unwetterzentrale.de