No den éischte méi kräftege Schnéischaueren op de Koppe kënnt kuerz no Mëtternuecht eng Front mat kräftegem Schnéifall eragezunn, déi besonnesch am héije Nordwesten, laanscht déi direkt Grenz zur Belsch, och mol däitlech méi wéi 5 cm ka bréngen.
Advertisement
Eng Schnéifront ass ze erwaarden
Wéi och schonn gëschter betount, erreecht eis am Laf vum spéideren Owend resp. der Nuecht e méi kräftegt Nidderschlagsgebitt. Wärend dësem Passage, deen tendenziell méi kuerz no Mëtternuecht soll stattfanne, leien d’Temperaturen op de meeschte Plazen am Norden/Nordweste bei ëm 0 Grad. Am Rescht vum Land wäerten et 1 bis 2 Grad sinn. Géint 2 Auer soll d’Schnéifallgrenz tëscht 300 a 450 Meter leien, géint 3 Auer ka se ganz kuerz op bis zu 250 Meter zréckgoen. Heescht: D’Schnéiflacke wäerte sech warscheinlech net nëmmen op d’Koppen am Norde begrenzen.
Wichteg ze wëssen ass awer, dass Schnéifall net onbedingt och eng Schnéicouche ze bedeiten huet. Zwar sinn am Guttland glat Stroosse méiglech, mee dem momentane Stand no gëtt a Saache Schnéi net vill méi wéi héchstens en dënne Flom berechent, wann iwwerhaapt. Eréischt a Richtung Norden/Koppe gëtt et ëmmer méi interessant.
Tëscht 4 a 7 Auer klëmmt d’Schnéifallgrenz däitlech, ëmmer méi handelt et sech esouguer am Norde just nach ëm Schnéireen. D’Front selwer soll och géint 7 Auer aus dem Land eraus sinn, duerno komme nach e puer eenzel Schauere no.
Relevant Schnéihéichten op de Koppe méiglech
Aktuellem Stand no hu mir duerch d’Nidderschléi an der Nuecht bis muer de Moie fréi op de Koppe vun iwwer 400/450 Meter eng Schnéicouche vun tëscht 1 a 5 cm ze erwaarden, eng kleng Ausnam mat e bësse méi ass awer net onméiglech. Nach méi wäit a Richtung Nordwesten ass d’Warscheinlechkeet dovun awer erhéicht, aktuell héichopléisend Modeller berechnen tëscht 5 a 9 cm, déi sollen erofkommen. Besonnesch betraff wieren déi direkt Grenzgéigenden zur Belsch, inklusiv awer och der Nordspëtzt mam Raum Hëpperdang a Géidgen ganz do uewen. Hei leie vill Plazen op iwwer 500 Meter.
Wärend dem Schnéifall ass de Wand zwar manner kräfteg ënnerwee wéi am Dag, hëlt géint 4 Auer awer erëm liicht zou. Mat Spëtzte vun tëscht 30 a 45 km/h kéinte sech op dëse Plazen och mol Schnéiwicken (Schneeverwehungen) entwécklen. Aktuell sinn an eisem SkyWatch fir dräi verschidden Zonnen Hiweiser aktiv – mee esoubal d’Modeller an och d’Radarbiller eng ganz kloer Sprooch schwätzen, steet och eng Wiederwarnung zur Optioun.
Wat bis ewell opgetrueden ass
Bis ewell koum et duerch d’Land verdeelt zu enger Partie Schaueren, iwwerdeems sech d’Sonn och dotëscht gewisen huet. Besonnesch a Richtung Norden, wou et, wéi och am Artikel vu gëschter betount, schonn däitlech méi kal ass, konnte sech déi éischt Schnéischauere weisen. Duerch eng instabil atmosphäresch Schichtung konnten och rar Wanterdonnerwieder optrieden, déi Knëppelsteng a stramm Wandstéiss vu 65 km/h produzéiert hunn.
An Tëschenzäit leien d’Temperaturen op der Nordspëtzt bei tëscht knapp ënner 0 an 1 Grad, soss si mir nach bei 1 bis 3 Grad am Rescht vun der Nordhallschent. De Rescht vum Land huet et nach mat 2 bis knapp 5 Grad ze dinn, mee och do wäerten d’Temperaturen an de nächste Stonnen ëmmer weider zréckgoen. Dat bedeit och, dass d’Schnéifallgrenz zréckgeet.